Ierseng
Ierseng zielt mat Trënteng a Réidt zum Trëntengerdall. Hanner Mutfert ass et dat éischt vun den dräi Dierfer aus dem Kiischtendall, an deem Liewesqualitéit grouss geschriwwe gëtt. Et steet bei Trënteng am Telefonsbuch an als klenge Punkt an der Groussregioun SaarLorLux. D’ E29 féiert doduerch a verbënnt Köln iwwer Ëmweeer mat Sarreguemines, der ‘cité faïencière’ aus der Lorraine. Se passéiert Iechternach, de Kierchbierg, d’Gaasperecher- an d’Beetebuerger Kräiz a Schengen. Ierseng gehéiert zur Gemeng Waldbriedemes, an där Leit aus 42 Nationalitéite wunnen. Dës all konnten 2007 d‘gréisser Bam-planz-aktioun observéiere bei där d‘Schoulkanner involvéiert waren. Si kënnen elo ‘hir’ Uebstbeem als Refuge vun Insekten a Villercher molen an d‘Roll vun Beien am Kreeslaf vun der Natur stodéieren. Nieft Kiischte gouf et do och Bongerte mat Mirabelle, Praumen, Aeppel a sécherlech och Mëspel. Dem Batty Weber seng Kalennerblieder (vum 18.12.1919) beschreiwen dësem seng heemlech Kloen um Stadmoart! De Vollbluttschreiwer sot näischt mä duecht wann dee Gekränkte vun engem Lüster erof Verléifter beim Kësse geséich géif en d’Bongerte, Reen a Schnéi net méi vermëssen.
Bei Renovatiounsaarbechten ëm d‘Klaus um Stiewesbierg bei Ierseng goufen Enn de 1990er Fëllementer fonnt déi net richteg zum Bau passen. Der Kapell hir ënnescht Steng sinn nämlech rout gebaken Zillen wéi d'Réimer se benotzt hunn. Wahrscheinlech waren am Laf vun de Joerhonnerten do verschidden Ëmbauten. Zeilen aus enger Stroossener Chronik iwwersprangen eng länger Zäit an ernimmen 1305 eng bedengungslos Schenkung vum ‘Becelin von Ersingen (Eresingin) und seiner Frau Margareta vu Strassen’ un d’Zisterzienserinne vu Bouneweg (eng Wis am Uert ‘en de Brule unterhalb Itzig’.) Nieft Bouneweg waren heirëmmer fréier och d‘Abteien St. Maximäin, Mariendall a Munster ‘seigneurs fonciers’ - an als ‘seigneur justicier’ gouf am 17. Jh. no de Buurschter a Pittinger Hären d’Famill Wiltheim ernimmt. (La Voix) (Zoufälleg fonnten Zeilen haten ewell 992-1026 e "Comitatu Becelini", d‘Grofschaft vun engem Becelin am Moselgau erwähnt - deen Numm war also ural.) Di 3 Daller Uertschafte ware säit dem XV. Jh. wuelbekannt als Händler- an Handwierker Dierfer ‘qui faisaient vivre l’économie locale et d’exportation.’ Do gouf ‘t ë. a. d‘Berufer vum forgeron, tisseur, menuisier, tonnelier, sellier, cordonnier et tailleur. Zu Trënteng an Ierseng (‘Hersing’ op enger aler Kaart) dauchen an enger vum Georg de la Val opgestallte Rent fir d’Joer 1594 zwee ‘Herrengulden’ op fir den Här vun Hamm.
D’Gemengen–Nouvellen bréngen e Réckbléck an d’Zäit vum Napoleon. Eng Statistik hat ënnerëm Buergermeeschter Mathias Engling vun Waldbriedemes de Flouer agestuuft: ‘t goufen deemools um Trëntengerbann 8 (gutt) Weessfelder - mä d’Iwwerzuel (d.h. d’Huewerstécker, déi fir Mëschelfruucht a Kuer, 14 Wisen, 12 Gromperen- an 13 Bounefelder) war schlecht! Wat d’Marie Curie e Joerhonnert duerno sot, ‘Mir wurde beigebracht, dass Fortschritt weder schnell noch leicht ist’) huet ewell do gestëmmt an duerno och fir muunch Emigrante gegollen. Auswanderer, déi zréckkoumen hunn heiheem 1894 de Club vun de Lëtzebuerg-Amerikaner gegrënnt. D’ ‘Luxemburger Land in Wort und Bild’ ernimmt den 19. Mee 1895, dass den Iersenger Här J. Reichling déi vum besote Veräin gestëften Oktavmass an der Kathedral besicht hat. Den 1833 zu Ierseng gebuerenen Nicholas Koppes (Sr.) hat 1854 Fouss gefaasst an Amerika; säin Eelste vun siwen, den Nicholas Jr. sollt ee vun de ‘well-known’ Farmer an Véiziichter vum Marysville townsghip ginn. (F. Gardini)
Aus enger Sammlung Detailler ka lues a lues en Duerf-Puzzel entstoen. D’Kapell um Klausbierg tëscht Ierseng an Trënteng (a Loftligne Syren, op 235m Héicht) gouf 2007 an d’Rei gesat mat Ënnerstëtzung vu Site et Monuments. (Déi konesch Kapell mam zierlechen Daachreider staamt aus dem Joer 1400 an ass de Chouer vun enger fréierer Kierch.) D‘aktuell Kierch am Dall steet fir seng dräi Dierfer. D'Pläng vum Staatsarchitekt Charles Arendt (deen 78 Kierchen entworf oder vergréissert an ë. a. de Munnerefer Hotel du Grand-Chef gebaut hat) goufe 1857 fäerdeg gestallt. De Bau sollt schonn 1880 mam haitege Chouer vergréissert ginn. (Seng Fënstren datéiere vun ëm 1900, vun 1935 an 1954.) D'am Joer 2000 klasséiert Uergel vun 1878 (aus dem louthrengesche Boulay) gouf entretemps eemol vergréissert, zweemol ëmgebaut an 2007 mat Suergfalt restauréiert. D‘Presse hat e Mëssgeschéck veréiwegt, dat bei hirer Weih Mëtt Juli 2012 passéiert war: d’Instrument blouf wéins engem Stroumausfall no e puer Téin stomm. Wéi um Schluss vum Festgottesdéngscht erstaunlecherweis nees Stroum do war konnt den Organist säin Talent zum Beschte ginn! - D’zwou lokal Weekapellen an en Oratoire presentéiert de Site luxchapelles.lu. 2010 hat d‘zweetklengst Duerf vun der Gemeng 191 Awunner.
P.S. Zum Thema Kiischten nach d’Info, dass virun engem gudden halwe Joerhonnert d‘selwecht Händler ëmmer an di selwecht Haiser koumen an di lescht Kiischten ouni Stiller gepléckt goufe fir Branntewäin. An d‘Brennereien wéi d‘aner Handwierksbetriber sollten hiert Wësse vun enger Generatioun zur anerer weiderginn wat e Garant fir Qualitéit war. Den Engelmann beschreift ‘ambulante Kirschenhändler’ an erkläert d’Remarque ‘dee Paltong as gutt fir de Kiischtemann.’ ‘t gouf där nämlech déi Kiischten géingt recycléierbar Material getosch hu mam Sprooch “Lompe fir Kiischten, aalt Eisen, ale Goss!” D’lokal Begrëffer Piner oder Stréikéiper hunn e ‘bauschege Kuerf aus geflechtem Stréih’ bedeit oder e Fëschkuerf. - De jonken Cyclisten an deenen, di sech nach un d’Zeil vum Joe Dassin erënneren ‘Dans Paris à vélo on dépasse les autos… A vélo dans Paris on dépasse les taxis’ däerft de Veloswee ‘Kiischtendall’ gefalen. Der ‘piste cyclable 27’ hir wichteg Beréirungspunkte si Bous, Mutfert, Sandweiler, den Hammerkierfech an de manner bekannten däitsche Zaldotekierfech bei Sandweiler.