Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Géisdref

Géisdref oder Géisdoerf läit 8,2 km vum Séi an ass e Gemengenhaaptuert am Kanton Wolz. E verdeelt sech op ënnerschiddlechen Héichten tëscht 495 an 475m. Eng poetesch Ëmschreiwung mengt zum Duerf ‘il épouse fidèlement le relief d’un sol capricieux.‘ (J. Cl. Sacerdot, La Voix). Mëtt Mäerz 2017 huet et 317 Awunner gezielt, 66 méi wéi 2006. Der ganzer Gemeng hir Populatioun kënnt op 1536 Leit. Hirt schéint Gemengenhaus baséiert op der aler Primärschoul. Déi aktuell zu Nacher hat 17 Kanner an der éischter Klass vum Joer 2000/2001. D‘Spillschoul zu Dol nennt keng Chiffren. D‘éischt Impressioun vu Géisdref als relativ ‘onopfälleg‘ Plaz muss beim noen Hikucke revidéiert ginn. ‘t huet als Wouerzeechen d‘klasséiert eenzeg Antimongrouf am Land, an där haut regelméisseg Flëntermais hire Wanterschlof halen. D‘Spuere vum Äerz mam Bäinumm ‘racine de tous les métaux‘ dreeme vun Zäiten, an deenen iwwer si geschriwwe gouf...

 Engem historesche Réckbleck no bestoung d‘Duerf ewell an der Zäit vum Cäsar. D’Réimer sollten hei schonn Antimon-Gruewunge man, an "op Mecher" sollt nieft enger Réimervilla eng Siedlung, e ’vicus prope villam’ stoen. Géisdref ënnerstoung säit dem XI. Jh. de Grofe vun Esch/Sauer. Rar Dokumenter verroden, dass dës 1354 vum Grof Wenzel I. eng éischt Betribs-Konzessioun kruten an hei eng Schmatt haten. (Op hei produzéiert Holzkuele weisen nach Plaze mat schwaarzem Buedem hinn.) Nächst Géisdrefer Häre waren d’Famillje von Kronenburg-Rodemacher, Falkenstein a Branenburg. (Deene leschten hir Deel goung spéider un d’Haiser Orley-Wachenheim a Bourscheid-Clerf.) - Wéi ugedeit huet Géisdref laang vum Viirkomme vum ‘kleinen König der Metalle’ (ë. a. engem Komponent vu Bläi- an Zënnlegéierungen) gelieft. D’geschmolzend Äerz gouf gegoss, wat den Uertsnumm „Ge’ssdoerf“ inspiréiere sollt. En Zäitsprong weist, dass 1935 do de weltwäit gréisste Block vu 52 kg fonnt gouf. Mä de Rendement vun 20% war bescheiden an net méi rentabel. Iwwer d’blenkegt Hallefmetall bestinn haut e Musée an der Mëttelsergaass, eng Broschür ‘Op der Spur vum Antimon‘ an e Léierpad vun 2,5 km mat 7 informative Panneaue ronderëm d‘Grouf.

D’Duerf um Héichplateau war laang Filial vun der Urpor Nidderwolz. ‘t gouf 1036 selbstänneg Por an duerno mat 68 aanre vum haitege Lëtzebuerg Deel vum Dekanat Stavelot. D’Kierch gouf ufangs vum 15. Jh dokumentéiert, d’Entrée 1747, den Tuerm 1773. Al Zeile luewen d’grousst handwierklecht Kënnen vum Scholtus-Altor vu 1717, (rezenter ernimmen dee vum Housener Schräiner vun 1903.) Op d’Decisioun d’Porkierch ze vergréissere krut de Gemengerot 1865 e Subsid vun 100 Fr. ‘t gouf dann 1870 gebaut an no 3 Joer eng feierlech Weih duerch de Beschof Adames. Zu spezielle Feiere stoung fréier e symbolescht Louholzkräiz an der Kierchen-Entrée. Op ‘Kräizerdag’ - der grousser September-Kiermes - ware rondrëm d’Äppel ‘zeddeg’; op dem ‘2. Faaschte-Freideg’ koumen traditionell Pilger an ’t war Undrang bei de Beichtstill am Fräien. - Nom 2. Weltkrich hu sech gréisser Reparaturen opgedrängt. De Kierchtuerm stoung nëmme méi hallef an d’62 Haiser aus dem Duerf haten deels iwwer 50% Schued. D’Kapitel ‘Frontvorsprung um Goesdorf’ beschreift den amerikaneschen Observateurposten op der Héicht Heischent-Kiemen an d’Suite: de 6. Januar haten d’iwwerraschten Okkupanten mueres no kuerzem Widderstand 124 Gefaangener ze bekloen. (Melchers, an Baulisch) Um 10 Auer war d’Duerf fräi, (d’haard ëmkämpften Nacher den 18.1.) En offiziellt Krichsdagebuch a mëndlech Erënnerunge si wäertvoll Temoignagen. Am renovéierte Porhaus sengem fréiere Gaard erënnert e Gedenksteen un d‘gefalen amerikanesch Zaldoten. D’lokal Weekapelle mat Haus- oder Familljenimm si privater Frömmegkeet ze verdanken.

De Gemengewope presentéiert 6 Stäre fir d‘Kadastersektiounen an eng éisleker Eech mat 4 ‘branches entrelacées‘ an de Faarwe vun der Wolzer Baronie. Kaum bekanntes nach: vum hei 1758 gebuerene Kapuzinerpater Nicolas Bentz koum an der franséischer Revolutioun d’Wuert ‘nous ne jurons pas’. Spéider hat en als curé d’Udange de Schoulneibau vu Gréiwels-Brasil finanzéiert. (A. Neyen, Histoire des hommes distingués.) - De 25. fructidor vum Joer 3 (1795) gouf d’Duerf mat sengen haitege Sektioune vum „Comité de Salut Public de la République“ dem Kanton Wolz zougedeelt als Gemengenhaaptuert. - Michel Boever housch e Fils vun Géisdrefer Elteren, den 59 järege curé d’Awenne, ee vu villen am 1855ger Recueil vun Demande fir d’belsch Nationalitéit. - Den Damien Jentges (*ëm 1900) hat Géisdrefer Loft getosch géingt déi amerikanesch a krut do 1924 d‘ ‘ordination’! Tëscht 1950–1974 war hien der Mount Angel Abbey vu Saint Benedict am Oregon hire 5. Abt (deen 1. mat Doctorat.) (op catholicsentinell.org) Esou Erënnerunge gläichen ‘Oasen in der Wüste des Alltags’ (K. Seibold)

P.S. Ee speziellt Duerffest ugangs den 1990ger housch ‘Géisdref an aler Zäit’, seng Attraktioun war d’Vente vun frësch dofir op der Plaz produzéierten Holzkuelen. D’Minnefest 2014 blouf ë. a. an Erënnerung duerch e ‘barbecue de luxe’. D’hongreg ‘Gösdorfer’ Wichtelcher kruten dovun näischt mat; de Nikolaus Gredt ernimmt dëser nämlech 1883 a sengem ‘Sagenschatz’. Hunn zoufälleg bei der ‘Riedgeskeher’ Leit geschafft, sollt do hire Kascht op eng onerklärlech Manéier verschwannen! De Flouernumm ‘Welschlektchen’ bezitt sech op friem Lekt, di sech do opgehalen haten a ‘welsch’ geschwat hunn. Vu Géischdref 'op der Virstadt', ‘an Bierg’ ‘op der Minn’ wéi ‘um Knupp’ sinn d’Distanzen zu eise gréisste Stied: Esch 47, Déifferdeng 44, Lëtzebuerg 37 an Ettelbreck 13 km! Laanscht d’Duerfkierch féiert een vu 16 vum ONT recommandéierte Mountainbike-Weeër an d’no Bëscher. Der Gemeng hir 1903 erfaassten 836 ha ‘terres labourables’ stoungen 224 ha Prairien an 18 mat anere Kulture géigeniwwer; 1951 gouf et manner Felder a méi Wisen.