Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Hoen

Hoen ass en 1424 awunnerräichen Uert an enger Géigend, déi fréier nët fir Lëtzebuerg mä fir Arel "d'Stad" gesot huet. Et läit um Bord vun der 49 km laanger Äisch. Verstäerkt mat der Koolerbaach leeft si laanscht siwe Schlässer an invitéiert ënnerwee Passanten dem Waasser nozekucke bis d’Stréimung hir Suerge matzitt bis an d’Mier. Et ass di éischt Uertschaft um CR 110 no der éischter Ofzweigung vun der N6 gläich hannerëm Wandhaff. – Net wëssenschaftlech ofgeséchert ass d’Trouvaille :’d’ausklengend Mëttelalter nennt de Flouernumm Hagen en niddregen ‘Erdwall mit Pfählen, oft durch Weidengeflecht verbunden, um ein Gehöft vor Eindringlingen zu schützen und das Fortlaufen des Viehs zu verhindern.’ Heiandsdo war och ‘lebendes Buschwerk’ vun Heckerousen dofir do. An engem Hagen soutz et sech ‘behaglech’, mä bei Stéierunge gouf et ‘onbehaglech’’!

Hoen läit net wäit vun deem Stréch an deen ewell ganz fréi Schmelze koumen. Däers Eisen-Ierz, dat een heirëmmer kuerbeleweis rafe konnt, gouf sécher ewell kareweis vun relativ héich entweckelte Keltestämm a Kaulen zesummegetippt a geschmolt. (A. Atten) Fonnte Mënzen no hat ëm 400 no Christus eis d'Géigend gallo-réimesch Bewunner. Bis d’Joer Dausend fënnt sech wéineg iwwer d’Duerf z’erzielen. Wahrscheinlech hu sech d'Häre vu Koler a Stierpenech an dësem Streech d'Herrschaft gedeelt. A vläicht waren och déi Käercher hei Besëtzer an hunn de Leit wéineg Attentioun geschenkt. Ënnert den Häre vun Elter-Stierpenech bloufen déi dräi Dierfer d’meeschten Zäit en Trio. D'Nidderelter-Schlass louch déi Säit vun der aktueller Grenz an d'Porkiirch vu Stierpenech och. D'kierchlech Rechter louchen eng Weil deels bei de Kaercher an deels am Märjendall, d’Klouschter hat laang Zäit do seng 5/7. Am 15. Joerhonnert, an de Burgunnerkricher ware grausam Joeren an Hexeprozesser heefeg. Ënner de strengen Häre vun Elter soutzen d’Leit hei nët op Rousen. Méi verréit den Alain Atten um Web-Site zur Stengeforter Lokalgeschicht - beispillsweis och eng Bilanz vun der Simmerschmelz vun 1811: fir 1.000 Kilo Goss waren 3.300 Kilo Ierz, 1.200 Kilo Holzkuelen an 300 Kilo Kalleksteen néideg (...Ierz, dee vun Hoen, Stengefort an ë.a. vu Koler koum.) A fir dëst Resultat z’erreechen hunn hei ëmmer 2, 3 Ierzwäscher a grad souvill Fouerleit mat Päerd geschafft an deen noe Schmelzuewe beliwwert, an dat zäitweileg ouni Loun.

D’Gemeng Stengefort hat en deels vergiessent Duerf, dat no an no an Hoen opgoung an Randeleng, oder Randlingen housch. Un seng al Hieff erënnert nach e Stroossennumm. En Extrait vun der Ferraris Kaart N°224 weist d’Lokalitéite Steinfort, Sterpenich, Hagen a (Klein-)Bettingen: Dës haten Offizéiers-Schüler ganz vun Hand réaliséiert. Där geologescher Opzeechung hir ‘vocation exclusivement militaire’ huet di strategesch wichtegst Elementer wéi Flëss, Brécken a Huelweeër retracéiert. D‘Superposéiere vum Comte de Ferraris senger Kartographie mat aktuellen topographesche Kaarten léisst erkennen, dass tëscht 1771-78 minutiös geschafft gouf, well d'grouss Stroossenachsen an Duerfzentren stëmmen exakt iwwereneen. - Am vu Frankräich annektéierten an ëmgedeeften Département des Forêts, 1795, gouf d’Landkaart verännert a Betten, Hoen an de Grashaff koumen an déi nei Gemeng Elter. (Stengefort gouf kuerz Haaptuert vun engem neie Kanton, bis 1796, an no 3 Joer dann eng Gemeng mat deenen dräi just genannten an mat Stierpenech bis 1839. Dëst ass haut d’éischt Sortie hanner der wallounesch-belscher Grenz vun der A4. - Di kleng franséisch Gemeng Hoen läit an der Lorraine déisäit vun Helleng a war 1681 eng Dependance vum ‘marquisat de Rodemack’. Hagen an Nordrhein-Westfalen hat 2013 als 41gréisst däitsch Stad gegollen.

D'Hoen'er Kierch mat de stilvolle Fënstercadren gehéiert zum Porverband Äischdall an Dekanat Käerch. Se gouf 1871 no Pläng vum Charles Arendt gebaut (als Erweiderung vun enger 1843 zur Parkierch erhuewener Antonius-Kapell.) Dës misst identesch si mam Bau deen 1852 e Subsid vun 200 fr. krut 'pour ameublement de l'église' - an deem säin ursprénglechen a baufällege Kierchtuerm aus Holz bis 1864 stoung. (Deemools koum och de Kierfech aus dem Entourage vun der Kierch un de Rand vum Duerf.) No hirem Ëmbau ugangs de 1950ger krut d‘Kierch en neien Altor an Antik-Glasornament-Fënstren. (Den Edm. de la Fontaine an d’Buch 'Bestiaire d’Ardenne' (vum Baaschtnecher 'Musée en Piconrue') ernimmen Hoen als Uert mat traditioneller Kënnbake-stee. (Sous-entendu ass de Kierchepatréiner den Antonius, de Klausener mam Schwäin.) - Den Thomas Carlyle hat Musek onofhängeg vun all Kult als “Sprooch vun den Engele“ bezeechent an de gudde Rot notéiert "lebe tätig, lebe weise". D’Initiative vun der Chorale Hoen-Klengbetten vun 1997 eng CD mat 22 Versioune vum 'Vater Unser' opzehuelen sollt dee Rot suivéieren.

P.S. Net ze vergiessen ‘Hoen’ soën d'Éisleker gängeg fir Hecken. An Kierfecher viru béise Geeschter schützen sollt emol d’Hag aus Pellëm oder Taxus! (D'germanescht ’haga(z)’ (Ëmzäunung) hat wahrscheinlech de Flouernumm Hagen inspiréiert.) Ob hei emol opfälleg däreg Sträich wi Wäissdar (Hagedorn), Spakelter (Hagebutte) a verwuessen Hobichen (Hage- oder Hainbuche) ofgeholzte Plaze geschützt haten? Haag huet als Familjenumm am Elsass, der Lorraine, wéi an der Belsch iwwregens och de ’sens de haie'. - Een 'Hagen' trëtt als heldenhaft Wagner-Figur op d’Bühn vun der Götterdämmerung an erdrénkt schlussendlech an den Déifte vum Rhäin... Am "Tischlein deck dich"–Film (v. 2008) erfënnt den ongescheckte Schneidergesell Max fir de „beleibten und betuchten Bürger Hagen passende Beinkleider mit neuartigem Latz!" D'Moral' vum Mäerche gefällt sécher allen Hoen'er: Dee Jong verkierpert Mënschen, déi iwwer sech 'rauswuesse kënnen! - Last not least eng Krichserënnerung: Mëtt Dezember 1944 hu spannend Momenter op engem Niewewee a Richtung Hoen nuets e Schmunzele provozéiert: do hate  verdächteg Geräischer eng Patrull op Sträif erschreckt, an een frot "Wien ass do? Hei ass d‘Bettener Miliz!" D’spëttesch Äentwert "An hei ass d’Hoen‘er Arméi..." (A. Hausmann)