Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Grentzen

De kierzte Wee op Grentzen féiert iwwer Colmar-Bierg. Et läit ronn 2 km virun Ettelbréck lenks vun der Uelzecht an um Rand vun der ‘Nordstad’. Dëser hiren Territoire reecht bis op Bettenduerf a soll sech als ‘capitale du nord’ profiléieren duerch eng besonnesch Liewensqualitéit. Landkaarten weisen a sengem Ëmfeld d’Ousterbaach, de Mederhaff, de Karelshaff an d’Schlass Biertreng. Zwee vu sengem Grapp voll Haiser sinn als bewunnt ugemeld. Se hunn 8 Leit, de Code Postal L-7758 a sinn iwwer den CR345 un de Verkéier ugebonnen. Enger erstaunlecher Klima-Beschreiwung no huet eist Grentzen ‘un climat océanique chaud avec une pluviométrie importante.’ D‘franséisch Lokalitéit mam selwechten Numm, e ‘village fleuri’ am Elsass, kritt vun der Klimaklassifikatioun Köppen-Geiger e ‘climat tempéré chaud‘ zougeschriwwen... an Dikrech zum Vergläich duerchschnëttlech waarm a modéréiert Temperaturen.

D‘Dierfche war fréier ofhängeg vun der Abtei Iechternach. D‘Zeechnung vum Jean Bertels ‘dee Freed drun hat‚ di klengste Klengekeeten iwwer seng Zäit ze notéieren’ (P. Spang) weist d‘ländlecht Nopeschduerf Ettelbrucken am Joer 1597. Drësseg Joer duerno hat de Wilhelm Bernard vu Gondersdorf dem spuenesche Kinnek Philip IV. 6.000 Gulden bezuelt fir d’Hougeriicht iwwer 74 Haiser vun Ierpeldeng, Grenzen, Birtreng, an ë. a. Cruchten, Colmar Bierg a Welsduerf. De 24. Juni 1627 hunn d’betraffe Leit zu Ierpeldeng trotz Protest vum Markvogt den Eed op den neien Här misse leeschten. (Dëse sollt dann 1630 d‘neit Ierpeldenger Renaissance-Schlass mat enger zweeter Rengmauer bauen, obwuel et keng militäresch Valeur hat.) - D‘Ferraris-Kaart veréiwegt Graentzingen vis-à-vis vun Niderschyren an östlech vum no him benannte grousse Bësch. Ee vun sengen dräi rouden Diech huet eng impressionnant Gréisst. Kleng ofgeleeen Haisergruppen sti selten a Statistiken, den Dictionnaire géographique vun 1838 nennt just d‘global Gemengen-Zuelen. (Den Engelmann schreift Grenzen oder Grènzen a «Grenzingen» ouni t.) Am Krich waren do, um Mederhaff an op aneren isoléierten Hieff ronderëm Jonge verstoppt. D‘no Baronsbréck iwwer d’Uelzecht bei d’1775 gebauten haitegt Biertrenger Schlass gouf an der Rundstedtoffensive zerstéiert. (Säi Besëtzer a Co-seigneur vun ë.a. Schieren, Grentzen, Grousskampen a Betzder, de Gaspard-Florent de Breiderbach, hat e Stad-Haus an der Waassergaass. (R. Bour)

Fréier gouf heefeg a kleng Gotteshaiser gepilgert. Dat Grentzener staamt aus dem Joer 1773 a koum 1803 bei d’Por Ettelbréck (a Biertreng gouf aus dëser an d‘Schierener Por versat). D'kleng Consolatrix-Kapell mam räichverschaffte Portal koum den 2. Mäerz 2018 op d'Lëscht vun de klasséierten Nationalmonumenter. S‘ass op engem Timber vun 1990-’91 aus der Serie Kapellen (mat ë.a. der Kaunerefer Përmeskapell) duergestallt. Ufanks war se d'Privatkapell vun engem Jesuitepater vun Dikrech, nodeems de Poopst Klemens XIV. deen Uerden opgeléist hat. (Duerno gouf se Besëtz vun de Biertrenger Schlasshären. 1985 huet d' Baroness de Broqueville de Bau, deen a kengem gudden Zoustand war, mat der Gemeng Ettelbréck géint Lännereie getosch. No senger Renovatioun gouf de Raum am September 1987 vum Bëschof Jean Hengen nei geweit. Ass et do ganz roueg an rouen d’Felder… passt dem Lex Jacobi seng Zeil ‘am Wegrand singt der Klatschmohn sein rotes Lied und die Kornblumen summen kleine blaue Psalmen.’ - Bei der Grentzener Kapell huet sech nom Krich d’Jugend getraff. ’t war do kaum Passage. Mä ‘t koumen heefeg Besucher mat Blummen dohinn. De Piechter vum Haff vis-à-vis huet sech regelméisseg ëm d’Kapell gekëmmert. (Si an d’Haffgutt ware jo emol de Barongen de Blochhausen an de Broqueville hir Propriétéit. (Dëst erkläert d’grousst Gutt vun der Ferraris-Kaart.)

D’Landschaft lénks vun der Uelzecht verdéngt et tëscht Birtreng an Ettelbréck integral konservéiert ze gi wéinst hirem ‘Patrimoine Architectural et Arborescent.’ (Fr. Erasmy) Eng Lëscht vu Beem hält Eenzelbeem mat hire Coordinate fest. (E Quercus sp. vu Grentzen dréit do d’Nummer 74395.) An der Mëtt vum leschte Jorhonnert sinn zu Grentzen 5 Eechen opgefall säitlech vum Wee Bierg/Ettelbréck. 2002 beschreift d’Buch ‘Arbres remarquables’ hir Geschicht. Dem Carlo Hemmer säi Wanderbuch (vun 1974) beschreift e Radtour ‘über die besinnnliche, schmale, verkehrsstille Strasse, die im Tal der Alzette am Schlosspark von Colmar-Berg vorbei zwischen der Toussaint-Mühle und dem Birtringer Schloss hindurch über Grentzingen duerch den Lärchen nach Ettelbrück führt’ als Genoss! Hie bedauert do awer de Verloscht vun engem Naturdenkmal, enger uraler ‘knorreger’ Eech an déi de Blëtz geschloen hat! Eng Zweet sollt dann eng Dréchend net iwwerliewen. - Am Virwuert vum Vic. Fischbach sengem Krimi ‘Mord in Grentzingen’ verflecht hien Hannergrondwëssen iwwer seng Schierener Heemechtsregioun mat fiktiven Aventuren. Dës Geschicht ëm kurdesch Leit op der Sich no enger (heemlecher) Gebietsplaz huet en tragescht Enn. De Buchdeckel weist d’Kapell a Flamen.

P.S. D’Symboler vum Ettelbrécker Wôpe weisen dat typescht vun der Gemeng. Dëst sinn d’Bréck, den Hermes-Staf fir den Handel an d’Gaarwe fir d’Agrikultur. Erklärungen zum Numm Grentzen si vague. (Grenze ass aal-slawesch; e bëssen ähnlech kléngt granzeg, wat dem Engelmann no hei altemol gebraucht gouf fir sandeg oder käereg. Méiglecherweis gouf do emol Octroi (Grant!) opgehuewen oder ‘t war do e besonnesche Grenzsteen. Seng Grenz iwwerschratt hat do am Februar heefeg en Huesendéif! Eng Zeidongsnotiz vum 17. 02. 1909 meld ënner de Faits divers, dass zwee Fieschtren zu Grenzingen e bekannte Wëlderer ulackele wollte mat engem opgehaangenen Hieschen - mä dëse gouf spontan ‘von einem vorübergehenden Arbeiter weggemopst’. Well deen awer net de Strécksetzer war, gouf e protokolléiert wéinst Déifstall! (Histolux.lu). Zum Uertsnumm nach en al-iresche Wonsch, deen iwwerall gëllt ‘Mögen die Grenzen, an die du stößt, einen Weg für deine Träume offen lassen.'