Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Diänjen

D’kleng Lokalitéit Diänjen läit um CR 332 an der Loftligne tëscht der Clierfer Abtei an dem Antoniushaff. D'8 km laang Diänjer Promenade bitt eng ‘splendide Vue’ op d'Nopeschdierfer an eng wonnerbar Rou a Richtung "Eeschbesch" a féiert zréck iwwer "Gesseler"*. Do héiert een nach ënner anerem "Hummeleken", en Éisleker Ausdrock fir Hummel! Diänjen koum aus der fréierer Gemeng Béigen oder Bœgen an déi Wëntger.‘t ass am Engelmann Diktionnär ze fannen ënner ‘Dien(e)gen‘ mat der aler Schreifweis 'diənejən' oder lokal 'djεnjən' an den Nordéisleker Sproch "eer den Dau eraus as, mikt et sich am besten" gëllt och hei. "Op der Häd (Heed) as schlecht Wäd" bezitt sech wahrscheinlech net just op den noen 483m héijen ‘Heedeknapp’! (*op http://www.wincrangetourisme.lu/rund-wanderwege)

Diänjen hat 2004 am September 137 Awunner, 2008 dann 146, an am Réckbleck 1848 souguer 80 méi; d’Stéit ware jo deemols och méi grouss. Seng dräi Weekapelle weist d'spezial Editioun vun "De Cliärrwer Kanton". Se denge gelegentlech als Statioun bei Pressessiounen a waarden dem Lex Jacobi no "jee no Joreszäit op déi éischt Schmuebel oder den éischte Schnéi". Eng dovu bewaachen zwou mächteg ëm 30m héich Bichen. Diänjen zielt wéi Lëllgen zu den eelste Poren aus der Regioun, hir Origine reeche bis an d'Epoch vu Kelten a Réimer. Den Duerfnumm ass 1245 dokumentéiert an e Geeschtlechen De Wolche ernimmt 1365 d‘Tafel hannert der Kierchendir. Um südlechen Ausgank vum Duerf stinn Temoignagen no säit 1714 no beim "Milleschgut" an der fréierer Millen véier bedeitend Wanterlannen am Carré ronderëm en aalt Schiferkräiz. D'Millen hat bis 1938 nach Miel gemuel, d.h. an den Deeg wou d’Zäit dem Kästner no net ”Auto gefuer” ass…!  D’Lanne si Symboler vu Laangliewegkeet a spiggele sech an der Kirelbach. Nom Krich waren 11 vun 52 Diänjer Haiser iwwer 80% zerstéiert.

D‘1718 gebauten Duerfkierch huet en eelere spéitromanesche festungsäenlechen Tuerm an béid Schalllächer a senger Südsäit trennt eng apaart Säil mat Männerfigur. (Krantz-Quintus) Erweidert gouf se 1880 an se faasst ëm 100 Leit. D’barokt Portal vum Ensembel Kierfech a Kierch datéiert vu 1760. D‘Griewer leien no aler Traditioun ronderëm d'Kierch a gi geheegt a gepfleegt. Den 2013 vergréisserte Kierfech krut eng Läichenhal. Hire bannen zäitweilege wäissen Ustrach konnt Enn den 1960ger dank der minutiéiser Konscht vum Jean Öestreicher an d'al Polychromie zréckbruet ginn. (Deels a.d. ‘Kierchtuermscauserien‘) De Chouer huet grad wéi Aasselbur oder Uewerwampech remarkabel Miwwel; d‘konschtvoll Statuen an Altär si signéiert Scholtus vu Baschtnech, an d’aacht Fënstren vun ëm 1950 Nina a Julien Lefèvre. Hire Patréiner Johannes den Deefer steet iwwer dem Tabernakel, (an driwwer erënnert säi Kapp op engem Teller u seng Hiriichtung.) Zweet Patréinesch ass d'hl. Katharina mam gebrachene Folterrad. Nieft hir falen d'Tréischterin aus Lannenholz op an, méi grouss wi hir Ëlwener Virbiller, di dräi berühmt Jongfraën. Si personifizéieren d’göttlech Dugenden Glaf, Hoffnung a Léift, vun deenen d'Léift déi gréisst ass. De Pendant zum Priedegtstull stellt eng grouss Schutzengelsgestalt duer, en Engel mam Kand un der Hand op reng ziseléiertem Fong. Diänjer Kierch protegéieren 35 bis 40 Engelen ‘op eng fein Art a Weis‘ (Michel Bock) - deels just Käpp, deels Figure wéi de Posaunenengel iwwerëm Priedegtstull. D‘stilvoll reliéis Konscht wéi dës huet eng wichteg Plaz an eisem nationale Patrimoine.

D’al Diänjer Mille gouf 1953 ofgerappt. Kuerz virdru foung d‘Sammlung fir dem Edward Steichen säi Wierk "Family of Man" un, där hiren Numm op eng Abraham Lincoln-Ried baséiert. Un hiren Hannergedanken Léier a Weeweiser fir d’Mënschheet ze sinn erënnert d‘Ausstellung am noe Clierfer Schlass. Lokal Weeweiser sinn heefeg och Kënschtler- an Familljegeschichte wéi z.B. déi vum Pierre Miller, deem leschten vun aacht Generatiounen deenen d’ewell ernimmte Milleschgutt an d‘Diänjer Millen gehéiert hat. Dës an d‘Lanne veréiwegt en iwwer 80 Joer alen Aquarell vum Louis Klein. (Buch "Arbres remarquables".) - Wien eppes erreeche wëllt, kënnt iwwerall hinn, duecht emol en néngjäregen Diänjer Jong an ass mam Zuch an de Stater Conservatoire gefuer. Hien, de Fernand Neumann, huet säin Talent spéider als Saxophonist mol iwwer d'Grenz eraus mol op der Place d'Armes bewisen. En Talent vum Club des Jeunes Doennange-Deiffelt-Lentzweiler heescht Kontakter soignéiren. De Moler a Sculpteur Moritz Ney wunnt a schafft deels an der Stad an zu Diänjen… an approuvéiert secherlech de Kafka-Saz “In den Wäldern sind Dinge, über die nachzudenken man jahrelang im Moos liegen könnte.”

P.S. Der Ferraris Kaart vun der Belsch a Lëtzebuerg hir découpe 219 huet an de 1770ger dräi L-fërmeg Häff, véier länglech Gebaier mat zum Deel Hecke rondrëm, sechs véiereckeg Haiser an d’Kierch mam agefaasste Kierfech zu ‘Doningen’ dokumentéiert. Dës kéinnt am Wëntger centre scolaire de Kanner, (déi neng Buslignen aus 27 Dierfer hin an hier féieren) an der Geographiestonn e Vergläich mat der haiteger Landkaart erméiglechen. Se kéinnt awer och der eelerer Generatioun wéi e ländleche Musée oder al Photoen dankbar Gedanken inspiréieren u fréier an un déi, di "blinde Kinderfüsse auf grade Weg gestellt." (Ernst Ginsberg.) Vum Dezember 2013 datéiert d’Notiz, dass d’ministeriell Approbatioun vum Projet d'Amenagement um Diänjer lieu-dit «Op der Broemescht» bei de Gemengepäpp ukoum. Den Duerfplang brauch also eng Korrrektur.