Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Esch-Belval

D’grousst Stolwierk vun Esch-Belval huet laang d’Stad dominéiert. No sengem Abandon huet de Site gelidden a Belval ze reamenagéiere war e groussen an deieren Challenge. Aus der Industriefriche geet lues a lues en extraordinaire centre scientifique ervir – der Universitéit Lëtzebuerg hir Maison du Savoir. A Kulturelles huet do säit 2005 beispillsweis d’Rockhal ze bidden. Säit dem 9.11.2009 ass d’Gare Belval-Université a Funktioun. D’Awunnerzuel vun der Metropole du Fer läit 2014 mat hiren 18 Quartiere bei 32.600. Ee vun hinnen, de Véirel ‘Grenz/Hiehl’, entstoung nieft der usine sidérurgique. Wéi am Juli 1997 den Héichuewen vun Esch-Belval zougemat gouf waren 120 ha fräi fir eng Reconversioun; an dee ganze Site hat e remarkablen economeschen Entwécklungs-potential fir Lëtzebuerg an d’ganz südlech Regioun. Beim internationale Concours d’urbanisme war 2001 de Choix gefall op de Projet vun engem Quartier, deen d'Stad Esch mat der Gemeng Suessem verbënnd.

Fréier war hei alles anescht. Esch krut de 16. Mee 1328 säi Fräiheetsbréif an duerno goufe Mauere ronderëm gebaut. (D’Ursaach: seng Lag am direkte Grenzberäich vu Loutrengen an der Grofschaft Bar.) Virdrun, 1291, ass do en Arnold I. von Berwart ernimmt, (“Wart” bedeit befestegten Tuerm) a 1504 den Hans-Marquart von Schauwenburg-von Brandenburg als Schlasshär. Wéi den Olivier de Magny (+1561) seng Zäit geschildert hat, hunn deemols d’Duerfleit probéiert ‘de conduire en paix le train de leur ménage sans rechercher au loin autre félicité!’ Gläichzäiteg gouf der Schlassbuerg um Bock säi grousse Sall mam flandresche Gobelin beschriwwen. Den Abt Bertels hat „Esch avf die Alset’ ëm 1597 gezeechent mat Beffroi, Kéi op der Wis an Inten um Waasser. (Fir hie war näischt ‘ehrenhafter als die Geschehnisse für diejenigen aufzuschreiben, die nach uns kommen‘.) Enger Tëschen-Notiz no haten d’Escher Leit den 8.10.1737 ee beim Opzeechne vum Uelzechtlaf ertappte franséischen Ingenieur plus Mataarbechter als Gefaangener an d’Stad bruecht, wou de Grof von Neipperg s’awer fräiloosse sollt! (Lascombes) (Mä Vagabunde kruten deemols do laut Règlement e Stéckelche vum Ouerläppchen ofgeschnidden an d’Stater ‘Hutmacher‘ goufe sech nei Zunftstatuten!) D’al Escher Waasserbuerg war 1621 opgebaut gi mat Virbuerg a Waassergrief, hire Beffroi sollt 1721 nei entstoen (an 1973 restauréiert ginn!) Dat 3. Berwarts-Schlass vun 1763, am Stil Louis XV, hat de ‘Vizestatthalter’ Anton-Joseph vun Schauwenburg, Här vu Berwart, Bartreng a Stroossen opgeriicht. Dëst an d’Schlassmille figuréiere 1777 op der Ferraris-Kaart, an säi Lien mat Belval koum 1869!

Ëm 1850 bestoung eng populär rekreativ Zone tëscht Bieles an Esch. Deen Escher Bësch oder bois du ’Clair-Chêne’ gëllt als ‘théâtre de nombreuses légendes’ mä huet enger ‘usine sidérurgique à la pointe de la modernité’ Plaz gemat. Gläich nodeems 1869 Metz & Co Schlassbesëtzer waren (zum Präis vun 350.000 Daler) entstoungen zwee Héichiewen, süd-westlech d’usine Brasseur an süd-ëstlech an der ‘Schlassuecht’ um ale Beréng vun der Schauwebuerg d’usine Metz. D’Schlassrenovéierung foung an den 1880ger un. (Dokumentatioun vum Bau, an deem ë.a. den Hubert Muller-Tesch an d’Hären Norbert a Leon Metz residéiert hunn, offréiert de Site www.industrie.lu/ChateauBerwartEschAlzette.html.) 1905 goufen d’Dependencen zu Aarbechterwunnengen, de ‘Metze Kasären‘, ëmgebaut. Genee foffzeg Joer drop sollt alles bis op de Beffroi verschwannen! Wéi Esch 1906 den Titel Stad krut hat et 2.400 Haiser an 12.135 Awunner! D’1979 publizéiert BUCH vum Joseph Flies ‘Das Andere Esch - Ein Gang duerch seine Geschichte’ zielt 1300 Säiten!

1913 hunn iwwer 3.000 Aarbechter 400.000 Tonne Goss produzéiert, 360.000 Tonne Stool an 297.000 Tonne gewalzte Produkter. Als Vergläich zum allgemengen Developpement: ab 1922 waren d’Escher Telefonszentralen Dag an Nuet op (excepté de 03 à 06 h.) An den 1920ger haten d’ARBED an d’Société Métallurgique des Terres Rouges multifamilial Haiser mat 318 Logementer gebaut. Well d’Population rapid gewuess ass huet d’Schmelz 1923 d’Constructioun vun der Saint-Henri Kierch am Aarbechterquartier ‘Brouch’ finanzéiert. An 1934 huet d’Elisabetherinne-Congrégatioun eng Kanner-Garderie an der Minettmetropole opgemat. - Op der Schmelz war héijen Asaz gefrot, wat d’Anne Blanchot-Philippi poetesch ëmschreift «dans mon pays du fer, la nuit n’est pas la nuit, elle est pleine d’éclairs, elle est pleine de bruit, le vent n’est pas le vent, il n’a plus qu’un seul chant, celui de la machine et de l’acier grinçant.»

Säit 1997 dämpt zu Esch-Belval keen Héichuewe méi. Um “Terres Rouges” Terrain sollt tëscht 2001 an 2005 d’Filmkuliss Venedeg mat 600 Meter Kanäl a stilvolle Fassade Regisseuren a Spectateuren unzéien.. Och d‘Expo’100 Escher’ vum Raymond Reuter iwwer d’typesch ‘population eschoise’ hat Succès. An den Enn 2006 inauguréierte ‘bâtiment rouge‘ vun der Bill (tëschenduerch Dexia) beschäftegt ëm 1400 Employéen. Belval Nord proposéiert privat Logementer mat Vue op den 19 ha grousse Parc Belval - a Belval Sud d’Primairschoul, de Sportszenter a säit Hierscht 2011 de Lycée «Bel-Val» (a gëllt als idéal résidentiell Zone fir Familljen.) D’Square Mile ëmfaasst den dynamesche ‘quartier des affaires’, d.h. Gastronomie, Commerce, Wunne, Fräizäit a Kultur.

P.S. Do wou d’Liber Aureus Epternacensis en Haff HESC ernimmt heescht et haut ‘Investir à Belval, investir dans le futur.’ Dëst geschouch mat der Ouverture vun de centre Belvalplaza I & II (mat Appartementer, Café- a Restauranten, Boutiquen an dem grousse Kinokomplex.) An ‘Terrasse des Hauts-Fourneaux‘ nennt sech d’Häerzsteck vum industrielle Patrimoine mat ë.a. der ewell genannter Rockhal an dem Siège vun der Universitéit. Säit 2011 fuerschen iwwer 70 Spezialisten am neie Campus sengem éischte Gebai, der «Maison de la Biomédecine». (Di 2003 gegrënnt staatlech Universitéit Lëtzebuerg gouf op dräi Plazen - Kierchbierg, Lamperbierg a Walfer - verdeelt an hat am Oktober 2012 ewell 6.200 Stodenten aus ronn 100 Länner an ëm 170 Professeren aus 20 Natiounen.) Ass d‘Maison du Savoir fäerdeg ageriicht, installéieren d’eenzel Fakultéite sech nieft d’Fuerschungs-Instituter an d’Centres de Recherche publics. Deen neien Héichschoul-Quartier ass dokumentéiert op wwwfr.uni.lu/universite/campus_belval. D’Faculté de Droit, d’Économie et de Finance bleiwen zum Deel an der Stad! De Saz vun der Anne Befort aus den heroeschen Ufangsjoere vum haitege Lycée Robert-Schuman um Lamperbierg passt ëmmer nach an och hei: “Avec une élite d’élèves et de professeurs, rien n’est impossible.”