Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Grooljen

Grooljen heescht di gréisst vun de siwen Uertschaften aus der Gemeng Pëtscht. 2001 hat et 132 Awunner, statistesch gekuckt 69 Fraen an 63 Männer. Am Summer 2015 zielt et allerdengs gutt honnert Leit méi. D’nërdlech Regioun vum Grand-Duché leid also kengesfalls ënner enger ‘Landflucht’. (1848 hat Lëtzebuerg nieft der Haaptstad nëmme sechs Stied an d’kleng Lokalitét Grooljen just 91 Leit, Weiller 141 an ‘t gouf am Laf vun der Zäit wéineg intern Migratioun. - D’Duerf läit op 480m a wéi d’Gemeng an hir 42,8 % grouss Bëschfläch am Naturpark Our. Säi Kierchtiermchen ass mat Schifer agekleed. Dem Éislek seng geologesch Formatioun gëtt bekanntlech och "Rhäinesche Schifer" genannt. Preziséiere mer zur Orthographie, dass "Éisléck" mat ck bis 1999 richteg war, mä haut mat k, wéi Musek a Kinnek geschriwwe gëtt (mam Argument, dass di éischt Silb betount ass!)

An offiziellen Akte war ‘Graildingen’ fir d’éischt 1319 mentionnéiert an dann ënner dem Numm Gradlingen am Joer 1506. Dem kuerz drop a Flanderen gebuerne "Vater der Geografie" Gerardus Mercator seng intressant Kaart "Trier und Luxemburg" weist wuel 1585 kee Gralingen a Pütscheid un, awer beispillsweis ‘Esch Im Lach, Stolzberg, Viande a Waltbillich’. Grooljen ënnerstoung laang den Häre vu Branebuerg, an d’Ëmgéigend deels deene vu Veianen a Stolzebuerg. An der Geschicht vun der ‘seigneurie de La Grange’ - d.h. op enger vun “432 Billiounen Internet-Säiten” (e Chiffer vum 24.08.15) dauchen zwou Vogteien ‘à Eisenbach et une vouerie à Gralingen-lez-Brandenbourg’ op! Beim ‘Ëmsortéire’ vun de Gemenge koum d’Duerf 1795 zur Gemeng Laaschent an huet do den éischte Maire an säin Adjoint gestallt. 1843 koum et dann zu Pëtscht. En en 10,6 km laange Circuit pédestre féiert laanscht d’Grooljer Kierch duerch d’Vallée de la "Blees", déi aus de Sauerwise vu Wuelessen-Déckt erofleeft a bitt, do wou kee Bësch ass, dem Bléck an der Kamera e wäiten Horizont. ‘Sou al sinn wéi de Wee vu Kralingen (Gralingen, Cralingen) op Roum’ bezitt sech allerdéngs op en Duerf a Südholland. Hei dréit eng al So ëm de mysteriéise «Stëmmche vu Grooljen» déi kaum nach ee kennt.

Am Buch ‘Öslinger Geschichten’ (Fernand Hoffmann, 1965) dréit en Text ëm Grooljen a seng Schoul. Hire 'Bestand war ein Lehrer, zwölf Jungen und acht Mädchen. Bezeichnend für die demographische Lage des Landes, vor genau 50 Jahren lernten, dösten, schrieben und kniffen hier noch achtundvierzig!' D’markant Schoulgebai entstoung tëscht 1905 an 1908 an huet 90 Joer laang Elèven aus der Gemeng Pëtscht 'hébergéiert'. 1999 gouf et komplett renovéiert als Kulturzentrum an Treffpunkt fir di Jonk. (D’Daach-Erneierung hat eläng 30.560 Euro kascht.) Haut besichen d’Kanner d’ 'Parc Housen' Schoul). A senger laangjäreger Schoulmeeschtesch-Carrière hat den Henri Losch hei seng zweet Plaz an d’Kanner liese geléiert, (d’Lieweserfahrung koum niewebäi, individuell, well ‘doran kritt een Eenzelunterricht.’ (Inge Meisel) De Gemengerapport vum Mäerz 2014 rappeléiert ë. a. d’Propose vun der Gemengenadministratioun un den Transportministère d’Buslinnen 560 (Gralingen – Merscheid - Weiler) an 663 (Bivels – Stolzembourg - Putscheid) un de Centre Parc Housen ze ralliéieren! (..wat e favorabele Suivi krut.)

D’Kierch mam klasseschen Daachreider an donkel cadréierte Ronnboufënstre mat Ornamenter huet en apaarten Haaptaltor, aplaz vu säitlechen zwou 2 Statuen an en Uewen. Hire Patréiner ass de Lambertus an d’Kiermes den 18. September. Fir hir 200-Joer-Feier entstoung eng Broschür mat Infoen zou den Dierfer (z.B. dass zu Grooljen d’Jongbaueren a Jongwënzer d’Jousefsstatu gestëft haten, d’Donateure Schirtz an Gleis e Kräiz, e Käerzestänner an d’Muttergottes, an dass d’elektresch Klacken 1948 kaaft goufe mam Erléis vum Wisefest.) ‘t gëtt do gesot 'et läckt (laut) zu Hof', Ousternuecht, an Igderz, fir Ederes oder Eidecks. Aus engem ale Schoulbuch stame kéint d’Zeil 'wahre Landwirtschaft steht über allen Gewerben, und ihr Betrieb gewährt dem, welcher die Sprache der Natur versteht Vorteile und Genüsse, so wie sie nur die Wissenschaft gewähren kann' (Auteur anonym). (Päerd gesäit een hei net méi virum Teimer, mä um moderne Reiderhaff vun der 'écurie de l’Our'.) Virun der Kierch erënnert e commemorative Steen un d‘Liberatiouns-Kämpf vun der 5. amerikanescher Infanterie-Divisioun vum 22. bis 28. Januar 1945. Nieft deem Monument hunn d’Gemeng an den Naturpark e panneau d'information "Remember us" installéiert. (Dëse weist via gsm um Site 'Mobi' vum Parc Naturel de l'Our supplementär Infoën a Biller.) D’Krichserliefnesser vum op der Musel als Deserteur verstoppte Grooljer Albert Gleis verrode seng Rettung: en eelefjäregt Meedchen konnt do d‘Okkupanten iwwerzeegen, bei hinne wär keen verstoppt.

P.S. Ënner dem Motto ‘Liewen a Wunnen um Land’ bidden op privater Initiative am Duerfzentrum, wou virun 10 Joer glécklech Hénger gegackert hunn, 16 Haiser nei Wunnméiglechkeete fir Familje mat Kanner. Wichteg Stroossenaarbechten haten am leschte Joerzéngt nei Konstruktioune favoriséiert. Am Joer 1937 hat iwwregens de ‘redressement et élargissement vum Pont de Gralingen à Gralingen’ um heitegen CR 320A, dee vun der "Stool" hannerëm Fridhaff ofzweigt, 340.000 Fr kascht. D’lokal Veräiner 'Amicale 79 Grooljen', de Club des Jeunes an ‘4 Stonnen Velo Grooljen’ kréien e jäerleche Gemenge-Subsid vun 325 €. - Op der Landkaart läit Grooljen op enger Ligne mam Veiner Niklosbierg an enger wonnerschéiner Landschaft mat gudde Busverbindungen. D’Haiser an der rue Bechel, A Cleessen, Um Bongert wéi an der rue Principale leien net genee an enger Rei a confirméieren dem Victor Hugo seng Remarque ‘la symétrie, c'est l'ennui.’ Ob de franséische Poet hei beim Uertsnumm un de mythesche Graal geduet hätt, an un d’domat verbonne symbolesch Iddi vum verluerene Paradäis? Kee weess et.