Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Duerscht

Duerscht ass an annerhalwem Joerzengt vu 84 Awunner op 98 gewuess. ‘t läit an der Loftligne tëscht Housen a Clierf, net wäit vun der 173 km laanger E 421, déi Oochen via Malmedy a Sankt Vith mat Lëtzebuerg verbënnt. Et hat virun der franséischer Revolutioun bis zu aacht onofhängeg Häff. D‘Ferraris-Kaart dokumentéiert 1780ger zeng rout Diech vun Dorscheyd. (Haut steet do nach een mat ganz ale Maueren.) Säin Numm verdankt et senger geographescher Lag op der Héicht tëscht Our a Klierf; seng al Versioun Dorscheidt oder Dorschitt kënnt vum kelteschen ‘Dur’ fir Waasser an Scheid fir d’Ligne di Waasser scheed. Baachen déi ronderëm entstinn laafen zum Westen hinn an d’Klierf oder no Osten hinn an d’Our, an se begéine sech zu Wuelenduerf an der Sauer.

‘Kukigt’ heescht de gutt erhalenen ‘imposanten Abschnittswall’, deen den Kadaster-Ingenieur Nicolas Folmer 1972 entdeckt hat. Beim Googele fënnt ee muunch Detailler iwwer d‘Plaz: Do ginn de ‘mächtege Kernwall mit seinem einbiegenden Nordende’ mat 45m Längt an 18m Breed beschriwwen an e plazeweis iwwer 7m héije Wall. Vu Munzen féiert de „Boetzewé“ laanscht d’Héichte-Ligne an Direktioun Duerscht. An op engem Fielsvirsprong tëscht där méi héijer Haart an dem Hireschbaach-Dall verstoppe sech am géien Hank vu Louhecken d’Reschter vun enger uraler Buerganlag. Si koum am Donkel vun der Zäit an de Vergiess. An allgemeng Reaktioune wi déi vum 1824 gebuernen Johann Jakob Mohr “Wie die Schwalbe nistet die Phantasie gern an alten Mauern“ sinn net verwonnerlech. - Wéi d’Wiederkonditioune fréier heirëmmer waren? Der ‘Eaux et Forêts’ Verwaltung no fällt am Héichéislek de meeschte Reen am Land. Ob d’Awunner do wéi d’Amerikaner am Reen och “liquid sunshine" gesinn?

Eng Quell vun 1845 ernimmt d’Dierfche mat 92 Awunner, 11 Haiser an enger dem Lukas geweite Kaplaneikierch. Legilux-Dokumenter erënneren 1851 un der Anna Catherine Kesch ‘Landwirthin zu Dorscheid’ hiren Don vun 150 Frang fir d’Kierch. Wéins dem irréparable Schued vum hirem Daach gouf 1957 de Grondsteen vun där neier geluet. D’Duerfläit sollte sech engem mëndlechen Temoignage no asetzen fir d’Erhale vum alen Altor. Un dësem falen nämlech de Wopen op vum Abt Forting aus der Neimënster Abtei an en traditionellt Bild vum Gekräizegten. (E sollt 1807 zu engem Spottpräis kaaft gi sinn.) Dem relativ moderne Bau seng 8 héich Fënstre vum Zanter weisen op der lénker Säit d’Theme vun der Biergpriedegt mat beispillsweis der Kunigunde, dem hl. Willibrordus an dem Schetzel. Si an déi aner 4 méi kleng Glasmolereien datéiere vun 1958. D‘Béi riets am Schëff ginn dem Raum en Hauch Romanik an deiten e Säiteschëff un; an där décker Tuerm-Mauer hir Klacken-Nischen iwwerragen den asymetreschen Daach. - Fréier, virum ‘Kréich’ gouf plazeweis Sonndes no der Mass mat der Kaart oder de Keele gespillt.‘D’Éisleker Loft war eppes wéi Balsam fir Gesondheet a Liewen.’ (Nico Hamen). Mä dunn gouf eist Stéck heile Welt zerstéiert. Virum 20. Januar 1945 war am Draufelter Kaplounshaus e Sëtz vun Dokteren, am Hotel Malget gouf operéiert a wéi d’Front zréckverluet gouf, koum e Lazarett op Duerscht. D’Leit an de Kellere krute schlëmm Geräischer mat an hu bei jidder Bombardement geziddert. Vu 14 Haiser waren eent liicht an 4 iwwer 80% zerstéiert.

Ee vun den Radiomasten, di 60 Meter héich RTL-Nuetsantenn, stoung zenter 1970 an der Lehmkaul zu Duerscht op Housener Gemengenterrain. Ee Reflektermast koum geschwënn drop d'Senderleeschtung verstäerken. Si an den weithi siichtbaren eeleren 220m héijen UKW Mast si verschwonnen. Se haten eng ofwieslungsräich Geschicht a sollten zum Landschaftsbild gehéieren. Zimmlech nei ass d‘Radar Installatioun tëscht Houschent a Maarnech: si steet ‘au niveau de Dorscheid’ un der N7 an avertéiert d’Autofuerer d‘90 km Vitesse ze respektéieren. En anere Sujet conçernéiert de Respekt fir d’Natur. Well d’Aarbecht an de Bëscher hiren Nordhäng héich Ufuerderunge stellt ginn dofir traditionell kräfteg Ardennerpäerd agesat. (A. Thomé.) An dëser Päerd kruten Enn August 2015 bei den ‘Europameisterschaften im Holzrücken auf der Pferdestark in Wendlinghausen’ trotz staarker Konkurrenz aus 9 Natiounen dräimol Gold. Fir Lëtzebuerg goung den Duerschter Jean-Paul Heck mat sengen zwee treien Ardennerwallache Max (19 Joer) a Sepp (6 Joer) dräimol un de Start. Mat Geloossenheet a Souveränitéit koum den Team Jean-Paul, Max a Sepp op d’éischt Plaz vum ‘Internationalen Holzrücken’ fir Eespänner, fir Zweespänner a gouf de Beschte vun der Zug-Leeschtung.

P.S. Nodeems d’Sendemasten net méi do si fonktionnéieren d’Telefonsleitungen besser zu Duerscht a ronderëm. An dat ass net onwichteg, wann ee 60 km vun der Stad wunnt an engem ‘Airport-Info-Site‘ no 46,7 km vum Findel, ë. a. 54,9 vun Trier-Föhren, 80,5 km vu Léck oder 86,1 vu Frankfurt Hahn. Intressant ass nach d’Info iwwer dem 1906 hei gebuerne Félix Voosen seng Schongfabrik. 1944 gegrënnt zu Déifferdéng an der Avenue d'Oberkorn krut se 1949 eng zweet Adress an der Stad (am fréieren Danzsall vum Hôtel de la Poste, op 39 avenue de la Gare, goufen ë.a. Schong hirgestallt fir d’Arméi) an e Schongbuttek koum nobäi op d‘Nr. 49. (http://www.industrie.lu/schungfabrikvoosenluxembourg.html) Nach ze verzellen (lokal gesot fir verzielen) bleift, dass d’Leit Freed hunn an hirem Club “Di Duerschter”. Dësen organiséiert net just Grillfester mä hat emol als ‘Freed fir d’Oueren’ e Chrëschtconcert programméiert mam “Éisleker Gospelchouer”.