Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ierpeldeng/Sauer

Ierpeldeng hanner Ettelbréck gëtt ëmmer a Relatioun bruet mat sengem tëscht 1620-30 gebaute Renaissance Schlass. ‘t koum op al Felementer a gouf encadréiert vun engem grousse Virhaff an zwou Réngmaueren. E Buerge-Buch supposéiert, dass als éischt zu Ierpeldeng eng sougenannt "Motte" den ale Saueriwwergang an de Landwee als Poart zum Éislek iwwerwaacht hat. (D'Géigend hei war zu gallo-réimeschen Zäite bewunnt an d’Duerfgeschicht ass enk verbonne mat de lokalen Herrschaften.) D’Schlass gehéiert zanter 1983 dem Staat, steet awer säit 1987 zur Verfügung vun der Gemengeverwaltung. Hire Siège an den noble Maueren huet munnch architektonesch Extravaganz, flämesch Konscht, eng ‘sublime cage d’escalier‘ (R. Bour) an eng berühmt Alabaster Cheminée aus dem Clausener Mansfeld-Palais. Am Schlasspark hat 2005 Fräilichttheater d'Leit an d'Belle Epoque zréckversat; d'spannend regionalhistoresch Fantasie vum André Bauler war ëm ’Roméo a Juliette’ aus der Nordstad an d'Elektrifizéiere vum Duerf gesponnen. Iwwregens produzéiert d‘al Millen ewell säit 1921 Stroum, an op enger al Postkaart lauert e Fëscher beim ‘Millewog’ op e schéine Saumon!

Di eelst bekannte Ritter vun der ‘Herpeldenger’ Waasserbuerg Frederic a Gerard (*1247 an 1252) ware Vasalle vum Veianer Grof. E Jorhonnert méi spéit war e Ludwig von Erpeldeng Mönch zu Iechternach an 1344 Dekan. No verschiddene Besëtzer ginn no 1465 den Damien de Gondersdorf do zitéiert an e mächtege Mäzen, de Guillaume vu Gondersdorf. Hien hat am Hierscht 1633 d'Tragi-Comédie "Iovinian" am Stater Jesuitekolléisch gesponsert. (Lascombes) Hie sollt d‘Renaissance-Schlass bauen. Senger Famill hire Wopen an der aler Dikrecher Kierch weist op d‘Influence vun der Ierpeldenger Herrschaft hinn! Ee vu senge Virgänger war nämlech als Markvogt vun Dikrech en héije Beamten vum Herzog vu Lëtzebuerg. Eng Weil duerno gouf de franséische Generol a Baron Gérard du Prel de Chapois Schlasshär an Zeile vum Charles Antoine du Prel erënneren un de kaalste Wanter 'säit Mënschegedenken'! 1709 sinn d’Vullen, d’Fësch, ronn 300 Schof vu sengem Papp an och d’Uebstbeem erfruer. D’Äis op der Sauer war véier Schong déck, (A. Bauler) an d’Iessen ass bal um Teller gefruer (grad wéi de Wäin um Dësch am Versailler Schlass..) Historesch beluet ass 1740 dem Ierpeldenger Baron seng Grompere-Verdeelung un d’Baueren. 1838 koum de Verkaf vum Schlass un de Baron de Blockhausen, mä kuerz drop houschen d‘Copropiétairen Kalbersch an Kierchefabrik, (d.h. e puer aiséiert Awunner.) (A. Neyen) E Chronogramm verschéinert d’säitlech Schlassentrée «les barons quittèrent leur riche demeure – Dieu soit loué – un pauvre clerc y habite maintenant.»

D'Duerf war bis 1808 Filial vun Dikrech a gouf ënner dem Napoleon selbstänneg Por. D‘al Kapell am Schlasspark war fir Dengschter disponibel bis 1847 de Geschichtsfuerscher an Abbé Kalbersch d‘Porhaus an e sakrale Raum an d‘Schlass installéiert hat. Zwielef Joer duerno erwähnt d’Chronik d‘nei Kapell am Park. 1882 koum e grousse Moment, den 1,32 ha grousse Schlasskomplex goung un d‘Famill Willem Keun vun Den Haag, à Condition eng definitif Kierch, e Kierfech an e Porhaus opzeriichten. En eeschëffege neogotesche Bau ass dann 1883 aus dem Buedem gewuess. D‘Bänken haten 750 an de Muttergottesaltor 800 Frang kascht. D’Konsakréierung koum 1924. Trotz engem Aschlag blouf de pronkvolle Barockaltor am Krich intakt. D‘Luxembourg News of America hat der Angela M. O’Connell-Reiff (+1981) hir Donatioun un d’Kierchefabrik publizéiert. Dës hat 1974 eng Altor-Restauratioun mat neier Weih erméiglecht, e Liespult an e partiellen neie Buedem. (Hir Mamm Marie Reiff-Engel hat vun Ierpeldeng gestaamt, hire Papp vu Feelen.) D'Kierch krut 1977 eng elektronesch Ahlborn-Uergel mat 26 Regester an 1987 als 4. eng Willibrordus-Klack. Den Dag vun hirem Patréiner ass "Pauli Bekehrung"; hie steet baussen als Saulus, als Zaldot, an um Duxall als Paulus mat Buch a Schwäert. Hie gëllt als Protektor vun der Press, vun Theologen an Teppechwiewer. D'Chorale Concordia entstoung 1883 an ass zanter 1961 mat der Musek liéiert. (Deels a. d. 'Kierchtuermscauserien')

Eng remarkabel Photo aus der Belle Epoque weist den daperen Ierpeldenger Bauerejong Guillaume Leyder als Volontair an der peepstlecher Schweizer Garde. (+1933) Seng Nokomme si sécher stolz op hien. Ob an hire Gäerd och "Ierpele" gewuess sinn? Sou heescht Äerdbier laanscht Our, d‘Sauer an zu Steesel. (D’däitscht Uertschaft Erpel vis-à-vis vu Remagen geet op d’keltescht Herpilla zréck, gouf dann ‘Erpilla’ an Erpell, wat "wiesenbewachsener Hügel" bedeit an den Uertsnumm erkläre kéinnt.) Typesch hei an zu Eppelduerf ass iwwregens 'Bräiläffelsholz' fir Ahorn. D’Geschicht vum Virgil Conzemius, engem amerikaneschen Zaldot an Nokomme vum éischten Ierpeldenger Buergermeeschter Sebastien Conzemius, ass emouvant. Hien hat Enn Dezember 1944 eng Lueweshymn iwwer d’Duerf heem geschéckt (“Pa should be here, he would get along good with the Luxembourg people”) a koum ëm am Februar 1945 zu Bettendorf um Rhäin.)(Website: Fallen Son & Daughters Profiles.)

P.S. Am Januar 2013 haten d'Gemengeréit mat enger Ausnahm fir d’Äennere vum Uertsnumm an Erpeldange-sur-Sûre gestëmmt. Dës Proposition de loi gouf dann am Mee 2014 als recevabel erkläert. D’Motiver waren: 'zwou aner Uertschafte mam selwechten Numm - eng bei Bous an eng bei Wolz - d’Attache entsprécht enger geographescher Realitéit, évitéiert Verwiesslungen an ënnersträicht d’Identitéit vum Uert an der Gemeng!' Den agreablen 13km laange ‘circuit train-pédestre’ verbënd Ettelbréck mat Dikrech via Ierpeldeng a Fridbësch. En ass neierdengs als "Premiumwanderwee" agegliddert an den 'Escapardenne' Éislek Trail. Dëst ass ee vu ville Piëd fir Leit déi d’Goethe-Leitmotiv approuvéieren «Willst du besser sein als andere, dann wandere». Am 19. Jh. war den Hotel Dahm ewell eng ‘Raststätte für Reisende’ an der Entree vun den Ardennen. (D‘lokal Awunnerzuele si säithier geklommen: 1848 Erpeldange et 'Zillenhutte' 523; (1821 – 604) an 1.1.2015 – 1120.) Nach ervirzehiewen: d’stenge Sauer-Bréck fügt sech säit 1902 an d’Natur an d‘Claus Cito Skulptur "Die Kniende" (vun 1941) belieft den alen Duerf-Kierfech als ehrwürdegt Denkmal. Iwwer dëst, de Kulturzentrum "A Maesch", a villes méi erzielen d’Bicher vum Michel Wilhelm.