Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Dellen

Dellen läit, wéi d‘Gemeng Groussbus preziséiert, um éischten Éisleker Plateau op ronn 470m Héicht. Wiederprophéiten no fällt do éischter Schnéi wéi am Waarkdall an an dem méi guttlännesche Gemengenhaaptuert. Mä „Viel Schnee bringt reiche Ernte“ mengt eng Bauerewäisheet. Et zielt +/− 91 Awunner, (17 manner wéi 2001 an 83 manner wéi 1848). De "Syndicat d’Initiative et de Tourisme Grosbous/Dellen" huet en intressante regionalen Internet-Site. En hat 2005 nees e 'Groussbus-Deller-Treff' organiséiert, wéi virun 20 Joer, an dobäi de neie Film iwwer d’"Louschläissen" gewisen. Esou Dokumenter loosse sech symbolesch mat Schëffer vergläichen, déi ’die weiten Meere der Zeit durcheilen’. (Fr. Bacon) An der Zäit wou Telephonéieren nach e Luxus war, a Verbindunge manuel zesummegeschallt goufen, waren Dellen, Wal, Kéiber, Brattert, Heeschpelt a Schandel bis 1940 mat der Vermëttlungs-Zentral Groussbus verbonnen. (Gespréicher mat der Belsch goufen 1898 méiglech, mat Frankräich 1900 an iwwer Ettelbréck a Lëtzebuerg hiergestallt.) 1924 huet ee Gespréich 0,25 Fr. kascht. (Méi doriwwer op www.grosbous.eu (G. Tock)

Eist Land gouf no der Grofschaft en Herzogtum, gouf mol duerch Ierfschaften an Alliance staark, mol duerch Friemherrschaft klenggehalen. Aus dem Gemengewope geet ervir dass d’Duerf fréier länger Zäit grad wéi Groussbus mol de Seigneure vu Woltz mol deene vu Clierf ënnerstoung - an tëschenduerch och de Meesebuerger an Beforter Hären. Net verschount hat 1712 e Blëtz d’Paschtoueschhaus an d’Kierch. Mat béide goufen och d’Archiven d’Affer vun de Flamen. Virdrun awer war den archivéierfreedege 27. Iechternacher Abt Bertels hei passéiert. En hat den Duerfkär vun ‘Delle’ faarweg gezeechent mat ländlechen Haiser a klasseschem Kierchebau! Säi Bild begleeden am “klenge Bertels” op der vergilbter Säit 60 fënnef handgeschriwwen Zeilen Text, Dikrech donieft just dräi. 1723 liese mer, datt d’kleng Uertschaft eng zimmlech nei 'eigene approbierte Kapelle besitzt' an seng Kanner zur Wanterzäit net an d’entleeë Porschoul vun Heischent goe këinnten! (Op dem Programm stoungen do Liesen, Schreiwe, Rechnen, Gesank an eng Stonn Katchessem. A fir net z’erkalen sollten d‘Schüler Holz matbrenge fir den Uewen.) ‘t gouf dann am November 1723 éischtmols e Geeschtlechen an d‘Duerf geholl an eng ‘Schulküsterei‘ ageriicht. (Dëst sollt Mëtscheet den Dellener virun der franséischer Revolutioun nomaachen!) (E. Weyer, Buch Por Heischent). Haut sinn d’Cyclen 2–4 zu Groussbus an de Précoce oder Cycle 1 an der komplett renovéierter aler Deller Schoul. Esou spillt dës konvenabel genotzten eeler Architektur an der Kiirchegässel niewebäi e ‘Mediateur tëscht Vergaangenheet a Géigewaart.‘ (R. Seimetz) (NB: 1922 hat d’legilux.public.lu Archiv hei 200 Fr Subsid registréiert ‘pour Badigeonnage des portes et fenêtres de la maison d’école’.)

D’Lokalchronik gëllt als liewegen Zeie vu joerhonnertenaler Geschicht. Se féiert 1719 bei d’schonn ernimmten nei gebaute Kapell mat reizvolle Ronnboufënstren an engem héich plaçéierten Hinnchen. (Hiren apaarte barocken Tuerm ass en ofgestuften Daachreider a steet “übereck auf der Dachkante”. Dës Form ass charakteristesch fir d’Géigend. (D’Kapelle vun Niddermäertzeg, Esch/Sauer a Lëltz hunn deeselwechten Opbau.) De wuchtege polychroméierten Altor huet 4 stilvoll Sailen. Dem relativ niddrege Raum seng 6 aktuell Fënstren mat ë.a. der hl. Katharina vun Alexandrien si vun ëm 1900. (D‘Morgue vun Dellen dekoréiert Glaskonscht vum Robert Emeringer.) Der Kierch hiren éischte Patroun ass den Hubertus. D’traditionell Haupeschmass hunn 2013 hei Kiermessonndes fir d’drëtt d“Réidener Juegdbléiser begleed. Op der Ferrariskaart, d.h. an den 1780ger hunn Hecken d’Duerf encadréiert, an nordwestlech vu senge roud gemoolten Diech stinn d‘Chapelle de Dellen, de Bois Hamerich nërdlech an südlech den Dellerwald.

D’Duerf figuréiert (vun Ufangs dem 19. Jh. bis 1823) als commune autonome mat Mëtscheet. Duerno goufe béid an d’Gemeng Grosbous incorporéiert, mä dat läscht koum geschwënn drop an d’Heischter. Am Duerfnumm verstoppe sech Dällt, Däift oder Dèllt (fir ‘Niederung‘). Hei fällt um Stroosseplang no Osten hinn eng flaach "Saank" (wéi ‘t zu Wolz heescht) mat ëm 24m Pente op. De landschaftleche Begrëff 'Delle' fir Thälchen a licht Verdéiwung kléngt niederlännesch. D‘Verb sech dellen mengt eng Bëlls man an sech dëllen, z.B. 'dat dëllt kän Engel' - 'dat hält de Gedëllgsten net aus'! (Engelmann) D‘Adverb dëlleg ass sënngeméiss tselwecht. (Zwee schwedesch Krater-Séien vu Meteoritenaschléi heeschen 'Dellen'.) Schlussendlech bedeit an den USA de Virnumm Dellene oder Delline (girls name of german origin) "noble" an ass d‘Kuerzform vum eleganten Adele oder Adeline. - Tapéitewiessel an eng nei Zukunft opbaue wollten 1869 de Phillip Hendel vun Dellen a seng Fra Catherine Busch um Kontinent, vun deem de Ronald Reagan sot "Amerika ass ze grouss fir 'small dreams'". D’jonk Famill huet sech gutt do etabléiert a krut eelef Kanner.

P.S. D’Statistik vun 2001 ernimmt hei an der Gemeng‘ (sauf erreur) 2150 ha 'terres de culture' - d.h. déi meescht vum ganze Kanton - 114 Trakteren - 414 Autoen, a keng Stroossenaffer (an ronn 6% (30) Chomeuren). Kee Rapport mat den zwee éischte Chiffren hat den 1892 an Amerika erfonnten Trakter mam 1890 a Frankräich geschriwwene 'Crédo du paysan'. Seng Zeile sinn e Luef vun engem Mann um Plou fir 'L'immensité, les cieux, les monts, la plaine' an 'd’œuvre sublime' vum 'Maître de la nature'. A propos Natur, do gëllt allgemeng de September als “Mee vum Hierscht”! Dëst kéinnt d’lokal Wiederstatioun confirméieren. (Si hat beispillsweis den 8.3.2015 um 9.00 e Stonnemëttelwäert fir Dellen mat präzis oo mm Nidderschlag vermierkt.) Leschten Detail: de Groussbuser Buet hat am Januar 2014 d’Installatioun vun enger Noutruffsirene um Daach vum Deller Veräinssall annonçéiert. De Wonsch vun de Leit dozou ass sécherlech hiren Alarmknapp net ze brauchen! E Wonsch un d’Leit inspiréiert d’Zeil 'd’accéder au meilleur de leurs possibilités.'