Fléiber
Op der Fléiber heescht e Lieu-dit an der Gemeng Buerschent a steet am Telefons-Buch bei Mechela. D’Plaz zielt 33 Awunner an huet eng schéi Vue op d’Buerschter Schlass. Dem Victor Hugo hat do 1871 d’düster Romantik vum ruinegekréinte Landschaftsgebitt gefall. D’Fléiber läit no un der Nationalstrooss 7. (Vun hir féiert den CR379 erof an trëfft no 3,3km zu Mechela d’Route de la Haute-Sûre. ‘t bestinn do gutt Busverbindunge mat Dikrech a mat Huldang. Dat éischt ass eng 10 Minutte-Streck, fir den nërdlechen Deel via Maarnech a Wemperhaardt ginn dräivéierel Stonn gebraucht. Den Uertsnumm baséiert op Flehborn a weist op heednesch Originen hinn. (J. Engling) ’t sollten do ënner de Franken ural Vogteie ginn an seng Kierch war méi al wéi déi aus der Noperschaft. (De Flouer ‘Altkirch’ erënnert un si.) ‘t housch beispillsweis 1642 Lipperscheid bei ‘Fleü-born’!) De Réimer-Openthalt beweist de Römelswee, e Kiem vu Waarken a Riichtung Lëpschent an Housen. Eng ‘ächte Goldmünze von Constans’ vu 84 Gramm gouf 1860 zu Flebur fonnt.
D’Gemahlin vum éischte Buerschter Här krut géingt 909 ë. a. ‘Flebur’ als Brautschatz. D’Suite... tëscht 1348 an 1350 sinn den Uert mat 14 Vogteien a seng Kierch duerch d’Pescht verschwonnen. D’Iwwerliewend goungen an d’Nopeschdierfer an Branebuerg, Mechela a Lëpschent kruten duerno Kapellen - an di lescht dem Engling no d’Willibrord ‘Bildnisz’ a Miwwel vu Fléiber (bis do emol eng nei stéing!) Am 15. Jh. waren de Buerschter a Branebuerger hir legendär Wettschéissen net z’iwwerhéieren. (J. Haan) Vu 1506 staamt d’Notiz: ‘Zwee Dikrecher Bierger verkafen hir Rechter um Fugens-Haus vu Flebour (un Intressente vu Mechela a Lëppscht.) - D’Ferrariskaart dokumentéiert an de 1770ger do tëscht imposante Schlassruinen dräi rout Diech ouni Bezeechnung. 1798 sinn d’Klöppelmänner do passéiert. Eng Weil drop, 1851, annonçéiert en Arrêté royal do d’délimitation du rayon de Douane (mat Tracé vu Mechela laanscht de Wee op Fléiber op d’route de Diekirch.) - (Der Nordligne hire Chantier sollt ëm 1861 Mechela erreechen, en Aackerer an en Doléiner vu Fléiber hunn do geschafft.) - D’Dierfchen hat bei Vollekszielungen 1849 nach 89 Séilen an 13 Feierstellen, an 1858 dann 80 Leit a 16 Haiser (vun deene ‘5 ohne Bettler!) D’Engling Texter vun 1869 fëlle ‘Lacunen’ an erënneren och un dem hl. Willibrord seng Duerchrees zu Mechela a Fléiber an un 9 Stierffäll am zweeten, 1866, duerch d’Cholera.
D’Hansen-Kaart weist d’Duerfstrooss 1907 mat aacht Bau-silhouetten. ‘t gouf duerno ee Betrib do ernimmt – spéider (1991 an ‘99) koum do Bauféiwer op. ‘t gouf op der Nr. 19 hirem Chantier vill Buedem beweegt an e raren ale Steen gesinn (vläicht vun der Kapell?) Recherchen no war ‘die alleinstehende Kapelle in Fleborn 1628 dem Einsturz nahe. Sie gewährte Landfahrern Obdach und war verschmutzt’ verréit d’’Luxemburger Volksleben’. (J.Hess) 1631 sollt dann d‘Kapell vu «Flöborn» mat erzbeschéflechem Accord ofgerappt ginn an hir Reliquie kruten déi Lëpschter. (Brochure Lëpschent - Mëchela, 1997) Uertsnimm mat Born weisen op Quellen hinn; di lokal ‘héichgeleeën’ bei der Plaz ‘Altkirch’ hat ëmmer vill Veréierer; ‘t fënnt een se 600 Fouss iwwerëm Sauerspiggel. Al Dokumenter weisen der Plaz hir Zougehéiregkeet zum Dekanat Miersch an e Visitatiounsberiicht säi Lien mam Archidiakonat Longuyon. Erschreckend kléngt dem Alain Atten seng Riedensaart iwwer eng Firmung - bei där op der Fléiber den Tréierer Bëschof ‘matzen ënner d’Raiber gefall war’! D’Suite ass friddlech. D’Fro, ob Leit vun hei, Mechela oder Lëpschent emol Telegramme vu Buerschent bruecht kruten, bréngt eis an eng aner Zäit. Hir Gemenge-Kabine hat 1898 (zeng Joer no nom Installéiere vum Telefon) offréiert Telegramme weiderzeginn!
D’fréier Ëmwelt beliichten och Rénert-Zeenen. Dora spillt e belsche Kéismann, deen hei mat enger Kar ënnerwee war, eng kleng Roll! D’Verse fänken un ‘Bei Fléiber op der Juegd: ‘Se haten näischt gefaangen, An 't gung schons haart un d'Nuecht. De Wollef war vun Honger A Middheet halwer béis. Du koum en Hiewerlänner mat enger Kar voll Kéis.’ De laang eenzege Fléiber Haff krut 1991 en Noper vu Mechela. Dësem seng Kéih musse sech op der Nr. 7 besonnesch wuel fille, well hiren Ziichter krut mëndlechen Temoignage no ‘rieseg vill Präisser’! Beispiller sinn (d’Titele Miss Bitburg 2014: Myrana vu Flebour (beim Jongziichterconcours Bitburg) - an di schéin Mylene gouf ‘Europameisterin in der Seniorenklasse der rotbunten Kühe’ vu Cremona (wat Ziichter wéi d’lëtzebuerger Déierenzuuchtorganisatioun gefreet huet!) D’ewell ernimmten aner Ferme importéiert Hénger a produzéiert Eeër en Masse. Eng Zäitche sollten do Summer wéi Wanter eng Eeërkach- a Fierfmaschinnen op Héichtoure laafen. (Mä d’ganzt Joer Ouschtereeër, muss dat sinn?) Aner speziell Gebaier vun der Fléiber sinn d’Autocars Meyers an op der Säit vu Klosdelt d’am Memorial 2014 a ‘ 16 annonçéiert Constructioun vun enger Elektrizitéits-Zentral vun der Cegedel.
P.S. Zwou 138m héich Wandkraaftanlage stinn zenter Hierscht 2015 op der Fléiber an zu Klosdelt, an eng manner héich nobäi um Flouer Dellt. Se zielen zum Wandpark Kiemen/Heischent a versuergen am ganzen zu 10 Wandrieder ronn 8.000 Menage pro Joer mat Stroum. Se bréngen eng nei Vue fir Spazéiergänger, mä ginn am noën Ëmfeld wéineg appréciéiert. ‘Dageswanderungen am Éislek’ hat 1931 d’ ‘Luxemburger Illustrierte Nr. 5’ proposéiert - eng dovun, eng 20 km laang, goung vu Mechela, Flebour iwwer Friedbusch op Kautebaach. - Kuerz nom 1. Weltkrich haten Intellektueller d’Iddi den Uertschaften franséisch Nimm ze ginn. De Jos Tockert hat dunn eng ‘Humoresque’ doraus gemat a Fléiber ‘Source aux puces” genannt, Greiveldeng ‘Graville’ an Heespelt ‘Hespelette’. En zweet Fléiber läit iwwregens nërdlech vu Boulaide net wäit vun der belscher Grenz. - Ofschléissend nach eng Remarque vum Jean Engling ‘d’national Geschichtsschreiwung kann net op Lokalgeschichte verziichten’.