Grondhaff
Wahrscheinlech wëssen di mannst, dass de Grondhaff zu dräi verschiddene Gemengen zielt. D’kleng Uertschaft um Zesummefloss vu schwaarzer Iernz a Sauer huet muunch historesch Fakten opweises. Zur Gemeng Waldbëlleg gehéiert d’Schlass vun de fréiere Schmelzhären de Villers tëscht Iernz an Halerbaach (mat 11 Leit.) Zur Bäerdrefer zielen d’Haiser an den Hotel riets vun der Schwaarzer Iernz mat 15 Leit - an zur Beforter d’Haiser vis-à-vis mat 44 Awunner.) Virum Wiener Kongress gouf et hei iwwer 1000 Joer eng gemeinsam Geschicht mat den Noper déisäit der Sauer. Bei Onrouen goungen Iechternacher Äbt 1453 an hir no Fluchtbuerg op Bollendorf. Bréiwer vum Abt Bertels goufen ëm 1601 aus dem Château St. Willibrord fortgeschéckt. (schreift d‘Burg Chronik.) Haaptthema vum Ausonius Buch ass d’“Musellidd“, mä d’Sauer ass doran net vergiess. Duerch d’Waasser vun ë. a. der Prüm, der Our a ville klengen Baache gestäerkt fläisst dee ‘fürwahr edle Strom’ Sura sech mat der Musel vereent ‘unbekannt im Meer zu münden.’
Bei där haut verschwonnener Mechelskierch um Réimerwee tëscht Bäerdref a Grondhaff verstoppe sech gallo-réimesch Ruinen. An de laangen Nuechte vum Mëttelalter hunn Eenzeler sech als Deel vun der Gesellschaft net als Individuum‘ gefillt. D'Vugelsmillen un der schwaarzer ‘Erenz’ war 1528 zougehéireg zum Oerener Irmine-Klouschter. Se housch fréier ‘Berdorfer‘ - oder "Grondmillen". (1906 huet de Grof de Villers hir Gebaier kaaft. Se sollt dann an den 1930er verfalen an eng Zäit duerno verschwannen - mä hir Fëllementer sinn nach z’erkennen an d‘Plaz dréit weider hiren Numm. De Site vun der 1798 gebauten Neimillen hëllt haut en Autohaus an. Mä zréck an d’Dierfchen ir et 1815 e Grenzuert gouf! Um Grondhaff, waren 1610 en Herr Jehan als Landwirt ernimmt a 1624 en Haff. Bekanntlech weist ‘Hof oder hofen’ op "höfisch Siedlung” hinn. ‘Grondhär’ bedeit Groussgrondbesetzer… (an niewebäi gesot si ‘Grondmouke’ Persounen di gär am Gaard schaffen.) D’Ferme de Grundhof gouf 1863 mat 60 Ha vun hirem Proprietair dem Comte de Villers vum noe Schlass Bur verlount, hiren haitege Besëtzer, de Baron de Schorlemer, exploitéiert se selwer; an ‘t gesäit een keng Mëllechkou méi do weeden, mä 200 schwaarz Angus Ranner op 200 ha. (Quell, 2009)
Bauren a Geleeënheetsaarbechter haten tëscht 1778 an 1846 hei duerch en Eisewierk mat zwee Héichiewen en zousätzleche ‘gagne-pain’…( se sollten zäitweileg Kanounen hiirstellen.) D'Usine de Grundhof goung 1787 un de Baron Jean-Théodore-Guillaume de Tornaco de Vervoz an no him un säin Edem de Comte Hyacinthe Liedekerck de Maastricht. (Dëst si just zwee vun hire spéidere Besëtzer oder Locatairen ir den Auguste Metz-Laeis d’Schmelz 1845 gelount an och d‘Eecher Forge gegrënnt hat.) No 10 Joer sollt d’lëtzebuerger Eisenindustrie ronn 2.000 Aarbechter ernähren an dem Land jäerlech dräi Millioune Frang abrengen. (‘Wächter an der Sauer‘ 22.12.1855.) De Business vum Erz ass eng Geschicht fir sech, an zimmlech speziell war tëscht 1904 an 1948 déi 7,37 km laang Zuchstreck Grondhaff-Déiljen-Befort. Wéins hiren dräi Spatzkéieren huet d’Lokomotiv den Zuch ofwiesselnd gezunn oder gedréckt! Persounenzich hu 30 Minutte gebraucht (mat 20 Stonnekilometer), Gidderzich sinn au Besoin gefuer a mat maximaler Vitesse vu 15 km (bei knapps 200 m Héichtendifferenz). De Grondhaff hat en Uschloss un d’Sauerligne, d.h. op Ettelbréck an Iechternach. Seng lokal Gare gouf am Mee 1991 klasséiert als ‘Heritage culturel.’ Ob een do nach vill Grëschele fënnt? Esou heesche lokal laut Engelmann um Grondhaff deck Kréischelen!
D‘Awunnerzuel vum laanggestreckten Uert am enken Dall louch Enn Januar 2017 bei 70 Leit. Dem 1856 zu Bur gebuerene Grof Lamoral de Villers-Boch säin herrschaftlecht Schlass vum Grondhaff entstoung tëscht 1908 an 1911 um Gebitt vun der Sektioun Haler. D’schmock drun ugebaute Kapell huet Wandmolereie vum Nik. Brücher, en Duxall an eng Entrée fir sech. D’Remise fir der Herrschaft hir Autoen huet en dekorative bewunnbaren Tuerm. De Grof mam ale westfäleschen Adelsnumm war 1929 Matbegrënner vun der Stater ZentraImolkerei. (déi no 10 Joer 15.231 kg Kachkéis a 26.668 kg Wäisse Kéis produzéiert hat.) Hie krut 1939 d’Iddi am Hang vum Michelsfléierchen e Kräiz ze stëften als Erënnerung un d’fréier Mechelskierch. (Dës stoung fir dräi Dierfer ronderëm, hat zum Irmine-Klouschter Oeren gehéiert, war allerdengs an de 1750ger baufälleg.) D’haut verwittert stenge Kräiz, d’dräi Lanne vum Baron an den herrlechen Naturpark ronderëm suggeréieren de Gedanken, dass sech aus Ästhetik a Konscht Kraaft schäffe léisst. (L. Hoffmann) Der Schlassherrschaft hir monumental Kapell um Beforter Kierfech sollt laang als Morgue dengen. (Deels aus mëndlechen Temoignagen)
P.S. Um Grondhaff entstoungen zimmlech fréih gaaschtfrëndlech Hoteler an der Beforterstrooss; deen op Nr. 1 gouf 1902 gegrëndt, schreift Gastronomie a Wellness grouss, deen op Nr. 2, en Hotel-Restaurant de charme, proposéiert gutt Mäifel an e. a. flott verlängert Weekender. Eng Bellwald-Postkaart vun ca. 1905 portraitéiert dës Entrée vum Mëllerdall mam éischtgenannten, an ë.a. engem Päerd, dat d'Bamstämm ofschleeft. Säit 1959 zitt den offizielle lokale Camping vill Frënn vun der klenger Schwäiz un. Fortgezunn war do allerdéngs am Mee 1920 d’28 jäeregt Maria Roeder mat Destinatioun Chicago. (Hatt huet do den Lewis E. Kirkeby bestued, gouf Marion geruff a krut 100 Joer.) (F. Gardini, ‘US Doughboys & Damsels from Luxembourg.’)