Flatzbur
Di 7 Haiser vu Flatzbur mat hiren 21 Leit kucken op Stroosse mat historeschem Hannergrond. Dëst sinn d’rue des Romains vu Bungeref, d’Pärelerstrooss an d’route de la Libération Kietscht-Maartel! Virum 1. Januar 1979 huet de klengen Uert zur fréierer Gemeng Bungeref gehéiert. D’Hansen Kaart vun 1907 weist do de Flatzbourhaff. ‘t gëtt do e Weier, an d’ 'Koulbich’ huet hir Quell op enger Héicht vu 510 Meter an der Ponzkoll ëstlech vum Uert; eng Parti vun hirem Waasser speist de Weier vum Colpecher Schlasspark.) Flatzbur steet ënner Perlé am Telefonsbuch a läit 2 km vu Wolwen a grad esou wäit vun Holtz an dem Bungerefer-Poteau, (Dës Plaz tëscht Bungeref an der Flatzburer Gare heescht haut ‘um Kimm’. Do konnte Leit um Heemwee am Café eppes drénken.) ‘t fällt hanner dem italienesche Restaurant vu Flatzbur e Chantier op. D’Scierie ass verschwonnen a mécht engem neie Projet Plaz (...’t kommen Halen duer fir ze lounen oder ze kafen).
D’éischt Silb vum Numm Flatzbur kënnt héchstwahrscheinlech vu ‘fléizen’ (d.h. Wisen ënner Waasser setzen) oder vu Fluess deen a sengem Weier geweecht gouf. Intressant kléngt och d’fräi iwwersate Phrase vum Demokrit ‘Erkenne mir näischt wierklech läit d’Wourecht am Fong vum Pëtz!’ Gewosst ass wéineg vun dësem Punkt op der Landkaart. Am 30jäerege Krich koum iwwer d’Hallschent vun eisem Herzogtum sengen Awunner ëm, d’Orvaler Abtei gouf verbrannt, d’Géigend ëm Arel verwüst a Wolwen war ee ‘Schutthaufen’! Mer liesen ‘Dès 1797, la commune de Bigonville fait partie du canton de Fauvillers et comprend Bigonville, Martelinville et Flatzbour’. Ënner dem Napoléon huet e Konkordat mam Poopst eng kierchlech Neiglidderung bruet an d’Reduzéiere vu reliéise Feierdeg. An 1890, beim ‘Jangeli’ senger éischter Fahrt war de Staatsminister Eyschen derbäi. D’Wolwener Chorale hat e Ständchen um Arrêt vu Flatzbur gesongen. (Zu Réiden gouf et Éierewäin!) Den Zuch huet souwuel Transport vu ‘bétail’ oder Uewermaarteler Leeën am Paackwon erméiglecht! D’Gare Flatzbour war geduet fir d’Nopeschdierfer Bungeref an Holtz. Kaarte weisen d’Statioun um Kilometer 23 an eng al Lokomotiv!) D’Streck hat zu Näerden Korrespondenz mat der Attertligne, d.h. mat Péiteng an Ettelbréck an zu Maartel en indirekten Uschloss un belsch Zich. Den éisleker ‘Jangli’ hat Zoudrang, a blouf en am Schnéi stiechen, hunn Aarbechter stonnelaang d’Schinne fräigeschëppt. No 1953 hat d’Géigend e Stéck Romantik manner, schreift den Dr. Belche.
Eng Woch nom Ufank vun der Rundstett-Offensiv, den 22. Dez. 1944, sinn amerikanesch Panzer vun Perlé a Richtung Flatzbur viirgeréckt. Bei der Statioun si s’op d’Géigner gestouss an ‘t bloufen een amerikanescht an zwee däitsch Kampf-Gefierer op der Streck. E Rapport notéiert ‘at FlatzbourHof 2 destroyed self propelled guns left there after the battle, were taken away in 1945.’ Recherchen zum Sergant Parks, deen do leie blouf, sinn nozeliesen op https://www.etohistory.com/john-parks#! (Nodeems 1992 e ‘Battle of the Bulge’ Veteran dem Militär-Historiker Bill Warnocke de Portrait vum John Parks gewisen hat gouf d’Family vum Affer gesicht. 2008 koum dann d’Rees op Flatzbur mam company commander J. Leach an engem Krichsfuerscher. Dank hellëfräichen Awunner an enger Loftopnahm vum 23.12.1944 aus dem amerikaneschen Nationalarchiv mat Gebaier, Vehikelen, Tanken am Schnéi, Krateren an engem ‘cellphone tower’ gouf d’‘battlefield’ fonnt... - D’Kanner aus der Gemeng Rammerech besichen de Centre scolaire «Raoul Follereau» zu Kietscht. Se hunn do ë. a. e gebiertege Flatzburer Schoulmeeschter. D’Maison relais an d’crèche «Butzen Jhangeli» sinn an der Annexe vum Schoulzenter. Mat enger ‘Nistkasten-Kamera' konnte si mat Frënn doheem d’Näschter observéieren.
An der Zäit virum grousse kommunale Schoulzentrum haten d’kleng Dierfer eege Schoulen; d’Flatzburer Kanner goungen zufouss an déi Bungerefer an d’Leit hunn och do d’Sonndesmass besicht. Flatzbur ass vu Bëscher ëmginn, huet allerdéngs kee Bamriis wéi d’Wolwener ’Wolframsbich’, keng Kapell oder Buergruin. (Nobäi um Parking a Riichtung Riesenhaff koume schonn emol Leit zesumme fir d’Multifunktionalitéit vum Bësch kennen ze léieren.) ‘t gouf do laang Holz verschafft. ‘t entstoungen do aus risege Stämm Dunnen, Brieder an Dill,. (D’Ferraris-Kaart weist ewell seng ‘Sierie’.) Spéider dokumentéiert e geschichtlechen Iwwerbléck um Site industries.lu do d’Scierie Strotz frères op nr. 8 rue de Perlé (ouni Grënnungsdatum), 1962 mat Rausch-Mertz Marcel a Strotz P. & fils, (1948-’49) d’Seeerei Mantz Ch., Schroeder Etienne a Strotz P. an 1935 den Industrielle Molitor Nicolas mat scierie, Holzhandel an Hôtel. - Méi rezent sinn Zeile vun der ’belsch-lëtzebuergescher Station d’épuration Rombach-Martelange.’ D’Kläranlag desservéiert zënter1996 véier belsch Dierfer an dessäit der Grenz Rombech, d’‘stations-service RN4’, Uewer-Maartel, Wolwen, d’Klaus, d’jee no Sprooch mat ou oder u geschriwwend Flatzbur, d’Kimm an Bungeref.
P.S. Am Krich hat Flatzbur Pavee-Stroossen an nach kee Veloswee. Deen haitege féiert iwwer d’fréier Zuchstreck, huet schwaach Héichtendifferenzen an eng gewësse Bedeitung. En zielt nämlech zur Etappe vun der 90 km laanger Piste Maartel-Schengen an ass den 2. Deel vun der ‘Véloroute Charles le Téméraire’. (Dësem seng 1. Etappe Bruges - Martelange ass 330 km laang.) E passéiert der Beschreiwung no ‘Maartel, Flatzbur, Kietscht, Rammerech, Réiden..., weider 15 Uertschaften a finalement ‘de Scheierbierg a Réimech.’
Wéi den Zuchbilljee Flatzbur-Réiden 2,50 Sous kascht hat an deen op Rammerech 1 Sou war Sport mam Veloziped Zukunftsmusek. (‘t waren iwwregens vill Leit géingt eng Gare beim Café Rausch ‘um Kimm’’ a fir déi Flatzbuerer!) - Haut sinn hei Busverbindunge wichteg. No engem Règlement grand-ducal koum2012 e Bus Arrêt un de Bord vum CR311 um lieu-dit «Flatzbour». - Flaz’ heescht iwwregens e Floss am Uewerengadin a Flatz en Uert 58 km südlech vu Wien. An FLAZ heescht d’Ofkierzung fir ‘Flexibel Aarbechtszäit.’