Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Esch-Uelzecht - Gaalgebierg

E Stadpark mat enger Spillplaz ass en idealen ‘Tapéitewiessel’. Den anonyme Luef - en erlaabt ‘de se reconnecter à la nature’ - ass ee vu villen. Een anere Commentair vu Visiteuren (‘étant dingues d'animaux’) nennt dee flotten Escher Park souguer en ‘endroit féerique’! De sympatheschen Déierepark um Gaalgebierg huet evoluéiert an seng intressant Spiller, d’Pétanquepisten an d’Buvette ginn appréciéiert. De Besoin vun engem grousse Park hat den Escher Ingenieur André Koch, de Präsident vum 1901 gegrënnte Verschéinerungsveräin an spéidre Minendirekter erkannt. 1910 war de Projet do. Wéi Esch den 29. Mee 1906 vum Groußherzog Wëllem IV. den Titel Stad krut, fir d’zweet, hat d’Uertschaft tëscht 12.000 an 13.000 Awunner. (1328 hat de Jang de Blannen si ewell zur “Freien Stadt” erhuewen.) Den neie Park sollt als Erhuelungsgebitt vun der Minettmetropole zielen an huet deeselwechte But wéi de Stader! Dëse war tëscht 1871 an’78 op Festungs-Frichën entstanen - deen um Gaalgebierg hëllt d’Plaz vu fréiere Minièren an!

Um Escher Gaalgebierg sinn fréigeschichtlech Signalposten, eng Zort “Bergwart” vun der réimescher Stroossepolizei, ernimmt. (do gëtt e Kiem vermutt vu Bitburg hir iwwer Aaltréier an Direktioun Zolwerknapp an Tëtelbierg. (J.P. Koltz) Am Dall sollt 1671 d‘Schläifung vun der Festung Esch den Ausklang vun iwwer 300 Joer Viirgeschicht vun dëser emol heldenhafter klenger Stad bedeiten! Een Festungs-Tuerm blouf stoen. Et waren deemols haard Zäiten, mä an d’opgefëllte Grief koume Gäert. Vum Gaalgen op der Héicht virun Esch goung fir d‘éischt 1678 Rieds. - En Zäitspronk féiert an d’Joer 1815. Do haten zu Wien Diplomaten fir Lëtzebuerg eng Zort Iwwergangsléisung decidéiert, fir d’Groussmächten zefridden ze stellen. Den neie Grand-Duché krut awer kaum Iwwerliewenschancen zougetraut - e spéideren Uschloss un eent vun den Nopeschlänner stoung op. Dëse Reckbléck vum Alvin Sold krut eng positiv Suite. “Glécklech Zoufäll wéi d’Decouverte vum Minett am Escher Revéier hunn no 1870 d‘Industialiséierung am Megaformat lançéiert.” D’Opliewe vum Uert huet am Hierscht 1884 zwou Oberprimärschoulsklasse bruet, d’Waasserleitung an der Porkierch St. Josef hir éischt Uergel. Kuerz drop 1888 entstoungen eng protestantesch an eng evangelesch Kierch. (D‘Synagog koum 1899.) Am Summer 1890 konnten d‘6855 Escher sech iwwer en neie Musekkiosk op der Stadhausplaz freeën, (deen ‘zur leichteren Verstellung’ op Schinne stoung!)

D’9,5 km laang Wilhelm-Lëtzebuerg Bunn Beetebuerg-Esch hat 1890 ewell 30 Joer, d’Prënz Hary Ligne Esch-Péiteng-Athus 17 Joer, d’öffentlecht Telefonsnetz war säit 1886 a Betrib, an 1901 entstoung dat éischt Polizeikommissariat. Dem Nikolaus Welter seng ‘Festkantat zum Evenement vun 1906, dem neie Stad-Titel, hat eng Chorale mat 100 Stëmmen virgedroen. (An hir sollten “auf Hügeln und in Gründen rauchumwölkte Türme trotzig das Gebot der Zeit‘ verkünden”! (Resumé aus ‘Das andere Esch’, J. Flies.) D’jonk Uelzecht-Stad hat d’Méiglechkeet Waldfester am ‘Clair-Chêne’ z’organiséieren, et war do allerdéngs wéineg Plaz. Ee richtege Park war do net virstellbar. 1910 koum Esch ewell op 16537 Awunner, vun deenen 3320 italienesch Racinen haten. Den uewen ernimmte Projet Escher Stadpark vun 1910 konnt nom Enn vum Ofbau vun der Minette op dem Gaalgebierg realiséiert ginn. 1912 Bei der feierlecher Eröffnung gouf de Parc Municipal mam Kiosk an der Panoramavue op Esch d’offiziell ‘zone de récréation de la Ville’. An deem Summer war d‘Sektioun Lalleng an d’nei Minettshaaptstadt integréiert ginn, ‘t waren do 250 Telefons-Abonnenten registréiert an ‘t entstoung nobäi eng Cimenterie, déi ufangs deeglech 75t Zement produzéiere sollt.

Ugangs vum éischte Weltkrich gouf d’Minett-Stad duerch d‘Bommenattaquen e riesegt Lazarett. D’Schmelze louchen zäitweileg stëll an d‘Problemer si gewuess. Um Krichsenn hat den 20.11.1918 Generol Parker als éischten Amerikaner Escher Buedem betratt. Am Joer duerno ass d‘1892 entstane Volleksbibliothek zur Stadbibliothek avançéiert. Nieft Plange vun neie Quartieren sollt den Urbanist Josef Stübben och d‘Park-Anlag erweideren; 1924 sinn hir Sport- a Spillplazen ernimmt, e Wëldpark mat einheimeschen Déieren, e Vugelschutzgebitt, Sprangbueren an e kënschtleche Waasserfall. Een dem Dr. Michel Welter dediéiert Denkmal gouf 1927 ageweit; (him louchen d‘Waasserversuergung an Aarbechterwunnengen um Häerz.) E Progrès war dann d’nei Tramligne Esch-Déifferdeng. (An den 1930ger waren d’Inauguratioun vum Koch-Monument, déi vun der Roseraie an déi vum Belvédère. Dobäi hunn am Kader vum 35. Anniversaire vum Verschéinerungsveräin owes d'Turnerinnen a griichesche Kostümen rhythmesch Dänz opgefouert. A vun der Héicht war d’Vue fräi bis an d'Arelerland. Spazéiergänger gesouchen 1957 de Pavillon Gaalgebierg entstoen (an 2010 e siwestäckege modernen Hotel mat Holzverkleedung.) De Camping an den Déierepark bestinn zenter ugangs de 1960ger. Héich Beem a wäitleefeg Gréngflächen, deels am englesche Stil, baue Stress of – a kënnen inspiréieren, bekanntlech ass “Gardening the purest of human pleasures.” (Francis Bacon)

P.S. Wichteg an de Stadzentre sinn attraktiv Grengflächen, déi niewebäi Stëbs aus der Loft filtren a Kaméidi bremsen. Den grad esou alen Hamburger Stadpark gouf emol beschriwwen als ‘Demokratisierung des Grüns’ - well e Liicht, Loft a Sonn fir jiddereen ubidd. Déi haut ganz populär Escher Passerelle op de gutt 400m héije "Gaalgebierg war ugangs ëmstridden, se gouf dann awer zum lokale Wouerzeechen. (Den Zolwerknapp mat 420m an de Gehaansbierg mat 417 sinn net vill méi héich.) Gaalge stounge fréier heefeg un der Markungsgrenz vun engem Geriichtsuert. D‘Brëtellen oder ‘Bretaalgen’ mam selwechten Numm, d‘Alternativ zur Ceinture, gesäit een haut nach selten. Eng vu verschiddne lokalen Traditioun, d.h. ewell den 22. Beach-Open-Turnéier lackelt deemnächst nees vill Beachvolley-Enthousiasten op a ronderëm d‘fënnef Sandplazen op d’Héichte vum Escher Stadpark.