Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Eesebur

Eesebur hat 1927 just 89 Awunner a 24 Haiser an haut liewen do 146 Leit. D’Duerf läit net wäit vum Stafelter um Bord vum Gréngewald. Wéins sengen ‘ausgedehnte Wälder’ war et fréier eng finanzkräfteg Sektioun vun der Gemeng Jonglënster. Et zeechent sech haut duerch e ländleche Charakter aus. Sollten do emol Felder brooch leien, hätt de Victor Hugo dat sengerzäit net tragesch fonnt, well hie sot ’Je ne sais pourquoi je trouve du charme à regarder un champ inculte. Cela représente le possible.’ Als Uertsnumm ass ‘t och als Eseber a fréier als Eysenbruch oder Eisenbourg dokumentéiert. Ob seng zwou éischt Silben op fonnten Äerz, Wisenäerz, hiweisen oder op eng Plaz wou Eise verschafft gouf ass onkloer. Bruch bedeit jiddefalls suppeg Landschaft. Mä iwwerall wou Waasser lues fléisst sinn ideal Plaze fir d’Botterblumm oder d’Iris an flott Motiver fir d’Filmkamera.

Südlech vun Eesebur verléisst d’ “Wäiss Iernz” de Gréngewald; ufangs heescht si ”Schetzelbaach”. Eng Kaart vu 1721 vum ‘Gréngewal’ indiquéiert donieft terre labourable, Land vun de Maximiner vun der Mënster-Abtei, d’Duerf an de ‘Bois de communauté d’Eysembruch’. (An engem ale Gebuertsregester figuréiren ë. a. eng Gallet Maria, née 1685 à Eysembruch an do bestued de 26.7. 1705 mam Brizebois Petrus, né 1680 à Eisebruch.) (Den am franséischen Département Moselle heefegen Numm Brisbois kléngt wéi de ‘surnom moqueur d'un bûcheron’). D’Réngelbaach speist hei virum Uert Weieren a leeft dann an d’Wäiss Iernz. Dëst si kleng Detailler; en anere weist seng Lag “in nächster Nähe’ vun der Herrschaft Linster hirem Westrand. An de Sproochenexpert Robert Bruch schreift, dass d’west-lëtzebuergesch Form vu “gemät, gemeet” d’Uelzecht südlech vu Miersch bis op Eseber iwwerbréckt, an d’östlecht Guttland gemaacht oder gemat seet. Bei der Schetzelkapell erënnert e Gedenksteen un den Adolf Weis, de Schrëftsteller an ‘Eseber’ Schoulmeeschter vun 1921 bis ‘35 mat Dengschtwunneng am Schoulhaus, mam groussen ‘Häerz fir d’Natur’. E krut vu sengen erwuessene Schüler versprach opzepassen, 'datt de Gréngewald seng Séil behält!' (A.S.) Vill iwwer d’Duerf an hien erzielt d’Buerglënster Concerts-Brochure 1997, beispillsweis iwwer d‘Erzielstonn samschtes Mëttes an der Schoul. E goung och heefeg mat de Kanner bei d’Schetzelbaach, gesouch am Bësch e Komponist vu luesen Téin a war do de ‘Waldschulmeister’. D’Schoulgebäi gouf spéider e Wunnhaus.

Eng eeler Beschreiwung ernimmt d‘haut verschwonnen Eeseber Millen (...déi Appartementshaiser wäiche sollt), muunch Charakterkäpp ënner de ronn 100 Séilen, d’Duerfschmëtt, zwee Bistroen, den haut ofgerappte Wäschbuer, d'Fieschterhaus an d'Schlass. Säin Haaptgebai haten no ‘Wirren’ vun der franséischer Revolutioun franséisch Flüchtlingen ufangs vum 19. Jh. gebaut. Deen am Fong herrschaftleche Bauerenhaff vereedelen dekorativ Hallefbéi aus Haasteen iwwer de Fënschteren. D’Sainte Sophie Schwësteren haten do zenter 1902 hiert Vakanz-Haus. No hinnen hu 1993 hei 9 Familljen aus Ex-Jugoslawien e provisorescht Heem fonnt ënner dem neie Besetzer, dem 'Fonds de Logement'. Monument classé ass hei nieft der Nr.6, rue de Blaschette säit November 2009 den Ensembel «Château d’Eisenborn» mam Gaard a Weier. (Eng Pressezeil informéiert dass d‘‘staatlecht Gebai zanter 2000 eidel steet, eng aner, dass d’Jonglënster Wunnengsbaupolitik sech mat sengem Reamenagement beschäftegt.) D‘no Uessel- a Kléngelscheierhäff zielen zur Gemeng Luerentzweiler.

Seng relativ schlicht Lukas-Kapell mat Daachreider geet zréck op 1771. Beim Ëmstrukturéiere gouf se 1808 zur Porkierch erhuewen. (D’Duerf hat 1848 allerdéngs och 175 Leit, d.h. méi wéi haut; ‘t ënnerstoung ab 1844 Blaaschent an zielt elo zur Por Buerglënster.) Hir hell Säitenaltär sinn net méi do, de Chouer fëllt en héijen donklen Haaptaltor. (Ënner hire siwe Statue sinn der zwou, de Patréiner an een hl. Beschof, aus dem Bildhaueratelier vum Nicolas Greeff-Greisch. D’al Bänken ersetze Still. D’Kapell koum am Hierscht 2002 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den Nationalmonumenter. Net ze vergiessen, hir véier Fënschtre vu 1905 gëllen als Fréiwierk vun der Stater Manufaktur Simminger a presentéieren e Lukas- an e Schetzel-Medaillon. (Dem Adolf Weis sengem Brudder Wëllem säi Buch ‘Knecht der Liebe’ traitéiert d'Liewe vum Eremit, dee 14 Joer op materiell Wäerter verzicht hat.) Eng 1906 publizéiert Edmond de la Fontaine-Etude vermutt hien hätt en heednesche Bëschgeescht, e Schrat oder Schretzel, aus de Gréngewald-Legende verdrängt. (Ëmmerhi gouf d‘Göttin Diana hei nach am 12. Jh. veréiert.) Nom gestrachenen 'r' aus dem Geeschternumm (keng Seltenheet, fréier) blouf da Schetzel. Dës Iddi hat Halt, well d‘Biographe kee secheren Numm fir eisen Eremit uginn. (aus ‘Die deutsche Götterwelt im Luxemburger Lande’, Publikatioun vun der Section historique an 'digitized by Google.')

P.S. D’molerescht Duerf nennt den Engelmann Äsber an de Flouernumm ‘op den Äässen’ en ‘meist abschüssigen, häufig feuchten Weideplatz.’ De Paul Leuck (*1914) war vun hei a gouf als Jong vun engem loutrengesche Mëller, (deen iwwer Ouljen op Eesebur komm war) duerch Optioun Lëtzebuerger. Eise Pionéier vu Radio-Émissiounen aus der Nokrichszäit hat ë. a. de President Eisenhower interviewt, Sichaktiounen no Vermëssten duerchginn, Kranker mat defteger Riedensaart opgemontert, an d‘Zaldotestonn 1945 beim Grënne vun der Berufsarméi an d’Liewe geruff. E krut Wäeschkierf voll Post a seng landbekannte Stëmm, seng Noriichten a politesch Commentaire goufen e 35järegt Stéck Lëtzebuerger Radiogeschicht.