Déifferdeng (II)
No hirem Reamenagement presentéiert d'Entrée zum Déifferdenger Zentrum en neit Gesiicht. De Rondpoint ass Vergaangenheet, den Accès zur Kräizung verbessert. D‘Rocade, de laang erwaarten 1,5 Kilometer laange Contournement gëtt viraussiichtlech Enn 2016 fäerdeg… Dësem Stéck ‘Progrès säi Gedrëff heescht Wandel.‘ D‘hei fräi iwwersaten Zeil vum Robert Kennedy passt och zum iwwer 12.000 Quadratmeter grousse Projet ‘Opkorn’, dem centre commercial mat 30 Geschäfter, beplanztem Daach -a waarmen Waasser (dat Fachlait no) duerch d’ ‘production de chaleur générée par les frigos’ entsteet. De Geschäftszentrum ass ee Stéck vum Puzzel, deen de Stad-Zentrum, Uewerkuer, de Fousbann an Nidderkuer verbënd. D’Ouverture vum ‘Opkorn’ ass Enn 2017 geplangt. Wann ee bedenkt, dass Déifferdeng de 6.10.1888 neng Telefons- Abonnenten hat, siwe Joer drop 17 an 1912 dann 115 - ass dat ee klengt Beispill vum paralelle Wuesstëm vum Uert a vun der Schmelz. En anere fortschrëttleche Punkt gouf 1927 den 1. Interkommunalen Tram Esch-Déifferdeng, dee bis 1956 ënnerwee war.
Op der Bréisseler Weltausstellung vun 1935 stoung e sober an élégante lëtzebuerger Pavillon éischtmols als Vitrine fir eist Land. Hien an déi virdru plaçéiert 35m héich an 35 Tonne schwéier schlank Flèche aus 3 Déifferdenger Grey Poutrellen hate Succès beim internationale Public.(D’vum Atelier vun der Hadir zesummesoudéiert Wierk hat de Carlo Sunnen hat am Réckbléck no 80 Joer als “étendard“ vun eiser ‘Industrie métallurgique‘ bezeechent!) - Déi no Pläng vum Architekt Jean Deitz gebaute Kierch vun Déifferdeng-Fuussbann war dunn ee Joer 1934 konsékréiert. De M. Noppeney nennt d’Minettsgéigend 1939 “un pays de l’intensité industrielle la plus prodigieuse, de l’activité minière et métallurgique la plus incroyable.” Déifferdeng hat eng Pionéierroll säit 1896 well do Héichuewegas als Energiequell benotzt gouf. Di 1100 Tonne schwéier Groussgasanlag zielt säit 2008 zu de Monuments classés. Si war net verschrott ginn. (‘elle s’était fait oublier pendant plus de trente ans... et échappait aux ferrailleurs.’) De Kuele-verbrauch goung am Juni 1906 vu 5000 op 500 Tonne pro Mount erof. Klasséiert sinn (deels am Inventaire supplémentaire) och Gebaier an der rue St. Nicolas, der Victor Hugo Strooss an eng Haiserrei (69-113) an der Emile Mark Strooss säit 1986. (Hei passt d’Zeil vum R. Schaaack ‘alen Haiser hir Fënschtren haten de Rhythmus vun de Mënschen, eng hu mueres fréih wackreg dragekuckt, anerer koumen owes net zur Rouh.’)
Iwwer Déifferdeng schreiwen heescht balancéieren tëscht Monumentalem vu fréier, Evolutioun a Konscht vun haut. Där Enn September 2004 inauguréierter Moartplaz hir zwee grouss Wiechter vum Pitt Brandenburger sinn «gardiens de la mémoire du passé sidérurgique et minier». D’Figure gläiche sech duerch hir Form. Hir breet Basis aus Minettsstäng symboliséiert d’Aarbechter aus Schmelz a Minièren a representéiert den ‘investissement humain permettant à la tête du gardien de briller.’ No uewen gëtt d’Material méi edel, d.h. hinn bis zu Stol an poléiert a chroméierter Bronze. Ënnerschiddlech Casquen erënneren un Aarbechter vu villen Natiounen, déi an de Minièren ëmkoumen... statistesch 12 an 10 Méint.) (Knapps 40 % ware Lëtzebuerger) .An de Joeren 2006 bis 2011 huet d’Stadbild ewell changéiert; et krut z.B. eng vun den éischten ”Epiceries Sociales“ landeswäit, ‘t koume Schoul-Projeten a vun de lokale Geschichtsfrënn ë. a. opschlossräich Bicher! Vläicht intresséieren deemnächst auslännesch Studenten sech hei fir de ‘Sol fouillé jusque dans ses entrailles, la chanson du fer et la beauté et la fièvre du travail humain!” (Noppeney, 1939) oder se froen, virwat den hei gebuerenen Auteur Jean Portante ee Buch „Mourir partout sauf à Differdange” genannt huet.
Eis éischt national Héichschoul fir Sport léisst sech zu Uewerkuer nidder an neien an deels transforméierte Sports-Raim. D’privat Déifferdenger ’'université pour kinés, proposéiert e ‘master de physiothérapie, une licence en management du sport ainsi qu’une licence en sciences du sport,’ (ab Fréijoer 2016). Äenhlech attraktiv gëtt di nei staatlech Europaschoul. Hir Klasse solle fir jidder Schüler offe sinn, beispillsweis firJonker, deenen hir Eltere bei internationale Firme schaffen. De „klassesche“ Modell war ufangs fir Kanner vun EG an duerno EU Beamten. Wichteg fir gutt Resultater a fir d‘Allgemengheet ass dem Gemengepapp Roberto Traversini säi wäitsichtege Saz “Mer mussen eis Stied a Gemengen sou plangen, datt Transportweeër méi kuerz, Energie agespuert an eis Ressource geschount ginn. Dovun profitéiert nët nëmmen d’Klima, mä dat bréngt de Leit och méi Liewensqualitéit." An dozou dréien an Zukunft och Bus-Spuren an eng nei Bus-Gare bäi.
P.S. Dem Versprieche vum Zirkulatiouns-Scheffen Fred Bertinelli no gëtt d’Déifferdenger Groussgaass e Bijou. D’Plaz Millchen gëtt e lieu de rencontres mam Objectif d’social Mixitéit ze favoriséieren. Nieft di al Stroossennimm kommen da munch neier. (An di eeler Generatioun erënnert sech nach un den 9. September 1944, wéi d‘éischt Amerikaner iwwer d’Strooss aus Frankräich ugebraust koumen. ‘t ware véier ‘khakigekleidete Soldaten in einem fremdartigen, dachlosen Fahrzeug, in einem Jeep!!‘ (John Weber). Ofschléissend nach faarweg Ausdréck aus dem ‘Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert’ (v. d. Éditioun Binsfeld) – déi un industriegeschichtlecht “Héichuewelatäin“ erënneren. ‘Humpen’ housch doran e Waggon fir Réi-Eisen anzefëllen a ‘Wollef’ d’Cuvette, an där sech Goss gesammelt huet. ‘Biere’ waren eisenhalteg Pane-Réckstänn a ‘Polizisten’? Si hu Schlaacke vum Réi-Eise getrennt, dat duerch de ‘Kueder’ an iwwer den ‘Dicks’ gefloss ass.