Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bruch (Biwer)

‘t bestinn zwee Dierfer mam Numm Bruch; dat gréissert zielt zur Gemeng Helperknapp, dat méi klengt mat de 55 Awunner zur Biwer Gemeng. (Jan. 2018) Si hu muunch gemeinsames, beispillsweis schéi Steng a kleng Baachen, déi Joerdausenden hire Wee gesicht hunn a Richtung Musel. ‘t kann een si an hiert faarwegt Ëmfeld mam Fanger op der topographescher Hansenkaart vun 1927 suivéieren. Dës weist suergfälteg recherchéiert Detailler op geoportail.lu. Wéi si entstoung louch d‘mysteriéist 1998 bei Feldaarbechte vum Raymond François fonnte Bricher Steefragment nach ënnerëm Buedem. Op senge flaache Säite si reng (ënnerschiddlech al) prehistoresch Gravuren, ‘mol eng Figur an ‘mol spéitkeltesche Wellendekor. “Seng Ornamentik kann als Virleefer vun sakraler Buchmolerei aus Iechternach ugekuckt ginn… wou iro-schottesch kierchlech Influence op kontinental Kulturgeschicht ufoung.’’ (Dr. A. Grisse - Bulletin communal Nr. 5 /2017) (S. 27-28.) Intressente kënne bei der Gemengenadministratioun en Exemplar vum lokalen Informatiounsblat kréien.

Ënner der Ermesinde an hirem Fils, dem Henri V., entstoung d’territorial Muecht vu Lëtzebuerg. Et gouf d’‘Principauté dominant l’espace Meuse-Moselle’ (G. Trausch) an ‘t haten och an hirem Käer vill Leit en Heem. Der haiteger Gemeng Biwer hire Wopen erënnert mam Ankerzräiz un d’Seigneure vu Berbourg, déi vum 11. Jh. un hei Gidder haten, mat den Abt-Symboler ë.a. u viireg Hären aus der Iechternacher Abtei… an mat den zwee Reng ëm d’Stäf um Wopen a spéider Zougehéiregkeet vun der Wecker Herrschaft. D’stilvollt Haus Nr. 16, e Barockbau mat Betounung vum Mëttelfeld, (Quintus) bedeit, dass am 18. Jh. d‘Architektefamill Mungenast och heirëmmer Opdräg krut. - Allgemenges nach: D‘Keeserin Maria Theresia hat 1770 erlaabt Wisen a Felder anzeperchen an 1778 d‘Deelung vu Gemengeflouer; Agrarindividualismus sollt duerno kee Friemwuerd bleiwen. Lëtzebuerg krut 1839 seng geografesch Form. 1845 weist dann d‘Lëscht vum memorablen ‚transatlantic’ Schëff ‘Silvanus Jenkins’ 216 Passagéier vu Lëtzebuerg. (Départ Antwerpen de 25. Mee - Arrivée New York no 40 Deeg, Präiss 75 ‘Franks‘ pro Persoun.) (F. Gardini.) Ënner de 7 Ausgewanderte vu Bruch war de Birtz Pierre, (tailor, with family of 6.) (http://luxembourgensia.blogspot.lu/2013/06/3-june-1845-arrival-of-silvanus-jenkins_3.html.) An dës Epoche passt réckbléckend d‘Brel Zeil, déi op zwou Zorten Zäiten hiweist, op ‘le temps qui attend et le temps qui espère...’ (1848) hat d‘Dierfchen un der Bricherbaach 70 Awunner, Lëtzebuerg gouf sech eng Verfaassung a krut d‘Pressefräiheet.

Der Kapell mam Daachreider hir Virgängerin war ewell 1570 als ‘capella in Broich’ erwähnt (Staudt, Reuter, ‘Ons Hémecht’ 1935) an dem hl. Gangolf geweiht. Se war am Mëttelalter Annexe vu Biwer, koum 1860 zur Por Eeschler an ass haut integréiert an d’Por Musel a Syr Saint-Jacques. Hir 50 kg schwéier Kack gouf 1537 gegoss zu Tréier. Hiren Altor mat geschwongene Sailen an enger Nisch mat der Tréischterin dréit d’Joreszuel 1754. Duerch d’Celsus-Pressessiounen zum fréieren Niewepatroun koumen do vill Leit zesummen. Um Altor representéieren zwou Holzstatuetten de Gangolf an den Hubertus. D’faarweg Figure vun hirem 2. an 1. Patréiner sinn haut gebeetzt, d’Bänken nei an de Plafong gedillt. ‘Bréngt Haupert den 3.11. Schnéi an Eis, bleift de ganzen November weiß’ seet eng Baureregel, an eng aner ‘Hängt das Laub bis November hinein, wird der Winter lange sein.’ - Zum Duerf am Fong vum Dall riets un der 'Bricher-' an no bei der Beidlerbaach zielt eng schützenswäert Fiichtzon… a seng Quell huet eng excellent Waasserqualitéit (déi SIDERE-Waasser enthäert.) D‘Géigend offréiert Rou an ‘Unaufgeregtheit’, d.h. e Kontrastprogramm zu den Touristenzentren.

Eng eeler Chronik beriicht 1905 iwwer de Kaf vun enger Feiersprëtz mat véier Rieder, déi Päerd gezunn hunn. Se war fir d’ganz Gemeng geduet, hat 2132,23 Frang kascht a gedéngt bis un d’Enn vum zweete Weltkrich. (1912 krut d’Wecker Firma Duchscher e Lëschapparat an 1914 gouf ‘t eng nei Hand-Feiersprëtz fir Boudler a Bruch. (www.pompjeenbiwer.lu/Geschichte/geschichte.html.) - Een Dag nom Krichsenn, (den 11. Sept. 1944) koumen zu Bruch bei enger Schéisserei zwee jong Lëtzebuerger ëm ënner Kugele vun de leschten däitschen Zaldoten. Se goufen dann do vun deenen op engem noe Kaascht verbrannt… De Jean Hemes a Poly Greisen hate sech ëm Resistenzler an de Bunkere gekëmmert. D‘Gefalenekapell op der Haaptstrooss gouf den September 1947 ageweiht als Erënnerung un deen Drama. - Kucke mer zréck an d‘Joer 1965, falen am ganzen an der Gemeng Biwer 34 Bauerebetriber op; 2007 bestoungen där do nach 15. An der allgemenger Statistik vu Familljennimm stoung Bruch 1984 mat 86 Persounen a Brouch mat der franséischer Schreifweis ‘ou’ just eemol.

P.S. Uertsnimm mat ‘Brok’ a Bruch weisen op Erhiewunge mat Moos oder Gras hinn no bei engem Mouer. (’Bruch’ ass en ale Begrëff fir ‘Moorland’ oder ‘marecage’ , Bruck fir «Fräscheläich» (Engelmann.) D’al Schreifweis broc deit un, dass emol Zwergen oder Wichtelcher do gehaust hunn. Brök housch nämlech e legendären Zwerg a Schmatt. En Alv oder Alpiger Männchen huet a Soen souwuel d‘Bedeitung Zwerg wéi Doud. D‘Online-Zeile vun der ‘Urgeschichte des Landes, des Volkes & der Sprache, Sitten & Gebräuche’ (vum Henri Schlief) ernimmen Alpig bei Brouch ouni Detail. Ee Gredt-Text erwähnt um ‘Flouer Alpich’ onheemlech Zeene mat schwaarze Päerd, ‘puuh’ an ‘pau’ Kreesch an e mysteriéise Friemen, deen do e Mann an d‘Baach gehäit hat. Liest een haut vun de ‘Flying Horses’ vu Brouch bei Wecker - geet et ëm e private Reitstall, deen zu engem vun den zwee lokale Bauerenhieff gehéiert. Päerd passe gutt an de ’caractère rural - mais tourné vers l‘avenir.‘ (N. Soisson).