Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iernster

D‘Duerf ‘Erenzen’ un der Schwaarzer Iernz hat 1528 genee 17 ½ Menagen, ‘t zielt där haut 129 mat 377 Leit. Iernster, d‘nërdlechst Uertschaft an der Gemeng Nidderaanwen, läit am 25 km laangen Dall, deem seng Attraktioun Schéissendëmpel heescht. Seng Nopeschuertschafte si Gonnereng a Rammeldang. Et huet eng Chorale, en CTF-Veräin, vereinfacht “Gaart an Heem” (säit 1993 eng staatlech unerkannte Naturschutzvereenegung) an d’‘Iernster Stoussnëckelen’. Dësen hire Motto kann souwuel ‘Détente’ wéi Geloossenheet heeschen, eng Astellung‚ ‘déi d’Liewen eescht mä net schwéier hëlt’. (E. Reinhardt.) Si këmmere sech nämlech ëm d’Buergbrennen an organiséieren e Kiermes- an Duerffest. (Hiren Numm klengt no verstopptem Protest – mä dem Vocabulaire vun hirer Gemeng ass d’Wuert verstoussen friem.) D’bal 300 Säiten déckt rezent Buch ‘60 Joer Gesank’ ass eng opschlossräich Quell vun groussen a klengen lokalhistoresche Fragmenter vu virun 2011.

Dem Duerf seng Héicht läit tëscht 325 an 339 Meter, seng Geschicht ass verankert mat der aler an zwee gedeelter Landmeierei Sandweiler. Zougehéireg zou dëser Verwaltung war den ‘Unterhof’ mat Uewer- an Nidderanwen, Sennengen, Ramelding an Iernster`! An ënner der selbstänneger Herrschaft vum Haff Anwen waren d’Awunner fräi Bierger mat allerhand Rechter a Privilegien.’ - 1603 haten engem Dokument no ë. a. de “Johann von Ernster, Friedrichs Paulus von Nideranffen an Thomas Meyer d’Oberanwen, (mayeur, échevins et justice de la Cour d’Oberanffen) d’Vente vu gëierften Iernster Gidder vum Reyner, breyffmeyer de Oberanffen u säi Brudder attestéiert.) (Signéiert: Robertus Wolfsfeld, curé à Hostert) Ernster a Senningen ware 1604 als ‘villes franches’ ernimmt. - D‘Geschicht beliewen ëmmer nees kleng Detailler aus verschiddnen Epochen. Beispillsweis haten 1691 de Johann Wiltheim a seng Schwéiermamm, d’Veuve Busbach, den Eresingerweier hannerëm Gréngewald fir néng Joer verlount. Et gouf där Weiere méi, déi Metzeler gelount hu fir d‘Deeg wou kee Fleesch giess gouf, Hiechte, Kaarpen a Schleien ze verkafen. (Notiz vu 1699.) De Vertrag vum Landmeier vu Schittringen mam Metzler aus der Stad ass e Beipsill dozou. D‘Ferraris Kaart weist nobäi dee grousse Fëschweier, dee bis ongeféier 1920 bestoung. Vum alen Damm stinn nach Brochstecker. Op dem eelere Plang vum Gréngewald vu 1728 falen d‘gestaute Baach op an de bois d’Ernster.

D‘eelst schrëftlech Erwähnung vum Engelshaff südëstlech vun Iernster geet op 1526 zréck. Donieft gëtt et Hiweiser datt do schonn am 15. Jh. en Haffgutt stoung. D‘Ferraris-Kaart bezeechent dëst ëm 1777 als Cense de Engels Haff. De Massepad fir d’Engelshaffer veréiwegt eng Flouerkaart. - Déi al Kapelle vun Iernster, Rammeldang a Senneng waren nëmmen Oratorien (d.h. Biethaiser fir d’Biede vum Rousekranz.) D’Duerf huet ewell ëmmer zur Por Hueschtert gehéiert. (Säin neie Kierfech gouf 1890 ageseent.) Där haiteger Iernster Kierch hiren éischten Entworf (vun 1871) gouf geännert an nom drëtten war se 1892 fäerdeg. Se huet en eleganten Daachreider. Um grousse Chouerbild vum Zanter (vun 1949) si Jesus an den hl. Jousef ëmginn vu Fraen um Feld a Männer, déi vun der Aarbecht kommen. Deen op Metall gemoolte Kräizwee verschéinere stilvoll Kadren aus Holz. Haut ka gesot ginn, d‘Duerf huet et fäerdeg bruet eng Kierch mat Hëllef vun senge Leit an do usässege Steemetzer opzeriichten. An zoufälleg fonnten Zeilen aus dem Joer 1444 heescht et vum typesche Lëtzebuerger ‘Wann d´Bierger sech och ënner dem Drock bécke mussen, dann als Stéi-op-männchen. Se si schlau an hir Ausdauer ka keen hinnen huelen.’

Eng iwwer 16m héich Eech steet als ‘patriarche incontesté du vallon’ bei där ewell ernimmter Ferme. Se gëtt op ronn 200 Joer geschat, an huet eng onsymmetresch Kroun. D‘Buch ‘Remarquabel Beem’ vun 2002 nennt se ‘gardien de la petite chapelle près de la ferme Engelshaff, figurant parmi les dix chênes les plus gros du Grand-Duché’. Et bewonnert anengems d’Symbiose vum Respekt fir d’Natur mam reliéise Glawen, di de fréiere Generatioune gutt gelongen ass. D'Kapell mat der Statu vum gudden Hiert an d'Eech - 1980 als den 20. déckste Bam am Land ugesinn - gehéieren zu deem noen Haffgutt. (Dëst hat.am Joer 1848 enger Zielung no 19 Leit an Iernster 208.) Vun engem eenzele Bamheld bei d’Notiz, dass de Gréngewald 1966 zum monument culturel national déclaréiert gouf. Schlussendlech nach den Hiwäis, dass ee laang nach am Bësch “Warschent” bei Iernster di fréier Form vun der ‘Niederwaldwirtschaft’ (d.h. Louhecke) fanne konnt. Dës gouf hei a geréngem Mooss op 20–25 ha bedriwwen a war fir munnchereen en Nieweverdéngscht!

P.S. D‘Schwaarz Iernz heescht op deenen éischte puer Kilometer "Iernsterbaach". Si an hir ‘wäiss’ Nopeschbaach hunn d‘Uertsnimm Iernzen an Iernster inspiréiert a weisen, dass Gewässernimm ganz al Ausdréck konservéieren. D’franséischt «Arance» entspréngt aus dem viirkeltesche Flossnumm Arantia. D‘Initiale ”A” oder ”E” sinn dobäi onwichteg. (E. Steinmetzer) Béid Iernzen ginn net a Lidder besongen, wéi d‘heemlech Réidener Hymne - mä den Atert-Text staamt vum hei gebuernen Thériente, alias Jempi Welter. Hien hat 1945 duerch en amerikanesche Majouer d‘Goldgriewerballad vum ‘Darling Clementine’ héieren an iwersat. Dëst koum wahrscheinlech an de Vergiess; mä dem Peter Ustinov no gläicht d’Gediechtnes dacks engem Tirang dee ‘klemmt’. - Zënter 1932 ragen d‘Jonglënster Radiosantennen hanner dem Horizont an den Himmel. Der Anlag hir dräi 215m héich Laangwelle-Masten déngen haut als Reserve. Wien hätt geduecht, dass 1986 pro Persoun d’deeglech Écoute vun allen internationale Radio-Noriichte gläichkéim mam Liese vu 55 Dageszeitungen...