Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Diddeleng - Stad a Leit

Am Joer 1887 hat d’Regierung matgedeelt, dass nieft de Kantonshaaptuerten och Diddeleng, Péiteng a Rodange, Ettelbréck a Remeleng un d’Stater Telefonsleitung ugeschloss géifen. (Diddeleng hat 1890 dann 12 Abonnenten, 5 Joer drop 27 an 1912 genee 68.) Ewell 1907 krut d’Uertschaft den Titel Stad an dofir hat de René Leclère eng cantate solennelle komponéiert. E Puer Schong sollt deemols siwe Frang, e Fennëfpënner 0,75 kaschten; a vun den 2428 Schmelz-Aarbechter ware beispillsweis 1032 Italiener. Den Ëmzuch fir de Cinquantenaire (4.8.1957) war e Stadgespréich an attraktiv fir d’Aen. Den Amis de la fleur hire Won war gerëscht mat 4000 Blummen! Dee vun der Stad hat lokal Symboler: de Wope mat schwaaarzem Léiw op gielem Feld a véier Joffre mat Schleieren. (J.Back). An der Kantat um Virowend vun de Festivitéiten huet 'Feier a Lava aus dem Uewen' gereimt mat 'Himmele liichte rout mat alle Fuerwen'. An der Forge du Sud huet d’Arbed deemols Stol a Blech produzéiert an tonneweis an d’Welt geschéckt - an dat erméiglecht huet d'Zesummeschaffen an d'Zesummeliewe mat Leit vu wäit hier.

Der Andrée Mayrisch hir Erënnerung ëm Diddeleng dréit ëm e mysteriéise Gaard aus hirer Kandheet, schéin al Beem mat Rouscht op de Blieder an d‘Sirene vum Schichtwiessel, bei deem ‘ouvriers noirs et mineurs rouges’ heemgoungen. D’Deeg a speziell d’Nuete ware ‘rythmés au bruit puissant et régulier de la grande machine soufflante, le sifflet des locomotives, le grincement des ponts roulants et la batterie conventionnelle annonçant la charge des hauts-fourneaux.’ Dës Musek war omnipresent bei hirem Aschlofen an Erwächen, an si schreift weider “Je me souviens de mon inconfort dans le silence d’une nuit passée à la campagne.” (D’éischt integréiert Stolwierk, d.h. 6 Héichiewen, e Stol- an zwee Walzwierker haten d’Häre Metz an Tesch, d‘Société générale de Belgique an d‘Banque Internationale de Lux. 1881 zu Diddeleng gebaut. (M. Pauly.) Diddeleng gouf deemols e ‘pays d’immigration italienne’, an “Little Italy” hat en eegnen Dialekt, z.B. “Schmiera” fir Botterschmier. De Wonsch vum 1993 gegrënnten Dokumentatiouns-Zenter iwwer d’'Migrations Humaines' ass e bessert Verständnes fir d’räich a komplex ‘réalité migratoire’ vu Lëtzebuerg. - Mat historesche Photoen a Postkaarten temoignéieren zwee Täschebuchformater ‘Dudelange Memoire en Images’ de ‘mouvementéierten a laboriéise passé’ vum Uert, an d’Kommentaire vum A. Christoffel an C. Kugeler loossen de Betruechter andauchen a vergaangen Zäiten. De Fait, dass d’Baach am ‘schwaarze Wee’ ëmmer gedämpt huet, sollt de Jeannot Scholer als Kand un d’Fäerte bréngen, verréit ee vu senge Versen.

Der ’mémoire audiovisuelle luxembourgeoise’, dem CNA säi villsäitegen Direkter erzielt am Roman ‘Wollekestol’ deels Schoul-, Schmelz- a Famillje-Geschichten aus den 1950ger. Konnt een de läschten dovun op de Walfer Bicherdeeg ergadderen, ass ee frou duerch e ‘bakelitts Viewmaster’ aussergewéinlech Jore vun der Minettsgéigend z’entdecken. Wéi Wäschmaschinn a Jukebox bis alldeeglech ware wollten d’Leit hirer Stad en neit Gesiicht ginn: Fir de Cinquantenaire goufen nei Nimm ausgeduecht, z.B. Mont St Jean, Mont rouge, église St.Martin a fir Butschebuerg ‘Quartier historique‘. Zu deem moderne Gesiicht passe sollt dann d'am ‘kubistesche’ Stil gebauten Eligiuskapell. S‘ass benannt nom Patréiner vum Schmatt a Stolaarbechter a steet am Quartier op der Schmelz an der Liberatiounsstrooss, där fréier rue des Usines. Den Architekt Norbert Mangen hat s’ entworf an de Generalvikar Jean Hengen s‘ Enn September 1964 ageweit. Hir Fënstre si vum Frantz Kinnen, engem Diddlenger, deen dräimol de Prix Grand-Duc Adolphe krut. Hirem 24 Meter héije Klackentuerm seng dräi zesummegesate roud Greyträger symboliséieren hir Verbonnenheet mat der Eisenindustrie, dem Quartier an der Dräifaltegkeet. 2004 gouf s’als Monument klasséiert; se déngt au besoin als ‘Simultankierch‘ fir kathoulesch a protestantesch Déngschter a fir Leit ouni Gehéier.

D‘exceptionnell Billergalerie "Waassertuerm" presentéiert d‘Fotoausstellung "The Bitter Years", dem Edward Steichen säin Dokumentarwierk ("Ländlecht Amerika an der Weltkris.") Deen 1928 gebaute Waasserreservoir nieft dem 'Pomhouse' zitt vill Visiteuren un, an d’Vue erof op d’Stad illustréiert d’Zeil “Dudelange, assis sur sa terre rouge dans sa couronne de forêts, protégé par le Mont Saint-Jean, est une ville moderne, souriante et vivante”… De Rapport Schmelz a Schachklub ‘Patt oder Matt’: hie krut seng 'Brieder' do gemat, d‘wäiss Karoën am Aluminium, di schwaarz am Goss. D’Direktioun huet en A zougedréckt, wann heiandsdo e privat Steck am Atelier noneegemat gouf. Och a ville Viischtdieren am Minnett ass e Steck Schmelz doheem. Beim Centenaire ass opgefall, dass ‘t hei méi eng breed Mëttelschicht gëtt wéi zu Esch an Déifferdeng, an tselwecht Joer hat d’Librairie Ney och 100. Anniversaire. - De Kontrakt mat Frankräich ëm ’entretien et conservation des bornes frontières’ datéiert vum 15 Oktober 1853. D’Reglement iwwer d’Démarcatiounsmaarke ‘Grenz Grand-Duché an Empire français’ gouf ewell 1820 beim 'traité des limites' zu Courtrai signéiert. An d’Suite? Ëmmer ëm den 1. Mee gëtt d’offiziell Grenzsteenkontroll zwëschen Diddeleng a Frankräich verbonne mat enger Randonnée pédestre. (Treffpunkt Bësch "Wal" - Organisatioun Stad Diddeleng.) D’obligatoresch Zeile konfirméieren ëmmer nees "la distance mesurée sur plan horizontal entre les bornes N°99 "Thilleweier" et N°156‚ borne des quatre seigneurs‘ ("Veierhäeremark") est de 12 km" - d.h. d’südlech Längt vum Gemengenterritoir.

P.S. D’Schmelz-Form um Stadplang war ëmmer ‘tentaculaire‘, mä dat wëssen di mannst vun den haut 20.151 Awunner. D’13,3 km laang "Autoroute du soleil", d’A3 um Stroosseplang, gouf 1981 definitif a Betrib geholl a kräizt d’Collectrice du Sud. Eng wierklech eemoleg “Zäitmaschinn” bewegt sech an enger BD mam Titel “ Gefaangen an der Diddelenger Geschicht“ a beliicht am 1. Deel d’Zäit vum Erdmëttelalter iwwer d’Réimer bis 1907 aus der Vue vum Andy Genen an John Rech. (Si kruten 2012 dofir de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie ‘enfant et Jeunesse’.) E bëssen d‘Zäit vergiessen loosse lokal musikalesch Eventer: iwwer 20 Editioune mam Titel ‘fête de la musique’ hunn an engem Owend bis 15.000 Spectateure begeeschtert. Eng aner Zort Konscht crééieren hei gebuere Kënschtler wéi Junius, Strainchamps a J.M. Biwer. Bei hinne vehiculéiere Biller 'un sens transposé dans une forme' (P.Bertemes) oder se weisen, dass d’individuell Konscht keng Grenzen huet.