Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Giewelsmillen

Am ale Fëscherlidd spillen den Zuch, d’Sauer an Péitrijünger eng Roll, et heescht an dem folkloristeschen Text vum Batty Weber ‘Giewelsmillen oh Mamm oh, 57 stinn der do’! D‘Sauerschläifen an hirt Ëmfeld gesouch de Marcel Noppeney als en ‘imprévu de boucles taillant des cirques immenses dans la roche.’ Den Zuch bewegt sech op enger zimmlech riiter Streck mol duerch Tunnellen, mol iwwer Brécken. Zur Giewelsmillen fënnt ee wéineg Date vu fréier a kaum speziell Eventer. An dach fëlle sech Zeilen mat diverse lokalen Detailler. D‘Fësche war a vergaangenen Epochen net fir jiddereen erlaabt! Onerlaabte Fëschfang hat 1563 nobäi e Prozess ausgeléist. Ëm d’20. Joerhonnertwenn haten sech do laanscht d‘Sauer 33 Leit verdeelt op d‘Millen, zwee Wiirtshaiser an en Handel mat Baumaterial, Holz- a Kuelen. Mä zréck an d‘Aktualitéit. Uganks Januar 2017 gouf et do 17 Menagen an 38 Leit an am Februar ee méi!

D’Millen, déi haut a Privathänn ass, gouf 1845 gebaut. Se sollt nom 2. Weltkrich leider net méi fonktionnéieren well hir Mëller ëmkomm waren. Den Uertsnumm Giewelsmillen figuréiert net op ale Kaarten an Dokumenter, vermuttlech bezitt en sech op eng illuster germanesch Persoun. (Zu Schlënnermanescht ernimmen Zeilen den Hausnumm Goebels am Zesummenhang mam 1864 do verstuerwenen 18jäeregen J.B. Nickels.) D‘Sauer-Dierfche fällt op Flosskaarten op, ‘t gëtt do en Zesummefloss, deen enger Gafel gläicht. (Zu Kautebaach kommen d’Clerve an d’Woltz zesummen a fléisse kuerz drop zu Giewelsmillen an d‘Sauer. No dëser hirem groussaartegen ‘Intermezzo’ als Stauséi krut se hir éischt Identitéit erëm a begleet hei plazeweis d‘Schinne vun der Nordstreck an Directioun Ettelbréck. Wéi den Henri Cartier-Bresson 1969 sot ass (och heirëmmer) d‘Sichen a Fanne vu photogene Motiver eng ‘chose purement intuitive’. - Op der Giewelsmillen ass kee Kierchtuerm… am noosten ass do dee vu Schlënnermanescht. Wahrscheinlech goung e Kierchepad dohinn, well och d‘Leit hir Familljegriewer do hunn. D‘Kanner frequentéieren d‘Zentralschoul vu Buurschent.

Zënter 1866 existéiert d‘Eisebunnsstatioun Giewelsmillen op der Streck Lëtzebuerg-Ëlwen. (D’éischt Deelstreck Lëtz.-Ettelbréck war ewell am November 1862 a Betrib. D’offiziell Ouverture vun där Zweeter, vun Ettelbréck op Ëlwen, war Mëtt Dezember 1867. Hire Bau war duerch Tunnelle, Brécken, Aschnëtt an Dämm méi schwiereg. E Regester vu Mechela ernimmt ë.a. d’deemoleg Eisebunnerfamilljen vun der Giewelsmillen: an der Statioun huet den Nicolas Charles Balanze gewunnt, nobäi hire lokale Bréifdréier Philippe Flammang an den Deutsch Fr.-X. als ‘Stationsvorsteher’. D’Häre Rufetta, Schütz a Wilwers ware Statiouns-Chefen, de Fonck Pierre, Jacoby Nic., Thilges M. an Zeimet Joh. Eisebunnsbeamten, an last but not least den Hensch Joh. a Majerus Jos Weichesteller! (‘t gouf do bis 1886 da 15 Naissancen.) De Michel Rodange hat sech 1872 a sengem Rénert iwwer de Fortschrëtt Gedanke gemat. ‘t housch doran… “E plangt déi schéinste Stroossen - Duerch d'Duerf geet d'Eisebunn – All Dierfche kritt seng Haltplaz. An zwou, déi schonns eng hunn.” - D’Terrassementer vun der Strooss Giewelsmillen-Heischtergronn hat de Staat 1875 mat 3000 Fr. Subsid ënnerstëtzt - an den Deel Dirbech- Giewelsmillen mat 100 Fr.

Op der Giewelsmillen gebuer war de 17.12.1922(-2006) de Leyder Nicolas, spéidere Buergermeeschter vu Buurschent, Grënner a President vun den „Amis du Château de Bourscheid“ an ë.a. Auteur vum Buch ‘Bourscheid im Krieg 1940–1945’. Do koum och de Fernand Koenig op d’Welt, de 16. Dezember 1922(-2003) en Engagéierte vum Wolzer Festival an haaptberufflech Geometer um Kadaster. (Fir dem Bass-Bariton säi 75. Gebuertsdag gouf eng" Geschenkkëscht" mat Porträit an 9 CDen erausbruet.) An hire jonke Joeren, am Krich, sinn d‘lokal Brécke gesprengt ginn obschonn et net virgesi war. (Am Uelzecht- a Sauerdall huet d‘Wehrmacht am Wanter 1944 probéiert d‘Amerikaner opzehalen.) - Den 100m laangen Tunnel ‘Buurgléen’ un der N27 ënnen u Lëpscht datéiert vun 1928; e sollt den Tourismus ‘förderen’. E féiert duerch eng laanggezunne Kéier, huet e Gefäll vu gutt 4 Meter an ass dee längste vun den Dräi un där Strooss.) Net ze vergiessen, zwëschen 1920 an 1926 waren zwee Hoteler ënnert der Giewelsmillen entstanen an eent zu Mechela, ëm 1935 eent op Buurschent-Plage an dunn entstoung och de ‘Malpaartespad’. Den ‘Elargissement de la route entre Goebelsmühle et Niederschlinder’ sollt (1937) 400.000 Fr kaschten. (Legilux.lu) - D’8km laang Promenad Giewelsmille-Kautebaach geet laanscht d’Hoflay-Fiels op de Point de Vue Hockslä bis bei den Zesummefloss vun Clerve a Woltz. Ënnwerwee am Bësch sti wëll Wicken, d’Karthäiser Grasblumm, Lais- an Hunnechkraut, Huesekléi, Klackeblimmercher a vläicht bloe Fangerhutt... (René Schmitt, Eise Bësch, Natura.)

P.S. De Camping du Nord Göbelsmühle ‘blotti dans une romantique vallée ardennaise, au bord de la Sûre’ bitt vu sengen 100 Emplacementer 60 fir de Passage, d.h. am Summer verdräifacht sech d‘lokal Awunnerzuel. Am Dall senger grandioser Landschaft stinn ë.a. op 228m Héicht een zum Altersheem ëmfonktionnéierte Restaurant an d’Statioun. De 5.7.1988 waren am südlechen Ausgang vun der Gare ‘die drei letzten Wagen des Güterzugs Gouvy-Bettemburg entgleist. Die gesamte Ladung der 26 Wagen wog 1.780 t.’ (Dee wéins Bauaarbechten iwwer d’Gleis-dräi ëmgeleeten Zuch war do wéins Schinnebroch entgleist.) Fir de Projet Skipist an ‘Aalheck’ zwësche Buurschent a Giewelsmillen fällt do net genug Schnéi... mä fir Kayak-Rallye sinn d’Konditioune gutt. Ob et hei am Fréijor nach ‘Giewelecke’ ginn? Gemengt sinn domat Meekieweren, déi sou genannt goufe, well s’ëmmer laanscht d’Giewele geflu sinn! ‘Giewelstäipe’ sollen iwwregens domm Mënsche sinn - an där fanne sech bal op all Stroosseneck!