Iener
D’kleng ländlech Gruppesiedlung Iener oder Éiner läit ënnen un dem bëschbedeckte ‘Kamm‘ mam Kiem Arel–Sëll. Et läit geographesch gesinn am westleche Guttland a geologesch um nërdleche Bord vum ‘grès de Luxembourg.‘ ‘t zielt zur Gemeng Sëll an huet 8 Ménage mat 27 Awunner. (Okt. 2017) 1848 ware vu sengen 21 Leit 2 am Gemengeconseil, an 1885 koum et op 30 Séilen. Säi groussen Haff mat der Nr. 1 op der Haaptstrooss, aus der éischter Hallschend vum 19. Jh. ass och ouni d‘aalt Wäschhaus e Bléckfank. Deen um Häwee Nr. 2 a Riichtung Simmer ass fachmännesch restauréiert . De remarkable lokale Patrimoine krut a leschter Zäit Gesellschaft vun e puer neien Haiser. Mä e bleift weider schützenswäert; d’Anlag vu den Hieff an d‘deels intakt Natur weisen wéi et fréier südwestlech vu Kaalmes, dem Titzebierg a südëstlech vu Schweech war.
Ehner war 1267 als Inné agedroen. Ee Visitatiounsberiicht vun der Por Simmer erwähnt 1454 Massen zu Éier vum hl. Mathias a Jacobus a senger Kapell. D’Dierfchen hat virum Drëssegjährege Krich 7 Feierplazen a war 1656 ’tout ruiné’. Virun der Pescht hat et méi Haiser, Mauereschter a Flouernimm erënneren drun. ‘t stoung och emol eng Seeerei bei der Haasselbaach. D’Gidder vum Haff Iener hunn ausgangs vum 17. Jh. dem Thomas Marchant, Här vun Aansembuerg a ’Siebenborn’ an den Hären Theis vun ’Esch op der Hurt’ gehéiert. (Bëschinventairen ernimme 1745 d‘Vente vun 300 Eechestämm un hollännesch Händler zu 7 Daler d‘Stéck (aus Bëscher vu Simmer, Ell an Ehner) (Helbach). - Dem Michel Reding aus dem Haus Roots d’Ehner (+1743) seng Hochzäit war 1741 agedroen. D‘Ferrariskaart weist 1777 do zwee gréisser Haiser, wahrscheinlech dat just ernimmten an d‘handschrëftlech ugezeechent „Maison Reiffert“ mat Ziergaart (wahrscheinlech Ancêtre vum Edmond Reiffers). Dësen ernimmt Legilux.lu, ‚né et demeurant à Ehner, le 3 septembre 1833‘ als Examenskandidat - an och d’‘Studie-bourse’ vum Mathias Risch, deen tselwecht Zäit do gebuer war. E Kadasterplang weist 1824 ‘zwei Gehöfte’ an eng Kapell. De Bauerenhaff (vun 1832) aus dem Häwee gouf monument classé; säi viirleschte Besëtzer hat besonnesch Verdéngschter ëm d‘Araberpäerd. De renovéierte Bauerenhaff, d‘Haaptstrooss Nr. 3, ass d‘Copie vum impressionannte Kapwëller Haus Risch. (haut Henri Fisch.) An d‘gutt restauréiert Nr. 1 féiert an 3. Generatioun d‘Famill Krier - déi d‘Kollektivmémoire opriicht hält.
Zwëschen Iener a Schweech stoung virun der franséischer Revolutioun eng éierwierdeg Eech mat engem Bildchen an enger Nisch. D‘liicht agewuessend Bild hat nach 1861 Leit vu ronderëm ugezunn. D’Buch vun der Kapweiler Kapell hirem 500. Anniversaire presentéiert ë.a. Weekräizer aus der Ëmgéigend. D’restauréiert Onfallkräiz vun 1636 mat Inscriptioun an d’bal grad sou aalt Dankkräiz (beim Haus Nr. 1) schéngen ‘alter Tage zu gedenken’. Ee verwitterte Sockel am Iener Bësch mat Bildstack dernieft (v. 1725) an e Sockel um Bëschrand si reliéise Patrimoine. D’verschwonnent Niklos-kräiz beschreiwe just aacht Zeilen. - (D‘Dierfche war am Ancien Régime zur Por an zum Schlass Simmer zougehéireg.) Nieft der Kräizung um Häwee steet d‘aktuell Iener Kapell mat Daachreiter a Viirhaff‚ enger ‘cour minuscule cernée d'un mur.‘ D‘Duerfleit haten hiren 1866 gebauten an 1910 geweiten zweejochege Raum finanzéiert. Diskret Besucher fille sech doran ‘umweht von verspätetem Gebet.‘ An de Joren 1990-1991 koum hir Restauréirung an 2005 d'nei Fassade. D‘gefälleg Remakel-Kapell huet polychroméiert Statuen a konschtvoll Fënschtre mat Medaillon (z.B. d‘Lamm mat Ouschterfändel) vun ëm 1900. Iener huet zweemol am Joer eng Mass zur Éier vum Patréiner. Hie sollt am Joer 648 d‘belscht Stavelot grënnen.
De raren Dräidar zu Iener, e Rhamnus cathartica, steet vis-à-vis vum ewell ernimmten Haus Nr. 2 an enger Wiss. Um Enn vum 20. Jh. gouf dem Baamstamm d’Kroun ze schwéier... e krut eng Stäip a ‘wiisst’ weider an engem Biotop - ofgeschiermt mat engem Zonk. E gehéiert säit 2002 als eenzege vu senger Aart am Land zu eise bemierkenswäerte Beem a koum ënner Naturschutz. (Säi Stammëmfank war deemols op Broschthéicht 1,44m, seng Gréisst 6m.) 2009 krut de Proprietär d'Natura-Plackett 2008 fir d'Erhale vum fréieren Iener Gaart mam Dräidar. De Bam gëtt elo renovéiert. Aktuelles nach vun 2016: Eng Prizipiendecisioun iwwer de Bau vun enger Kläranlag am Weste vum Uert gouf eestëmmeg ugeholl. D’Feldweeër an Holtges a Winebesch ginn och an d’Rei bruet. (Ewell 1883 goufen e Projet a Statuten iwwer eng Genossenschaft ënnersicht zum Thema nei Feldweeër). Den Héichtewee op Arel ass wéi säit éiwegen Zäiten d‘ligne de partage des eaux tëschent dem Atert- an dem Äisch-Bassin. De Bëschbuedem ass do gesiedegt vun Nätzt; Ee vun den noe Waasserleef heescht ganz einfach Wasserbach. Gefaasste Quellen sinn de Wäschbur, Fëschweier, Kaschbur, Woulefsbur a Katzebur.
P.S. Nozedroe bleiwen Zeilen aus dem ‘dictionnaire géographique du Luxembourg’; s‘ernimmen 1838 Saeul am Kanton Osperen a seng Dependencen Calmus, Capweiler, Ehner, moulin de Colmar et Schwebach. Se bréngen och eng Gemenge-Statistik mat 82 Haiser, enger Kierch, zwou Kapellen an zwou Schoulen an och d‘Zielung vun ‘animaux domestiques’ mat 178 Päerd, 372 ‘bêtes à cornes’ an 145 Schwäin. (Ph. Vandermaelen) E Schoulbuch vun 1839-1840) ernimmt no der ‘vollbrachten Zerstückelung vom Ländchen’ Iener an der ‘Maierie’ vu Simmer a lueft eise gesonde Klima. (Honnertjäereger waren dunn relativ heefeg.) (P. Clomes) Den Hierscht koum deemols wahrscheinlech ‘mat de Schlappen’ Ronn 25 km vun der Stad, am Ienergrëndchen zur Simmer Säit, koum der Legend no mol e ‘feirege Klotz’ op 2 Männer zougeflunn! Dee Klotz war ‘vu Geräisch a Gejäiz wéi Musek vun honnert Téin begleet’ heescht et an enger Märchesammlung. Zoukënfteg Iener Awunner entdecken wahrscheinlech do muunch intressant Plaz.