Doosber-Bréck
Doosber-Bréck heescht e Lieu-dit an der Gemeng Parc Housen. E läit un der 113 km laanger N10, eiser längster Nationalstrooss, tëscht Schengen a Maarnech. Um Flosskilometer 35,63 vun der Our verbënnt d’Grenzbréck zwee Länner. D’Haiser vis-à-vis an de Camping zielen zum däitschen Dasburg am Äifelkrees Béibreg-Prüm. De rauen Héich-Ardennerwand verschount si an de mëttleren Ourdall, dee klimatesch gënschteg ass fir rar Moosplanzen wéi d‘Lophozia an d‘Metzgeria. Fachleit no apprécicéieren dës ‘‘beblättert’ an ‘unbeblättert Lebermoosaarten’ d‘héich Loftfiichtegkeet an d‘excellent Loftqualitéit. (Dëst a méi verréit Buch ‘Valléé de l‘Our moyenne’ (Verlag M. Weyand). D‘Stroossescheld verréit d‘Distanz an d‘Haaptstad mat 64 km. Busverbindunge stinn am online Fahrplan. Westlech vun der Doosber-Bréck sinn 8 Hausnummeren: An d‘al Douanierswunnenge koumen nei aménagéiert Appartementer vum Fond de logement, am fréiere Café si Bureau‘en. Dës an d‘lokal Tankstell stinn am Telefonsbuch ënner Roudersen.
D‘al-lëtzebuergesch Buergortschaft Dasburg an d‘Herrschaft un der Our entstoung zu Féiss vun enger ëm 850 gebaute Buerg. (Der Legend no war si 892 beim Normanne-Stuerm e Fluchtuert fir d‘Mönchen aus der Prümer Abtei. ) Ëm 1222 hat de Veiner Grof d‘Buerg mam Entourage als Lehen vun där genannter Abtei. Deen haut westlechsten Uert a Rheinland/Pfalz housch 1252 a spéider op der Mercatorkaart Dasberg (an dertëscht emol Daisberg.) An turbulenten Deeg sollt Phillipp II d‘Grofschaft Vianden mat den Herrschaften Dasburg an e.a. St Vith konfiskéieren an 1566 dem Mansfeld hiren Usufruit iwwerloossen. (Koltz) 1625 haten do 34 Haiser dem Buerghär jährlech ‘ein Rauchhuhn zu entrichten’, 16 Deeg am Schlass Wuecht-déngscht auszeüben an een Dag Hee ze maachen. - D‘Ufangssilb ‘Das’ hunn Uertsnimm an der Normandie, a Belgien oder Holland am Zesummenhang mam Dachs, deen am aalhéichdäitschen‘dahs’ housch.) (J. Tosti) Dachsen hausen gär um Bord vum Bësch an südwestlechen Häng. D‘Herrschaft Dasburg war Deel vum Herzogtum Lëtzebuerg bis 1794. Duerch d‘franséisch Revolutioun koum dann d‘‘nei Gemeng Doosber-Ruederssen an den Département des Forêts. Zur napoleonescher Zäit (tëscht 1799 an ‘Waterloo’) waren den Adamus an Henricus Schirmes (vu Ruederssen) ugesinne Beamten.
Am Klëppelkrich (1798) war Doosber en Zentrum vun der Revolte géingt d‘Ënnerdréckung. Seng Awunner goufen an engem Gefecht zwee Deeg laang vum Student Döner (dem spéidere Pfarrer vun Hëpperdang a Vianden’ kommandéiert. (P. Tousch) (D‘Joer 1803 ernimmt Doosber-bréck mat der Por Housen. Lëtzebuerg hat 1815 bei senger zweeter Deelung iwwer 50.000 Awunner laanscht Musel, Sauer an Our un d‘Kinnekräich Preußen verluer. De Wiener Kongress huet 1815 d‘mëttelalterlecht Herzogtum allerdéngs zum Groussherzogtum erklärt an Personalunioun mam nidderlännesche Kinnekräich. 1843 hat d‘däitscht Dasburg 136 Haiser mat 721 Awunner - an den 1950ger nëmmen nach 211. D‘Hanglag an d‘schlecht Buedemqualitéit hu keng Landwirtschaft erméiglecht; ‘t gouf do ‘dorfübliche’ Handwierker, Bëschaarbechter an eng Brauerei. Den 1867 ausgewanderten Dasburger Neelklautchen Johann Krämer goung op Chicago bei säi Brudder (deen him 100 Daler gescheckt hat fir d‘Rees.) Anerer sollt geschwënn drop Industrie an de Süde vum Land zéien. D‘Postkutsche koume relativ lues weider, 1892 huet den Trajet Clierf—Dasburg 105 Minutte gebraucht pro Voyage. (D‘al 1846 gebauten Doosber Bréck mat hiren dräi Béi gesouch den 10. Mee 1940 fréimueres d’motoriséiert Viirhut vun zeng Infanterie- an dräi Panzerdivisiounen d’Our-Grenz passéieren. D‘Invasioun vu kilometerlaange Kolonnen gesouch de Kolonel Melchers als ‘Sturzflut deutscher Streitkräfte’!
D‘stenge Bréck hat en amerikanesche Juegdbomber den 22. Januar 1945 schwéier beschiedegt an der Wehrmacht hire Réckzug gouf terribel chaotesch. D‘Buch ‘Schwere Zeiten im Ourtal’ vum Yves Rasqui dokumentéiert d‘Ereegneser vun 1930 bis 1955 zwëschen Doosber an Ënnereesbech. ‘t baséiert op Temoignagen an historesch Quellen riets a lénks vum Floss a beschreift ë.a. de Bau vum Westwall, d‘Kämpf ëm Housen an d‘an der Ardennenoffensiv zerstéiert Dierfer. - D’aktuell Doosber Bréck mam Bou vun 21 m Spaanwäit gouf 1953 am arméierte Bëtong gebaut a mat Permange verkleet. Se kuckt um Flosskilometer 35,63 tëscht der uraler Uewereesber Bechermillen (bis 1783 Besëtz vun der Abtei Housen) an der Tëntesmillen op d’Our erof. Deen 78 km laange ‘sous-affluent’ vum Rhäin entspréngt um Héije Venn a fléisst hei duerch en Dall mat groussem biologesche Räichtëm. Um däitschen Uwänner vun der Our wierdegen eng Erënnerungs- an eng Informatiounsplack den amerikaneschen Zaldoten hiren Asaz vum 21. Februar 1945. Deen Dag koum Doosber owes géint fënnef definitiv an hir Hänn. (Uschléissend hu s‘eng provisoresch Bailey-Bréck gebaut dass hir Truppen dréchnesfouss iwwer iwwer d'Our koumen. Den 28.02. sollt eng stabil Duebelbaileybréck s‘ersetzen, si huet e Laascht vun 120 Tonne gepackt.)
P.S. Op enke Plazen ass eisen 52 km laangen Ourdall wéineg exploitéiert... mä tëscht Ouren an Dasburg fënnt een en attraktiven Trëppelpad. Dësen Deel vum Éislek ass een vun de "poumons verts" fir dichtbevëlkert Agglomeratiounen. Der haut molerescher Buergruin Dasburg (vum 17. bis 18. Jh. nassauesch-oranesche Besëtz) hir Herrschaft hat fréier wichteg strategesch Aufgaben zum Schutz vun der Grofebuerg Vianden. Vun hir an der noer ‘héijer Knupp‘ vis-à-vis genéisst een eng wäit Vue. Blécker op de Buedem kann e Kafka Saz ureegen... ‘In den Wäldern sind Dinge, über die nachzudenken man jahrelang im Moos liegen könnte...‘ - Vun 2006 ass d‘offiziell Plaquette zum feierlechen Uschloss Dosberbréck un d‘grenziwwerschreidend Ofwaassergrupp ‘Obere Our’ d.h. un d’Kläranlag vun Dasburg. De Kuerzfilm ‘Luxembourg's Our River in mid-Winter at Dasburg & Stolzembourg’ entféiert d‘Leit an eng wellromantesch Wanterlandschaft ‘un d‘Grenz vu franséischem Savoir-vivre a preußescher Disziplin.’ (Angelika Koch)