Bireng
Bireng a Butschebuerg stounge fréier als eegestänneg Dierfer nieft Diddeleng a sinn lues a lues zesummegewuess mat 20.677 registréierte Persounen. (Ufangs August 2017.) Bireng, Burange, gouf ee Quartier vun eiser haut véiertgréisster Stad nodeems dës 1907 de Stadtitel krut. Seng Flouer-Grenz reecht u Beetebuerg, un d‘Réisergemeng an un Zouffgten. Gounge Kelten vum Tëtelbierg op Tréier, koume s‘iwwer Bireng, Helleng an Duelem. De Professer Hess schreift dass d‘Härschaafte vum Gehannsbierg de Kommando haten iwwer déi dräi Dierfer Diddeleng, Butschebuerg, Bireng a fréier och nach ‘Balzéng’ . Dat lescht ass verschwonnen mä eng Schoul krut säin Numm. Bireng feiert als eenzegt Duerf am Land d‘Kiermes op engem Donneschdeg, op Christi Himmelfaartsdag. Dass se 1939 no laanger Zäit nees agefouert gouf - mat als Eiregäscht dem Minister Nic Biever an dem Buergermeeschter Jean Fohrmann am Belle Epoque-kostüm - dokumentéiert eng historesch Photo. Aus fréien Zäite bestinn wéineg Zeien.
Beim 1973 zu Bireng fonnte galloréimesche Brandgriewerfeld ‘in Hauwepärchen’ goufen dräi réimesch Tetricus-Mënzen identifizéiert - en Hiwäis op fréi Bewunner. ‘t entstoungen theoretesch och ‘Geschichtsfuerscher no Dierfer laanscht d‘Grenz tëscht Birmereng a Rodange aus engem fränkeschen Haff, ëm deen senger Nokommen an Kniecht sech emol Brake gebaut haten… (‘Vu Stied an Dierfer’, Joseph Hess.) Eng Strooss säitlech vun der rue de Hellange erënnert u Baltzingen, wou d‘urprénglech Margaretekapell stoung. Zwou vun hire klenge mëttelalterleche Figuren d‘Maria a Marguerita sinn a Privatbesëtz. (A. Weber, A. Rausch) ‘Baltzen’ war 1473 mat 12 Feierplazen agedroe mam Saz ‘ne fait qu‘un seul village avec Büringen-sous-Düdelingen’. (Jules Vannérus) - D’Auswandererschicksal vun engem den 3. Mars 1786 zu Burange gebuerene Jean-Baptiste Pauly dévoiléiert just säin ‘Décès après 1845 (Age 58) Possibly Aurora, IL, USA.’ - D’Ferraris-Kaart dokumentéiert Buringen nieft Budersberg, de ‘Johannes Berg’ mat Hermitage an eng chapelle ruinée.) De Wopen vu ‘Burange’ (Goldfong mat roudem Balken a 3 roude Stären) erënnert u vergaange ‘Groussart’! D’lokal Awunnerzuele goufen 1848 preziséiert mat Burange 237, Budersberg 173 an Dudelange 1.125. - Nieft de spéidere Parc Léi koum honnert Joer nom “Scharmützel“ vu 1794 e Monument. Deemols duechten erschreckten Diddlenger se misste sech verdeedegen an hunn de ‘Parlamentär regulärer Truppen’ erschoss. (J.-P. Koltz). Dofir sollte 74 Männer d‘Liewe loossen...
Wéi 1882 d‘Zuchligne Beetebuerg-Wolmereng entstoung hunn d'Diddelenger Schmelzhären op d‘Plaz vum haitege Quartier Wolkeschdall eng Zillebäckerei opriichte gelooss; tëscht Léi a Roudebierg war nämlech Leem! ‘t goufen Zille gebraucht fir Hangaren, Atelieren a Kamäiner, a fir d'Aarbechterhaiser ë.a. am Brill. Net wäit vun där Fabréck hate sécherlech Schof geweed, well Bireng hat en Hirt bis 1909! Dee Moment gouf de Parc Léi mat Spazéierweeër, Bänken a Spillplazen, Restauratioun a monumentalem Kiosk ageweit. Dëst ‘kunstsinnig angelegte Naherholungsgebiet’ hat en Don vun der Diddelenger Héichuewegesellschaft ënnerstëtzt. (...et heescht mat 20.000 Fr.) (1913 koum d‘Waldschoul an d‘Léi, an d‘Schmelz hat 2234 Aarbechter.) (‘100 Joer Stad Diddeleng’ Wort Bäilag, 2007) An d‘1. Flieger-Landung an de Birenger Wise war e Stadgespréich. - En Zäitspronk féiert bei d’uganks den 1950ger gebaute Birenger Jousefskapell. Se steet verstoppt hanner den Haiser vun der Pasteur-Strooss an huet aplaz Tuerm e stengend Kräiz um Daach. Se war den Oblate-Patren hir Privatkapell an ass elo Eegentom vun der Por! (D’protestantesch reforméiert Kierch huet elo eemol am Mount do eng Mass. (F. Champagne) Den noen CIPA «Grand-Duc Jean» huet eng haus-eege Kapell, ronderëm vill Beem, eng Pétanque-piste an ë. a. e grousst Schachspill.) Nozedroe bleiwen 1953 d‘Piscine an der Parkstrooss an 1955 den Sender vum Ginzebierg…
1985’ waren d‘Ausgruewungen um Gehaansbierg ofgeschloss! Elo si sämtlech Fondamenter, d‘Pëtzer an e Scharwaachttuerm visibel! ‘85 war och d‘Aweihung vum Naturléierpad am Parc Léi. D‘rue Ribbeschpont verbënd Butschebuerg a Bireng. Eent huet e Mëttelalterfest, dat anert eng grouss Kiermes… Op hir gëtt regelméisseg no der Mass an der Scheier d‘alt ‘Birenger Lidd’ gesongen. Dëst dréit ëm beschte Kuch an Ham, de Plou dee rout an d‘Sonndescht Gezei! (Musek J. Eiffes, Text J. P. Hoffmann.) Hanner alen Nimm verstoppt sech heefeg e ‘certain art de vivre’ wéi ‘t an der Lorraine heescht, a wou am Lidd ‘sabots dondaine’ an ‘Marjolaine’ reimen. Där ewell ernimmten Zuchlinn Beetebuerg-Diddeleng hiren Arrêt Bireng gëtt säit Enn Mee 1999 bedéngt. Nieft der Gare ass d'Barrière op der rue de Burange. (D‘Statioune sinn Diddeleng-Stad, -Zenter a -Schmelz an den Terminus Wuelmereng. - Den aktuelle 40 Ar grousse Bauprojet Bierenger Haff valoriséiert dat Bestoend a schaaft neie Wunnraum ëm d’eeler Scheier, den Nëssert an d’Käschtebeem. E soll der Hellenger- an der Wisestrooss hire ländleche Charakter erhalen. P.S. Déi eng intresséiere sech fir d‘Birenger Lidd – déi aner fir eng Kaart mat Réimerspuren. (Esou eng späichert beispillsweis de Musée ënner “Römische Gebäudereste bei Dudelange-Burange, Empreintes 2, 2009“by MNHA – issuu.) Hir intressant Punkte leien tëscht der spéitréimescher Festung Gehaansbierg an dem Wal–Bësch um franséische Bann a Riichtung Zoufftgen. (D‘Véierhäremoark markéiert do d‘Grenz tëscht de Gemengen Diddeleng, Zoufftgen, Réiser a Beetebuerg.) Net e Bësch, mä eenzel Beem waren emol en heikelen Thema, wéi der A3 hir Sortie Diddeleng-Bireng vergréissert gouf. Déi deels renaturéiert Diddelenger Baach kéinnt muunches erziele vu sonnegen an donkle Momenter, Tunnellen a Fester, vu Botterblummen, verspillte Muppen a Kannerlaachen... - Net ze vergiessen um Schluss: et gëtt nach e Biereng bei Miersch, an dat schreift sech mat ie.