Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ierpeldang

Zu Ierpeldeng, oder lokal Ierpeldang – dem drëtten Duerf mam dem selwechten Numm – kréien d’Maisercher eng kulturell Animatioun an Aktivitéite mat sozialem Hannergedanke gebueden. Grouss Wierder fir den Alldag vun enger Maison Relais/Garderie ‘Eis Wibbelmais’ op Nr. 2 ‘An der Gaass’! Déi zweebeeneg Butzen hunn natierlech eng naturno Spillplaz ouni Beton mat Wuess an onbehandeltem Holz an en attraktiven Ubau mat gehëtztem Wantergaart. Bei d’diskret Ardenner-Dierfchen un der Himmelbaach passt d’Zitat vum L. Reiners ‘Guter Stil ist unauffällig.’ 2010 hat den Uert eng Populatioun vun 254 Awunner an Enn Dezember 2016 vun ewell 293. Seng 145 Leit aus dem Joer 1848 hu sech also verduebelt. Dat klengst vun den Dräi mam selwechten Numm steet als éischt am Lëtzebuerger Diktionnär hanner Iermsdrëf als Ierpeldang, déi zwee Homonymen un der Sauer a bei Bous ginn Ierpeldeng genannt, an dat lescht lokal och Äerpeldéng.

Vum 5. bis an d‘8. Joerhonnert kruten nei Usiedlungen den Suffix -ingen oder -heim (z.B. Leudelingen oder Sassenheim.) Den aktuellen ‘tissu bâti’ vun Ierpeldang besteet aus zwee Deeler, een huet als héchste Punkt 351m, den aneren an der Moyenne 25m manner. D‘Ferraris Kaart bezeechent d’hei porträitéiert Duerf als Erpelding. E ‘relevé des foyers’ vu 1473 ernimmt d‘seigneurie de Wiltz ‘englobant Oberwiltz, Nederwiltz, Wydingen, Noirtringen, Erpeldinge, Ruyldingen, Buderscheit, Wynseler, Eschwiller, Merckholtz, Nocheren, Dail (Dahl), Beren (Boevange), Nothon, Kuchendorf (Kaundorf) et Entzenbourren (Insenborn) an zwee Häff mat grad emol 204 Menagen. D’Braque mam donkle Collier stoung am Eschwëller Wopen fir d’Wolzer Herrschaft, (dem Hond seng Häre ware Vasall, d.h. Gefolgsmann vun der Leschtgenannter.) D’chapelle d'Erpeldange gouf 1675 ernimmt. D’5,3km laang Himmelbaach leeft säit jeehir mat hiren Niewebächelcher an d'Wolz. Eng aner mat deem mysteriéisen Numm trëfft een am schwäizer Kanton Zürich an en drëtten ‘Himmelbach’ fléisst mat der Pegnitz duerch Nürnberg. Soll een aus hirer Siicht geschriwwene Saz vum Schiller "Ganz hypochondrisch bin ich vor langer Weile geworden, und ich fließe nur fort, weil es so hergebracht ist" och hei passen? Ëmmerhi gounge 1766 Ierpeldenger Auswanderer an de Banat. (Lamvaire Jakob/ Mercy Nikolaus/ Till Andreas *ca 1745/ an e Mores Peter vu 1785 Rulljen.) (Familjefuerscher Nr. 77.) Dem Maria-Theresien Kadaster säin Inventaire vum ‘Quartier de Bastogne’ zielt Deeler vun Erpeldange, Nacher, Noertrange, Weydingen a Saassel zu de ‘justices des franchise et cour féodale’ du comté de Wiltz.

Ierpeldang huet bis uganks 2015 zur Gemeng Eschwëller gezielt. ‘t hat bis 1803 mat Weidingen, Roullingen, Nocher, Dahl, Masseler, Buderscheid, Winseler et Noertrange zur Wolzer Por gehéiert.) Seng Eligius-Kapell steet zentral op der Strooss ‘Um Knupp’. Hir Ronnboufënstere vun 2001 si modern Kompositioune vum Robert Emeringer. Visiteure kënnen an hirem Kiercheraum e massiven Holzglobus am niddregen Altor bewonneren, ee klasseschen Haapt- e Säitenaltor an e Priedegtstull. Um sonnegen 13. September 1947 gesouch hiren Daachreider eng ‘procession d’une longueur jamais vue’ d’Statu vun der Fatima-Madonna op Nidderwoltz begleeden. Op deem Wee gounge fréier muuncher aus der Eschwëller Gemeng an d’Wëlzer Liederfabrik schaffen. - Haut zirkuléiert de Schoulbus vum Wolzer Lycée op Ierpeldang. E brauch dofir siwe Minutten a bei d’Clierfer Post nach siwenzéng méi. Déi Jonk kenne kaum nach d’Métapher ‘huile de coude’. S’ëmschreift den Effort «Plus on met de l'huile de coude, plus ça reluit.» (Émile Zola). Kierperlech Energie an e feste Wëllen hunn och d’lokal Baueren an Handwierker gebraucht, an och déi aner, déi d’Dierfer verlooss hu fir ‘an d’Siderurgie’ schaffen ze goen.

Ginn hei am Hierscht Stréibotte vergiess oder bleiwe Grompere leien, erënnere si d’Beem an Hecken am Wanter un de Summer. E brutale Wanter mat ‘pouring rain, winding roads, heavy enemy attacks and heavy damage in Erpeldange, just north of the town of Wiltz, five miles southwest of Drauffelt’ si Stéchwierder aus dem Buch ‘The Ardennes, 1944-1945 by Christer Bergstrom.’ Eng Zeil vum 19.12.1944 ernimmt erbattert Kämpf u senger Stroossekräizung, déi an dräi Stonne véiermol de Besetzer wiessele sollt. - D’fréier kurkölnescht Stiedchen Erpel mam kelteschen Ursprong huet ausser senge 5 Buschtawe kee Lien mat eisen Dierfer - ausser eventuell Wisen am Südhang. (D‘Erpeler Ley gouf wéins hirer Südlag nämlech éischter gréng.) Mä zréck an de Landstréch ëm Wolz. Säin Territoire hëllt eng privilegiéiert Stellung an bei der heimescher Déierewelt. Grad wéi Woltz bidden Ierpeldang an ë. a. den enken Himmelbaach-Dall an dee vun der Kirel wonnervoll Landschaftsmotiver am Buch mat der fotografescher Wanderung vum Claude Windeshausen.

P.S. Vun Ierpeldang bei Wolz koum den Zänndokter a Sproochfuerscher Jos. Weber. Hien hat 1906 de «Letzeburgesch-latein-franze'sch-deitschen Dixionär vun de Planzen» verëffentlecht a war deemols ‘die eigentliche Seele der 1897 gegründeten Wörterbuchkommission’ (Engelmann.uni.lu -Virwuert), Matgrënner vun ‘Ons Hemecht’ an ënner aanrem vum Stenographeveräin. (Engem Auswanderer vun Ierpeldeng/u. d. Sauer säi Jong, de ‘Jim’ Bausch, krut 1932 bei den Olympesche Spiller zu Los Angeles eng Goldmedaille. An als „grössten Erpeldinger aller Jahrhunderte“ nennt d‘Gemeng Bous den 1509 zu Malines verstuerwne Nicolas Reuter (le Ruistre), e ‘prélat des Pays-Bas’ a Frënd vum Thomas Morus an Erasmus vu Rotterdam.) - Dem ONT no sinn ‘Erpeldange, Eschweiler, Knaphoscheid a Selscheid roueg Dierfer op engem Ardennenplateau - ëmgi vu ville Bëscher.’ Se leien an der Noperschaft vun intressanten Touristenzentren. Fir si, fir hir al an hir nei Awunner däerft de Saz vum François Cavanna gëllen ‘Là où on a chaud au coeur, là est la patrie.’