Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Essen

Essen läit an der Mëtt vum Land an ‘t ass mat sengen 210m iwwerëm Mier den déifste Punkt vun der Gemeng Miersch. ‘t war ‘well am Joer 960 dokumentéiert als E[st]engero markun am Staatsarchiv Koblenz an 1193 als Essingin. Tëscht der Uelzecht an der Eisebunn stoung nieft e puer Hieff an Haiser hei eng Millen, déi nom zweete Weltkrich als privat Kraaftstroumzentral ëmgebaut gouf. Si huet d’Hausnummer 3 an nieft hier genéissen 18 Awunner hir fräi Vue, déi ni en enkt Haisermier genéiere wäerd. (Dëst kënnen iwwer 560.000 Essener Groussstad-Mënschen am däitsche Ruhrgebitt net soen!) Vum Rouscht hier leeft d‘'Rouschtbaach' erof an d‘Uelzecht. Vun hir heescht et se wär e sougenannten Uewerflächewaasser, well keen hir Quell kennt. Si soll emol op halwer Streck e Millendeech gespeist hunn. D’Ferraris Kaart bezeechent de Flouer laanscht d’Baach Hau Essingen, d.h. hei louche viru ganz laanger Zäit emol Bëscher. Dass de klengen entleeënen Uert ëmmer enk mat Pëtten verbonnen war huet eng ganz einfach Erklärung.

Petten an Essen waren am Mëttelalter vun de Schlasshäre Pittingen-Criechingen ofhängeg. Tëscht 1795 an 1814 waren déi zwee mat Miesdref eng selbststänneg Gemeng mat 929 ha Fläch. Essen hat dunn 22 Awunner an d’no Siedlung Hilbach 5. Si exisitéiert nom éischte Weltkrich net méi op der Landkaart. En Naturalisatiounsakt nennt 1882 Essingen-lez-Mersch als Adress vum Nikolas Genson, an de Monen Mathias vun do krut kuerz drop de Juegdschäin. Mä ‘t sinn och Leit vun Essen mat 1200 aneren an de 1760ger ausgewandert an d’haut rumänescht Banat. (A. Krämer) Ee Familjefuerscher gesouch Lëtzebuerg säit jeehir als An- wéi Auswanderungsland, well do eng Sproochegrenz verleeft. D’Responsabel vun der Lokalzeitung “Duerfsieschter vu Miesdref, Pëtten an Essen” denken tselwecht wéi den Jules Romains, dee sot ‘t steet een ëmmer mat engem Been an der Vergaangenheet, a mat dem aneren an der Zukunft." (Ee Bliedchen erënnert un 1944, wéi hei an der Rundstedtoffensive fir den Ablack gelieft gouf - wéi een zu Essen mat Evakuéierte vu Gilsdref an amerikaneschen Zaldoten ‘in großer Zahl am Speisetisch sass. Die 9. amerikanische Panzerdivision hatte etwa 15 Panzer nach Essingen abkommandiert, die oberhalb des Hofes ihr Mündungsfeuer nach Norden gerichtet hatten.‘ (Duerfsieschter 2003, R. Hilbert.) Wéi nom Kanounendonner Fridde koum, gouf sech um Monenhaff wéi iwwerall debrouilléiert an bis ëm 135 Randbéischte gekëmmert. (Niewebäi sollt de Papp sech mat de Chorale Miesdref a Miersch an Hosanna-Gesäng üben.)

Am Joer 1958 gouf no Reklamatiounen hei der Uelzecht hirt Flossbett ausgebaggert, well Steng vun der aler Bréck Stauunge provozéiert haten. (D’al Bréck war een Dag ir d’Amerikaner hei ware gesprengt ginn. An d’Plaz koum eng Holzbréck an eng neigebauten spéider da méi erop.) - Allgemeng gesinn hat Essen wéineg Opregendes bis eng hollännesch Immobiliefirma vu Scheheide 1965 mat engem futuristesche Projet koum. Se wollt do en héije Präis bezuele fir de ganzen Terrain an nieft e riesegt Lotissement eng Schoul, eng Kierch a Butteker opriichten… D’deels approuvéiert Iddi blouf e Loftschlass; d’Entreprise-Faillite huet dat friddlecht Nascht gerett. - Architektonesch gesinn ass d’Dierfchen e Beispiel, dass de Wäert vum kulturellen Ierwen um Land richteg ageschätzt an erhale gëtt. Dem do ëmgedeefte 'monuments et site' no sinn z.B. di dräi Kamäiner vum gréisseren 2014 klasséierten Haff erhalenswäert, och wann just ee gebraucht gëtt. De Bau aus massivem Steen, d‘Daachgespär aus Eechenholz an d‘Daachaupe vum Wunnhaus am Stil vum Mierscher Servais-Haus sinn hei net ewäch ze denken.

Een vun den zwee Essener Bauerenhäff an d’Barrièreshaische bestinn net méi. (D‘vollautomatesch Barrière ass tipptop, soll allerdéngs en Trapp Kéih d’Schinne passéiere gëtt virdrun ugeruff ob net geschwënn en Zuch kënnt...) Um renovéierten Haff kréie Schoulklasse bei Visite Froen iwwer landwirtschaftlech Betriber beäentwert, am Haffbuttek kann akaaft ginn an d’Festscheier kann ee lounen. - D’Mille stoung ewell am 18. Jh., gëtt 1824 als moulin-scierie N. Weynandt ernimmt an 1866 als 'Monnenmühl' vum Johann Monen. Generatioune vun där Famill hunn si bedriwwen, ee Fils war Bauer an deen anere Mëller. (Am alfranséischen housch e moulin "monerie" an Monier oder Monnier gouf ‘meunier’.)(J. Tosti) 1944 koum eng Turbine vun 12-15 PS als Okkasioun aus der Essener an d‘Bungerefer Millen. Beim Flécke vum Krichsschued un där hirer Millenariichtung krut de Besëtzer Hellëf vum do verstoppte Millebauingenieur Oth. Dëse sollt tëschenduerch emol beim Essener Mëller ënnerdauchen. (Quell: moulinbigonville.com.) D‘Produktioun vun der 'Centrale Hydroélectrique' louch 2010 zwëschen 380.000-450.000 kWh Stroum. Nieft si koum eng Firma mat ‘Installation et dépannage éléctrique’ vun engem Monen-Fils.

P.S. D’Velospiste Nr. 15 féiert duerch den Uelzechtdall vu Beggen op Ettelbréck. Se mécht zu Petten den Tour ëm d’Schlass a kéiert dann op Essen zou a via Colmar-Bierg duerch eng Landschaft zu där Lidder passen wéi “La bicyclette” vum Yves Montant - an deem Paulette mat silhouette reimt. Vun engem flotte Kiermesbrauch, bei deem 5 Baueren vu Pëtten an Essen sech Kiermesméindes ofwiesselnd op d’Kiermesham invitéiren, hat emol den ‘Duerfsieschter‘ beriicht. Ob dann vläicht ewell iwwer hir Uertsnimm gerätselt gouf? Déi mat ‘ingen’ ophale sollen op verstreete germanesch Stämm zréckgoen - a Franken agedäitscht hunn. An déi mat 'dorf' als lescht Silb weise Spezialisten no op rustikal Siedlungen hinn, op spéider Besiedlungsphasen an beschützte Beräicher. (Essingen, eist Essen, koum iwwregens 1848 op 28 Awunner.)