Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Iechternach (II)

Iechternach grenzt säit 1977 net just un d’Sauer, mä och un e 35 Hektar grousse Séi mat ë.a. engem futuristeschen 29-Zëmmer-Youth Hostel. D‘Promenade ëm d’kënschtlech Waasserfläch zielt 3042m. Nobäi louch eng bis ëm d’Joer 400 bewunnte Réimervilla. Den Abt Bertels hat d‘al Festungstierm a –Maueren mam Uertskäer veréiwegt. Di nach erhalen Tierm goufen 1813 versteet an zu Wunnzwecker ausgebaut. D‘Abteistad ass also räich u Kontraster. De Cinéma Sura bidd z.B. 108 Plazen, d"Agora" vum Kultur- a Kongresszentrum 300. D‘Disponibilitéit vum Trifolion sengem grousse Concertssall "Atrium" geet vun 530 bis 700 Fautellen. Vum Iechternacher Lycée sengem haut multifunktionale Spigelsall, deen d‘Versailler 'galerie des glaces' inspiréiere sollt, si net Dimensioune bekannt mä Evenementer. - Iechternach krut als éischt Stad am Land eng öffentlech elektresch Beliichtung, virdrun hat et 32 Stroosselanteren. Den Henri Tudor hat a sengem Rousperter Haus d’Erfindung viru Skeptiker demonstréiert an de 24.10.1886 hunn da 27 Luuchte funktionéiert. ‘t gouf e Liddertext drop ëmgeschriwwen an der Presse no goufe se dem ‘coquette Städchen ein besonderes Cachet’! (massard.info/pdf/elek_echternach.pdf) (Krëschtdag hat och d’Basilika elektresch Luuchten mat Bire vu je 500 Käerzestäerkten.

Op der Sauer hirem Wee zum Mier ass Iechternach eng speziell Etappe; hirt Bett läit do op 160m Héicht. Si war 1918 doriwwer erausgewuess, d‘Héichwaasser hat deemols Photographe mobiliséiert; hir Biller sinn haut online ze fannen (www.oldpostcardsluxembourg.com/towns_echternach) - Vu 1650 bis 1910 hunn d’Iechternacher ’Schaffbaier‘ Schëffer gebaut. Eng Kaart weist 1803 do zwou Schaffplaze fir zesumme 40 Aarbechter. Mat an de Familjen Dell, Mannes, Prim an Olinger hirt Handwierk involvéiert ware Bëschbesëtzer, Fouerleit, Nolschmatten an d’Dillschnidder. (C. Sünnen) (Si sinn och en Thema am N. Etringer sengem Buch ‘Moselschifffahrt‘.) (D‘Werften hu pro Joer ëm 100 Naachen an bis 30m laang Schëffer gemat.) (Di lescht Wuermer Pont gouf do gebaut.) D’Schaffbaier sinn e Bäitrag zur lëtzebuerger Industriekultur. Hir hartnäckeg a stur Zunft war zéi wie d’holze Kirpe vun hire Booter. Se goufe “Kirpekeep” genannt an hu jährlech hire Patroun, den hellegen Niklos, gefeiert op engem ausschléißlech Iechternacher Fest. Exklusiv ass och d‘Willibrordus-Basilika an d‘Persounebeschreiwung vun hirem Hellege fängt un mat “dee konvivialen...“ Hien hat en ausgeglachene Charakter, eng stattlech a würdevoll Erscheinung, war optimistesch a voll Liewensfreed, klug bei Decisiounen a voll Tatkraaft, Gedold an Ausdauer. (P. Kauthen) Hien ass duerch eist Land gezunn ir et d’Buerg um Bock an d‘Veianer Schlass gouf an huet eis d‘Abtei Iechternach geschenkt. (Fr. Rasqué.) An der Glanzzäit vum Abtei-scriptorium, tëscht 1030 an 1050 entstoung de räichverzierte Codex Aureus Epternacensis.

Haut erënneren nach enk moleresch Gaassen un d’mëttelalterlech Abtei-Geschicht. D’Orangerie sollt 1736 fäerdeg ginn an exotesch Planzen beim Iwwerwantere schützen. (Un hirer Fassade representéiere Statuen d’véier Joereszäiten.) Eng Weil duerno koume schlëmm Zäiten. D‘1797 versteete Kripta koum a Privathand a gouf bis 1923 als Wäin-, Geméis- an Uebstkeller genotzt. Awer 1937, e Joer no hirer Restauratioun, ware 17.703 Pilger an der Sprangpressessioun. De Südwestdäitsche Rundfunk hat hiert „akustescht Bild“ ewell 1930 iwwerdroen. 1932 koumen hir „akustesch Momenter“ op Schallplack an ee Joer drop huet d’lëtzebuerger Compagnie de Radiodiffusion d‘Evenement diffuséiert. (LW 07.06.1933) Hei ageflechten eeler Londoner Pressezeilen haten 1876 gemengt 'nieft nationaler Musek ass näischt méi charakteristesch fir d’Vollek wéi national Dänz'! Si bezeechnen d’Sprangpressessioun als 'precious Relict of poetry of Catholicism translated in customs of live'! (Vum Éirendoumhär Emile Seiler staamt d‘Observatioun, dass di Iechternacher méi harmonesch gespronge si wéi di Friem!) - Een erfëllten Dram war dann am Joer 2010 d’Inscriptioun vun där eemoleger ‘Procession dansante’ op d’representativ Lëscht vum ‘patrimoine culturel immatériel de l’humanité par l’UNESCO’. En Unesco Film weist si online (an och d’lokaalt Gemäneblat ka jiddferen online liesen.) Dës Auszeechnung sollt wuel 'iechteren' (lokal ieteren), d.h. sech verzögere, mä ass vu grousser Bedeitung. D'Wuert Sprangpressessioun war iwwregens den 29.10.2015 genee 1970 mol am Web!

D’Museksfrënn Georges Calteux a Jean Kraft hat e Concert an enger spuenescher Kierch inspiréiert d‘Iechternacher Basilika als Kader fir Concerten ze proposéieren. Doheem koum déi Iddi gutt un an am Joer 1975 gouf den Iechternacher Musekfestival gegrënnt. Mat him laang verbonne waren de bekannte Pianist Cyprien Katsaris an den Adrien Meisch, dee vun 1985 bis 2007 hire President war. Béid hu gehollef de Festival international bekannt ze maachen. - D‘Awunnerzuel vum Sauerstiedchen ass an 13 Joer (tëscht 2001 an 2014) ëm 1131 Persoune gewuess, seng bebaute Fläch ëmfaasst ëm 320ha! An säi Marché mensuel ass jiddfer zweete Mëttwoch vum Mount.

P.S. Visiteure fillen an de Mauere vum Spigelsall en Hauch vu vergaangene Joerhonnerten. Al Musek am Genre vun «Allerley frantzösische Täntze“ vum Praetorius oder d’Fantaisie sur "Ave Maris Stella” vum Eustach de Caurroy (aus dem Repertoire vum Ensembel 'tempus est iocundum' - deen do ‘well opgetrueden ass) reproduzéiert kulturgeschichtlech Momenter. De kuckeswäerte Raum vun der fréierer Abtei dengt haut diversen Aktivitéiten als Kader - beispillsweis dem grousse jäerlechen Tauschdag vum lokale Cercle Philatélique. Säin traditionelle Schachturnéier huet en héije Bekanntheetsgrad: 1994 ware 64 Schachspiller do, 20 Joer drop hunn 352 Bedeelechter och d’Gäng an Nieweräim gefëllt. Net ze vergiessen der ’Ahnefuerschungs-Associatioun hiren Informatiounsstand - hien huet kierzlech am Spigelsall de Fuerschungsprojet www.luxroots.com presentéiert, dee bei Recherche vun eegene Racinen hëllefräich ass. An de "Spigelkabinett 2015" konnt iwwerzeegen, datt d’Kultur ee vun de Pilieren vum Iechternacher Lycée ass. De "Proffechouer" hat do e véierstëmmegen Optrëtt an d’Primaner sollte beweisen, datt d’Geschicht vum 20. Jorhonnert sech an engem eenzege "Léierlidd" resuméiere léisst. (Den ale Saz "Schön zu singen an gehörigem Orte und zu rechter Zeit ist ein erfreulich Ding" gëllt och nach haut.)