Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Géidgen

Mat 49 Awunner a 15 Menagen ass Géidgen di klengst Lokalitéit an der Gemeng Ëlwen. ‘t läit 80 km vun der Stad am offiziell 2005 gegrënnten Naturpark Our. ‘t fënnt een d‘Dierfchen nërdlech vu Wilwerdang an enger klenger Dällt tëscht Huldang, dem Géidengerbësch, de Géidengerhecken an dem ‘Lieu-dit‘ Géidchermillen. De Bereng vun der fréierer Vogtei an d’Mille sinn haut a Privathänn. Wéi uewen un där leschter nei Haiser entstounge goung 2010 d’Awunnerzuel erop op 50. Wéi op ville Plazen gëtt alljährlich ‘All Awaaner, deen sich firr d'Erhaalen a firr d'Propretéit van eiser Ëmwelt intresséiert, häerzlich agelaaden bei der "Gruusser Botz" mattzemaan’ (Ëlwenter Gemengebleedchen.) Verschwonnen ass d‘Fëschzuuchtgebitt, mä op der Héicht vun "al Géidgen" an dem ‘Wachterhaischen‘ koum 2014 d‘Reconstruktioun vun der Bréck bei der fréierer lokaler Gare. ’t funktionnéiert do nach ee Baurebetrib an d‘Duarreffrënn Wilwerdang-Drénkelt-Géidgen ‘hunn en Agenda‘, d.h. se sinn aktiv.

Godingen (Goedange), Beveras (Biwisch) an Hullingen (Huldange) waren ewell am 9. Joerhonnert citéiert an Ëlwen am 14ten. Géidgen hat am Joer 893 (grad wéi Holler) der keeserlecher Abtei Prum gehéiert. Si waren deemols just e puer vun 118 Uertschaften, déi d’Mönchen op sougenannten Inspektiounsreesen besicht hunn. (Vun hinne waren Recette fir d‘Klouschter z‘erwaarden.) Deemols sollt den ‘hameau de Goedange’ aus dräi Hieff bestoen an där ewell ernimmter Millen. D‘Haisergrupp war spéider zougehéireg zum geriichtleche Quartier de Bastogne an hat nieft dem Vogteigutt eng Kapell. D’Ferraris Kaart weist Enn der 1780ger nieft e puer klenge rouden Diech en zimmlech grousst Gutt mat Dépendancen op ‘hau’ Goedingen, kleng Baachen, d‘montagne Telm an Ufflange. ‘t sollt 1864 tselwecht Haiserzuel gehat hu wéi bal 1000 Joer virdrun an ëm 1900 op 29 Awunner kommen. Duerch de Bau vun der Bunn Ëlwen-St. Vith (ëm 1889) an enger Statioun zu Wilwerdang war et geographesch manner isoléiert. Op hirer Streck gouf et bis Oktober 1978 Trafic vu Marchandisen, Persoune sollten 1950 op e Bus ëmsteigen. (Nobäi hat en Nokrichs-Schmugglerwee eng Zäitche ‘floréiert’ an erméiglecht Zigaretten, Kaffi etc. iwwer d’no Grenz ze brengen!) (www.rail.lu)

D'aktuell architektonesch einfach Cosmas- an Damiankapell vu Géidgen huet eng apaart Tuermintégratioun, steet op der Strooss ‘Am Duarref’ an datéiert vun 1868. Se hat laang zur Por Wëlwerdang gezielt a fréier koume Freides an der Passiounswoch Leit vu rondrëm op Géidgen pilgeren. (Duerch d‘rezent Ëmstrukturéierung koum se 2017 zur Por Ëlwen–Wäiswampich Saint-François.) Se huet e schéine Barockaltor an eng uspriechend gekréinte Madonna mat Kand. Engem Trend vun 1900 no krut s’eng Pietà aus Gips an d’Plaz vun hirer aler Holzstatu, enger Mater Dolorosa mat siwe Schwäerter; (D’spéider zréckkaafte Figur koum an der Faaschtenzäit an d’Wilwerdanger Porkierch.) (‘Marianische Geographie’ Aloyse Biel.) No engem Brandschued war de Kiercheraum 1970 komplett renovéiert ginn. - Wéi d‘Kapell 11 Joer stoung huet eng wichteg Conventioun d‘Landliewe ronderëm vereinfacht. Dora stoung: Dokteren, Hiewammen a Veterinairen aus de ‘communes belges limitrophes du Grand-Duché de Luxembourg sont autorisés à exercer l'art de guérir dans les communes limitrophes luxembourgeoises’… Tselwecht kruten 1879 hir lëtzebuerger Confrèren déisäit der Grenz erlaabt! Haut bidde munch no grenziwwerschreidend Promenaden am héijen Éislek eng ‘traversée des pays et des âges’.

Am Dezember 1940 hat d’Gemeng Ëlwen Statute fir eng Genossenschaft ausgeluet zum Projet neie Feldwee am Giedenger Uert „in Belzborn" (mat Situatiounsplang, Devis a Lëscht vu Proprietairen.) (Mémorial) Haut kann een op Google liesen, wann do Beem geplanzt ginn. Wéins dem relativ raue Klima ass d'Vegetatiounsperiod mat 150 Deeg iwwer 10°C heirëmmer ganz kuerz. Holz vu Beem, déi wéins der Keelt lues wuessen, hunn extra haard Holz an eng ‘densité exceptionelle’ d.h. si eegne sech gutt fir Musekinstrumenter wéi Geien ze man. - Planze wuesse wahrscheinlech och lues, an dach gëtt Wäert op ofwieslungsräiche Blummendekor geluet. D‘Haus vun der Famill St. krut e Präis beim Concours «Eis Dierfer solle bléien!» Den Engelmann-Diktionnär erënnert un den Ausdrock Giedesch, «Jätrin» (dee vu jäten kënnt) an u ‘wéi eng Giedesch am Fluesstéck’ wat ‘rührig’ a flénk bedeit. De Virnumm ‘Giedchen’ ass eng Variante zu Gäerd (Gertrud). Web-Recherche mam Stéchwuert Goedingen féiere bei Famillje Godingen, bei ‘Göttingen‘ a bei d‘Barbaba-Chanson (vun 1967) mam Vergläich ‘Bien sûr ce n‘est pas la Seine, ce n‘est pas le bois de Vincennes mais c‘est bien joli tout de même à Göttingen’... Och Goedange verdéngt den Adjektiv ‚bien joli‘. Vläicht hat hei emol e Göd, (wéi an Éisträich en Dafpetter heescht) oder e "pater spiritualis" eng wichteg Roll!

P.S. Nozedroen ass d’125 km laang 2013 ageweite Velospiste Ëlwen-Oochen iwwer d’Streck vun der Vennbunn. Si bidd wallouneschen Zeilen no ‘Stoff für allerbeste Radträume’. (S’ëmfiert den Tunnel, deen emol 90 Petrolsluuchte beliicht hunn. (Dee 790m laange Fliedermaus-paradäis hat d’Karikatur inspiréiert mat Flatter-Déieren déi Velo-fueren!) D’Info vun engem lokale Chantier hat kierzlech d’gespaarte Piste op der Héicht vun "al Géidgen" ernimmt. D‘drëtt Étappe vum Tour de France 2017 passéiert d‘kleng nei porträitert Uertschaft an duerno d‘ganzt Land. ‘Dëst ass ‘eent van deene wichtigste sportlichen Evenementer weltwégt – dat vill Légt verfolligen op der Platz oder viram Fernseh‘ (schreift d‘Ëlwenter Gemengebleedchen.) Den 1. August 1909 hat iwwregens de François Faber (1887-1915) als éischten Net-Fransous den Tour de France gewonnen.