Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dierbech

Dirbech läit un der N27, déi Ueschdref an Ierpeldeng un der Sauer matenee verbënnt. Et heescht lokal mir wunnen ‘an’ der Dirbech ‘op’ der Sauer. Do, tëscht der Boukelser- an der Giewelsmillen, spigelt sech besonnesch donkelt Gréng am bloe Floss. D‘kleng Lokalitéit war bis 2012 Sektioun vun der fréierer Gemeng Heischent. Hir Fusioun mat den Nopeschgemengen Esch-Sauer, Géisdref a Burschent huet e gréissere Changement bruet: d.h. a sengem Zentrum maachen d‘Sauer an d‘Rannerbaach nei Gemengegrenzen. Méiglechst optimal Decisiounen huelen do elo dräi Buergermeeschteren aus zwee Kantonen. Nieft der Zone mat Chalet‘en bewunne 27 Leit aus dem klengen Duerf (2017) deels Privathaiser, deels Zweetresidencen zur Esch/Sauer Säit; zur Géisdreffer zielt den Hotel déisäit der-Bréck an d‘rue Dirbach-Plage mat 12 Awunner. D‘Buerschter Gebitt huet just Weekendhaiser, déi d‘Naturschützer net wierklech begeeschteren.

D‘al Geographie weist hei kleng Weeër, mä historesch Reckblécker hunn d‘Visioun vu bedeitenden Ancêtren, de Kelten. ‘t gouf do wahrscheinlech trotz dem onvergläichleche Panorama alt emol d‘Gefill eleng op der Welt ze sinn. Virun e puer honnert Joer war a more Landschaften d‘Spréchwuert geleefeg ‘Honger leidt, dee keng Schof huet’. - Dirbech an d‘Dierfer aus der aler Gemeng Heischend waren zougehéireg zur Seigneurie Esch/Sauer. Si konnte vum ewell 1201 ernimmten Heischter Véihmaart profitéieren, (an ufangs vum neie Joerdausend vun enger villbesichter Informatiker-Formatioun.) Hei gouf vermuttlech fréier (grad wéi un der Musel) niewebäi eifreg an den Déifte vum Waasser no Fësch gesicht. (Den Ausonius hat am Museldall d‘Schlei ‘des niedern Volkes Trost’ genannt.) Nodeems 1824 d‘opgeléiste Gemeng Dellen an d‘Heischter Gemeng koum goufen do och éischt Naissance vun Dirbech agedroen - dëst wësse ‘luxroots‘ Recherchen. 1850 hat et 69 Leit. Spéider fällt ënner den ‘30 Tageswanderungen im Oesling‘ vum Här Peusch an där iwwer 100 Joer aler ,,Luxemburger Illustrierten nr. 5“ d‘22 km laang Wanderung ‘Ettelbréck-Burschent-Dirbech-Kautebaach’ op. Dës beschreift Dierbech als aussergewéinlecht Duerf an enger Dallsuel. Dem Evy Friedrich säin 2. Wander-Guide ernimmt beim Ronnwee Maasseler d’Dirbecher Weekend- a Vakanzhaiser, säi Fräibad, d‘Liggewis, d'Restauration a Flouernimm wéi Wollefskaul a Kuebendelt.

Den Uertsnum Dierbech erënnert un en Diminutif vun Dierick (Thierry) oder un d‘albretonescht ‘Diri’ (de Pluriel vun Dar, d.h. Eechen.) (J. Tosti) D‘südpfälzescht Wäinduerf Dierbach (249 km vun eisem Dierbech) ass no enger Baach benannt. Well do d‘mëttelalterlecht Damwëld Dior a spéider Dier housch, bedeit säin Numm och ‘Ort am Baach an dem das Reh zuhause ist’. - D‘Dierbecher Kanner ginn op Nacher an d‘Primär-Schoul. De Bus-Trajet dauert 17 Minutten vun hei iwwer Masseler an Dol a bei de Wolzer Lycée 11 Minutte méi! D‘Dierfchen huet keng Kapell a war laang an der Burschter Por. ‘t gehéiert elo zur neier Por Öewersauer Saint Pirmin, déi 21 Kierchen an 3 Kapellen regroupéiert. - Den Nordhang vum Héichtekamm Marteleng-Heischent-Burschent ass vun der Grenz bis bei Dirbech ganz géih. Grad do, am Dall nërdlech vun där Héicht, erwähnt de Kolonel Melchers den 22.12.1944 ‘keng Feindberührung’ mä Ofwieslung beim US-Arméikascht: aplaz vu Konserve stounge ‘smoked hams and sausages’. D‘Front war dunn méi südlech, mä den 21. Januar geschouche beim ‘perpendicular cliff’ terribel Szeenen. Ënner villen Aanere koum beim Ugrëff op den U.S. 80th Infantery Divisiounen hirt ‘318th Infantery Regiment across the Sûre at Dirbach’ de Lt Col William Boydston ëm duerch ‘Nebelwerfer fire’ duerch d‘‘first armored units from Panzer Lehr’. (Christer Bergström ‘The Ardennes 1944-1945’ - S. 406)

Zum hin an hir geschubsten Dierfche gehéiert e bësse Campingsgeschicht. ‘Roulotte goufen 1932 serieméisseg gebaut, d.h. e Joer virun der Gemeng Burschent hirem Bued-Reglement an dräi virun den éischte Weekendhaiser. (Campingplazen entstoungen do nom Krich.) Deen deemols nei ageweite Wanderwee Mechela-Dirbech duerch d‘Fëschtesch-an d‘Rouschteschleeën hat gläich e Risesuccès. (Meyer, Schockmel, S.I.T.) Am grousse Ganzen hunn d‘Buerschter an d‘Dierbecher Plage sech geglach. Zeile vum Marcel Noppeney haten 1939 d‘ëm Ravitaillement besuergten Amateure vum Camping berouegt: ‘aimant les étappes aventureuses et les sites déserts, sachez que le Luxembourg est le pays des fermes et des moulins isolés.’ (d.h. den ‘touriste-nomade‘ fënnt do d‘Virdeeler vu Rou wéi d‘mënschlech Presenz.) Spéider housch et ähnlech wéi am Song ‘The Times They Are a-Changin’. (‘The slow one now will later be fast - As the present now will later be past.’) (Bob Dylan, 1964.) Haut kënnt net nëmmen de Wiederberiicht vun Dirbech fir ‘zomervakantie’ op belschen an nidderlänneschen Web-Siten. Se notéieren och d‘Distanzen beispillsweis Wolz Dekanatskierch 9,31km an 11,9 Veianer Schlass.

P.S. Dirbech heescht och eng Baach bei Kéiber, déi no bei Lëltz an e Seitenaarm vum Stauséi leeft. Ënner de villen déi an den 1950ger an ‘60ger mam Zuch op d‘Giewelsmille koumen an zufouss op Dierbech gounge war och d‘Stater Famill Paquet (a. d. Maison Namur). Si huet do muunch Weekender an hirer zweeter Residenz verbruet an gouf duerno vum Chauffeur ofgeholl. (Hire Liefkuch ‘façon Dirbach’ blouf e pittoresque Souvenir. (ONS STAD 103) - Perfekt ofschalte vum Alldag kann een do ëmmer nach mat Fëschen. En Touristepermis kritt ee beim Wolzer Club ‘pêcheurs Ardennais’. An der Dierbech goufen ëmmer der Sauer hir gutt Waasserqualitéit gelueft, herrlech Photomotiver an den Aussiichtspunkt Dirbach–Rouschtert. Jo... mä an den éisleker Nueten ass et «däischter wéi an engem Gromperesaack a roueg wéi um Mont-Blanc» (sou heescht et an Erënnerunge vum Roger Manderscheid.)