Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Breinert

D’Awunnerzuel schwankt a klenge wéi a grousse Stroossendierfer; am Joresufank 2017 hat Breinert 79 Leit an Enn September dann 5 Leit manner. (D‘Duerf hat fréier 11 Haiser, haut allerdéngs gutt an di 20.) ‘t besteet e viischt an en hënnescht Breinert, d’sougenannte Cité um Bierg déisäit der Baach. Den Duerfkär am Dall zielt mat de 14 Leit vu ‘Biwerbaach’ an deene 490 vun der Wecker-Gare zur Lokalitéit Biwer. Déi aner Sektioune vun der Gemeng Biwer sinn Buddeler - zu där d'’Breinertknupp', d'’Buddelerbaach' a Wecker gehéiere (mat 196 Awunner) - an d’kleng eegestänneg Dierfer Bruch, Haastert a Weydeg. Si all verdeele sech tëscht de groussen Nationalstroossen, der Nr.1 an der Nr. 11, an do sinn an déiwen Nuechten ‘die Häuser alle bleich und die Eichen stumm’. (Rainer Maria Rilke) Iwwer der Gréiwemaacher- an ënner der Iechternacherstreck ass d’Welt nach relativ ‘verkéiersberouegt’.

Biwer a seng Nopeschdierfer tendéieren op der aler Herrschaft Lënster hirer Sproochekaart zur östlecher Säit. Aner Zeile bestätegen, dass d’haiteg Gemeng säit dem XI. Jh. gréisstendeels der Seigneurie Berbuerg gehéiert hat. D’Sproochgrenz zwëschen dem westlechen ‘eis’ an dem östlechen ‘is’ oder ‘ees’ leeft dem Robert Bruch no laanscht d’Herrschaften Hiefenech a Roudemer. - Nobäi beim Flouer Fuussesank weisen zwee ‘Tumuli’ op fréier Siedler hinn, mä esou Hiwwelgriewer sinn zäitlech schwéier anzegrenzen. Een dokumentaresche Wäert huet en eelere Saz iwwer d‘lokal Baach ‘‘Ses eaux baignent l'ancienne ferme, aujourd'hui hameau, de Breinert.’ - 1843 hat Biwer 419, (Buddeler 119, Bruch 88, Weydeg 27) a Breinert 38 Awunner. Vun do ausgewandert waren tëscht 1859 an 1935 Leit mam Numm Kieffer, Hess, Didier, Beyen a Lucius. Hir nei Adress gouf ‘Mt Pleasant, Kansas’. (Leit mam Numm Weber goungen an de Staat Wisconsin.) (http://www.genealone.net/gburkart/upload/documents/143768450847.pdf) D’Ferraris Kaart weist an där Géigend Dierfer an Häff, déifgréng Bëscher an eng ‘Preimerbaach’. Net wäit ewech sinn haut zur Lënster Säit hinn Biotopen an eng Schutzzone fir Viggel. D‘Breinertbaach veréiwegt e Film (‘réveil de la nature’ - Abrëll 2013 - op youtube.com) D‘Baach ass do beschriwwen als petit ruisseau aux eaux calmes, pures et limpides - an ee vun iwwer 70 Commentairen nennt d‘Plaz ‘endroit en dehors des sentiers battus!’

‘Op der Breinert’ ware fréier véier Baueren- an e puer Aarbechterhaiser. Zäitweileg gouf et do 2 Steemetzer (mat niewebäi 2-3 Kéi) e ‘Kantunier’ an Aarbechter, déi op der Fabréck zu Wecker geschafft hunn (D’Duchscher Eisegéisserei hat ë.a. e Monopol op Uelegpressen mä huet och Kolonneniewen ugebueden.) Op der Knupp war ee Bauer an nom Krich eng Schreinerei. (J. Petry) D’Par Biwer figuréiert tëscht 1731-1793 mat Biwer, Buddeler, Buddelerbaach, Breinert, Bruch a Weydeg an Regesteren. Neierdengs zielt se zur grousser Porcommunitéit ‘Musel a Syr Saint-Jacques.’ D’Leit vun hei goungen a ginn, Temoignage no, vu Breinert op Biwer an d‘Mass (an hunn do hir Griewer) an déi vu Breinertknupp zitt et op Buddeler an d‘Kierch an op de Kierfech. Do war fréier och d‘Schoul – an de Schoulwee goung iwwer eng ganz al verwëlleft Bréck. D‘denkmalgeschützte Buddeler Kapell huet iwwer 120 Joer al Fënstren. Hir Altär goufe frësch restauréiert, an de ‘verschwonnenen’ Nouthelfer hat d‘Restaurateurin kuerz an hirem Atelier fir eng noutwenneg Faarwenanalyse. De Flouernumm ‘beim Kräiz’ baséiert op eng extraordinär erliefte Geschicht; op där Plaz steet nämlech e Weekräiz als Merci fir e spezielle Schutz: do war e Mann engem Wollef begéingt, deen einfach laanscht hie goung.

De Krich hat op der Breinert kaum materielle Schued ugeriichgt, mä ‘t ware Leit vu Wecker do évaquéiert. Opschlossräich Découverte goufen 1979 publizéiert: Zur Réimerzäit sollt zu Breinert eng vu siwe Mënzwierkstätten aus eiser Géigend leien. Se huet versëlwert oder verzënnte Fälschungen oder Imitatioune vun offizielle Mënzen hirgestallt. (Erklärungen a Photoe vun engem do fonnten ‘Antoninien’ (vun ca 263-268, mat ‘Buste radié à droite’) bréngt d‘‘Schweizerische numismatische Rundschau’ vun 2011.) D’eelert Kapitel ‘monnayages d’imitations’ vun der Historikerin Frédérique Duyrat hat den Text vum Fabien Pilon a François Reinert ‘Le Grand-Duché de Luxembourg, terre de faux-monnayage au Bas-Empire’ ewell ernimmt. Hirt Buch ‘Trésors monétaires romains de France septentrionale’ huet Breinert e puer km südlech vum Vicus Alttrier situéiert. - Méi alldeeglech sinn Themen aus dem Gemengerot. Se dréien ëm d‘Stabiliséierung vun zwou Brécken zu Breinert, ëm d‘Sanéierungsaarbechten um Drenkwaasserréservoir vun der Knupp oder ëm d‘Aarbecht un der Waasserleitung op d‘Breinertknupp.) Frënn vum Lafen fannen nobäi eng 12,5 km laang Route mat ‘start and end at the Chateau of Betzdorf - and quite a few climbs.’) (mapmyrun.com)

P.S. De Memorial hat am Oktober 1927 Breinert mat Betzder, Ouljen an aneren Dierfer bis 10 km hannert der Grenz ernimmt am Rapport mam klenge Grenzverkéier. Ee giele Grenzauswäis huet hir Awunner 2 Joer laang berechtegt zu Grenziwwergäng iwwer Musel- a Sauerbrécken oder mat Fähren - vu 6 muerges bis 10 owes - wa si eng Wunneng oder en Terrain doiwwer haten. (Dokteren, Hiewammen a Geeschtlecher konnten ëmmer passéieren.) Zufouss läit Breinert eng hallef Stonn ewech vun der Wecker-Gare. Dës besteet säit 1861. (Den Zuch Lëtzebuerg-Waasserbëlleg erreecht Tréier a 16 Minutten.) Busverbindunge brengen Intressenten 6 mol am Dag op Gréiwemaacher. An den Auto, d‘modern ‘Kutsch ouni Päerd’? Déi féiert d‘Leit iwwerall hinn - an heefeg iwwer d‘Iechternacherstrooss an d‘Stad. (d.h. 26 km (Loftligne 18) theoretesch an 39 Minutten.) - ‘Brein’ bedeit iwwregens op afrakaans a neederlands Gehir, Kapp oder Geescht - a mat ‘ai’ op englesch Gehir a Verstand... Kuriéiserweis kënne Rätselfrënn beim Googelen 33 Nimm mat 8 Buschtawe mat der Endung ert fannen- an zu deene gehéieren Brattert a Breinert...