Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Déiljen

Déiljen oder Dillingen zielt mat sengen 232 Awunner zur Gemeng Befort. D‘Héichtendifferenz vun 414m op 173 tëscht dem Plateau an dem Sauerdall meeschtert e Wee mat Serpentinen. D’Duerf läit 11km uewen un Iechternach an 40 vum Flughafen tëscht Wallenduerfer-Bréck a Grondhaff. Seng kuckeswäert Grenzbréck féiert op Wallendorf am Äifelkrees Béibreg-Prüm. Hir 86,40 m laang Virgängerin gouf 1888 gebaut no Pläng vum Antoine Hartmann an 1944 zerstéiert. Si hat fennëf flaach Béi vun 13m. Där neier Boubréck vun 1952 hir 5 Béi si wuel 40cm méi kuerz, mä u sech ass se 3,60 méi laang an hir Parmange kleeden en arméierte Betongsbau an. Zu Déiljen kann een Kanuë lounen oder d’Zäit beim Fësche vergiessen, (wuelverstanen mat Permis) oder de Mëllerdall auskundschaften. D'113km laang N10, d’sougenannte "Strooss vun den dräi Flëss", verbënd Schengen via Waasserbëlleg, Iechternach, Veianen an Doosber-Bréck mat Maarnech. Un hir profitéieren d’Leit bis an de südlechen Ourdall vu mëllen Duerchschnëttstemperaturen.

Geologen no sollt d’Mier sech virun 150 Millioune Joeren aus der Géigend vum Mëllerdall zréckzéien an do de faméise grès du Luxembourg hannerloossen. Eeenzelheeten iwwer d’Origine vun Déiljen sinn allerdings rar. Zu den Herrschafte, vun deenen d’Leit emol hei ofhoungen, däerften den 1192 dokumentéierte Wauthier de Wiltz et Beaufort zielen oder den 1610 genannte "Jehan", een Här vum Grondhaff. (Säi Besëtz goung 1655 un d’Hierengen a Beforter.) En “zuverläsige statistische” Réckbléck op d’Herzogthum (1814 verfaasst vum Michel, Franz, Joseph Muller, Doktor der Weltweisheit) ernimmt den 9. Vendemiair vum Joer 4 ë. a. ‘Didlingen bei Befort. - 1848 waren hei 112 Awunner, an am Gemengenhaaptuert 1448. D’Akribie vum Dicks konnt d’total Zerstéierung vun der noer Hierengerbuerg verhënneren a munch al So virum Vergiesse retten. (A. Thomé.) Eng Dicks-Legend dréit ëm d’lokal ‘Johannisgrott’ wou emol Räiber hause sollten. Kee Wonner, an der Fielslandschaft hire stäile Schluchten hu ganz fréi Mënschen en Ënnerschlof fonnt. Gutt, dass d’Grassträifen an d‘Planzen um Bëschrand ëmmer méi Sonn krute wéi d‘Ënnerholz, a vun méi engem killen a geschützte Mikroklima wéi d‘offe Weede profitéiere konnten.

Déi ewell beschriwwe Boubréck steet vu Waasserbëlleg aus gesinn um Flosskilometer 39,100 an huet 5 Béi vun 12.60 m. D’Moossen vun der Déiljer Lukas-Kierch hu mer net; se war 1912 gebaut an am Krich beschiedegt ginn a gouf gläich duerno mat hire romanesche Fensterbéi an dem dominanten Tuerm rekonstruéiert. Fënstren (vun ëm 1950) am hallefronne Chouer mat ë. a. dem Schetzel, Willibrord an hl. Martin si vum Linster vu Mondorf. Vun hirem Patréiner dem hl. Lukas gëtt erzielt, dass en Dokter war a mam hl. Pauli op Roum goung. Ëm de Patréiner vun Dokteren, dem Véi an dem Wieder bestoung emol e spezielle Volleksbrauch: d’Béischte kruten op Laukesdag e geseenten Ziedel ze friessen - als Schutz vrun Epidemien (C. Grotz.) Schutz gesicht haten am September 1944 d’Déiljer Awunner; se ware 6 Méint évaquéiert. Tëscht dem 7. a 15. Februar 1945 haten an aacht Deeg en Offizéier a 19 amerikanesch Zaldoten hei bei der Bréck d’Liewe verluer, 7 Offizéier a 45 Zaldote goufe blesséiert. E Gedenksteen erënnert säit Hierscht 2004 u véier jong Lëtzebuerger Krichsaffer aus dem Duerf. Kanner déi am Krich an d’Schoul goungen hate just däitsch Déieren- a Planzennimm kennegeléiert a weiderginn, beispillsweis Mäikäfer, Schmetterling, Zaunkönig, Igel an Narzissen – a Postkaarte mat franséischen Opschrëfte waren net ze kréien.

Typesches aus der Belle Epoque weisen al Photoen, beispillsweis d‘Eisebunnsstreck Grondhaff-Befort. Dës war mat 7,3 km eng vun de kierzten am Land a vum November 1904 bis 1948 a Betrib. Si hat eng Ofzweigung bei d’Déiljer Carrière. Well d’Schinnen d’Héichtendifferenz vum Dall, vun 172 op 369m, net einfach bewältege konnt gouf et do speziell Spatzkéieren. (http://www.rail.lu/lignegrundhofbefort.html) (D’Steebrech vun Déiljen, Gilsdref a Larochette hat d’belsch S.A. de Monfort 1899 gegrënnt) - 1906 hat d’Stad gesicht lëtzebuergesch Artisten (an eises Material) duerch e Concours ze valoriséieren. Dofir sollten der Post hir visibel Fassaden aus Dillinger an Iernzer Steng sinn. (R. Philippart.) D’Regierung wollt e Beispill domat ginn. (Als Entreprise bestoung d’Post säit 1842 an bis 1913 hat s‘ewell 6 Millioune Bréif op d’Rees gescheckt!) Eeler Zeile vum Fr. Mersch situéieren den Déiljer Restaurant Kalmes-Hoffmann 1929 ‘aux portes du Müllerthal‘. D‘Haus krut duerno aner Besëtzer a gouf 1948 transforméiert. Entretemps stinn do aner Adresse vu Kaschthaiser, de Bungalowpark Hondsbierg an eng Rei Campinge fir Natur ze tanken. Ee groussen Deel vum Naturbësch ‘Saueruecht’ läit am Hank a grenzt un de Wee Déiljen–Beeforter Plateau. Den Trëppeltour duerch dës Reserv leeft deelweis iwwer den Tracé vun der fréierer Zuchstreck.

P.S. Grandios Promenade wéi de Fielsewee vum Beforter Schlass via Déiljen op Bollendorf loossen een un d‘Hermann Hesse Zeil denken… ‘Bäume predigen das Urgesetz des Lebens. ’ Ob hei zoufälleg extragoudden Dëll wiisst? (Senger Kränz brénge bessere Schlof oder verhënneren d’Schnaarchen.) D’lokal Remarque ‘Déiljen gët ericht gout, wann een um Hondsbierg ka Fësch finken...’ staamt aus dem Pol Tousch senge gesammelte Spréch. Zu gudder Lescht eng Info op realistescher Basis: No hirem Mariage (den 2.7.1919 zu Befort) war ënner de ‘brides from Luxembourg, following a Yankee husband to the USA’, d’1896 zu Déiljen gebuere Ludovicy Marie als jonk Misses William Hutchinson (1889* zu St. Louis.) (F. Gardini) Hir Schwester Catherine L., dressmaker, 25 years old, goung am Mee 1920 zu New York vum Schëff. Goufe si do no Déiljen gefrot, (‘t besti méi Uertschaften Dillingen) hu si sécher vum Mëllerdall an dem noen Herkules-Kapp geschwärmt. Ob do emol en Domaine vun engem Dillo, Dietilo oder Dietrich den Duerfnumm inspiréiert hat steet an de Stäeren.