Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bommel

De klengen Uert Bommel um Stauséi war virun 2012 eng Sectioun vun der Gemeng Néngsen. 2010 hat en 30 Awunner a koum 2019 mat där neier Cité op 106 Leit. E war fréier ënner Ensber gelaf… mä gouf bei der Fusioun offiziell eegestänneg. Bommel (an der Iwwersetzung Bonnal) zielt haut zur Gemeng Esch-Sauer. ‘t huet keng eege Kierch, mä déi Ënsber steet nobäi. De Camping ass net méi aktiv an de fréieren Hôtel du Lac gouf zum Foyer fir Asylanten. Eng 1976 gestempelt Postkaart (aus der Ph. Aschman Sammlung) huet e veréiwegt. Eng Bréck verbënd den Uert mat Lëlz. - D‘ 9 km laang Lëlzer Promenade féiert plazeweis duerch de Bësch an den Dall mam gekrëmmten Ausleefer vum Séi an der Ningserbaach. Op hiren 9 km këent ee laanscht d‘Buurfiels-Kräiz, den Dotzebierg, Ënsber a Bommel a passéiert d‘Bréck bis bei d‘Startplaz. Um Satelittebild gläicht Bommel mam Flouer ronderëm enger Hallefinsel!

Eisem Grand-Duché seng beweegte Geschicht gläicht engem Konzentrat vun der europäescher Vergaangenheet. Bommel läit nieft engem beweegten Terrain a groussflächege Waassermassen op 368 m Héicht. (Et huet fréier mat Ënsber, Lëlz an dem Burfelt zur Esch/Sauer Herrschaft gehéiert (där hir 927 ernimmte Buerg „Asko“ e Rapport mat Iechternach hat.) Op der Ferraris-Kaart grenzt et un Ënsber. ‘t fällt ënner senge 7 rouden Diech ee gréisseren Domaine op, an am Dall un der Sauer läit de ‚moulin de Lifring‘. D‘éischt Dokument vun där ewell ernimmte klengster Gemeng am Land datéiert vum 2. Dezember 1803. Ob dës eng Verbindung hat mat der Stater Famille de Neunheuser (Besëtzer vun engem grousse Stad-Haus an der Eecherbiergstrooss mat Dëschtel am Wopen) ass net kloer. - En Zäitspronk an d‘Joer 1944 konfrontéiert eis mat traurege Chrëschtdeeg. (De 25. Dezember war Ueschtref vum 328 Rgt/26 (US) Infant. Div. besat an de 26. Ensber a Bonnal vum 101. Rgt./26.(US) Inf. Div.!) (E. T. Melchers) Bei minus 6° a sonnegem Wieder waren haart Kämpf ëm Eschduerf an am Raum ronderëm. De besuergte Generol Patton koum d‘Truppe besichen… an deen Dag gouf Eschduerf ‚clear of enemy‘! D‘nächst drénglech Aufgab housch dann ‘Befreiung vu Baaschtnech‘!

D’Gemeng Néngsen koum 1903 mat 86 Haiser op 422 Awunner. Am dënnste bewunnt vun alle Gemengen war se 2006 mat 284 Leit. Zu hir gezielt haten nieft Ënsber, Lëlz a Bonnal, Burfelt an d’Ferme Wealer (d’spéider Base fir ‘activités nautiques’.) Deen e Joerzengt nom Krich geplangte Stauséi hat zwee Ziler: e Kraaftwierk an d’Drenkwaasserversuergung! Fir de kolossale Projet vum 3,8 km² grousse Séi hat de Staat 400 Hektar Land kaaft. De Barrage entstoung tëscht 1955 an ’58. ‘t goufen dee Moment nei Stroossen an nei Brécken néideg an d’Fëlle vum Séi sollte puer Méint daueren. - D’Bréck iwwer de südleche fjordenaartege Säitenaarm, an deen d’kleng Ningserbaach fléisst, verbënd d’Strooss vu Bommel op Lëlz. (Vis-à-vis vum Séi leien Léifreg, de ‘bal waagerechten’ Héichteréck vum Léifreger Kamm a Bavigne an nobäi entstoung der Stad Esch hir d’Vakanzkolonie. Duerch d’neigeschafe geographesch Realitéit huet de Ginz méi laang ëm de Séi gebléit - a laut Zeile vum Carlo Hemmer bloufe Wisen a Bëscher laang ’frühlingshaft saftig grün’! D‘Regioun Uewersauer zielt bekanntlech zu eise reen-räichste Gebidder... Vun der Mady Molitor koumen intressant Etuden iwwer zoologesch Liewensgemeinschafte vu Stëllgewässer an iwwer Plankton am Stauséi.

1991, virum Vidange vum Stauséi, gouf decidéiert d‘Fësch erauszehuelen. (Dem Inventaire vum zoustännege Ministère no goufen da 13.350 kg Fësch gerett an ëmgesiedelt... (d.h. manner wéi erwaard.) D‘Visite vum eidele Séi krut vill Succès an huet Tourismuswellen ugezunn. Dee Moment entstoungen do nach zwee ecologesch Prébarrage fir Ningserbaach an d’Dirbech (déi am Stau ronn 8 % vun der Waasserfläch ausman!) D’Erzielung «De Mann am Séi» vum Henriette Nittel beschreift nodreeglech den Dallbewunner hir d‘Reaktioun op d’Noriicht, si misste plënneren an dokumentéiert dem Projet seng Viraarbechten. (Wéi alles fréier heirëmmer war hat ewell de Joseph Backes virun 1981 recherchéiert fir d‘Buch ‘I(n)senborn, das kleine Dorf am See. Ein Versuch, seine Geschichte zu schreiben‘.) - An der Touristesaison 2013 blouf d‘Bréck zwësche Lëlz a Bommel/Ënsber wéins dréngende Renovéierungsaarbechte gespaart. ‘t gouf Dag an Nuecht un hir geschafft an d‘Foußgänger kruten eng Kanuverbindung proposéiert. - Am bis 30 Meter déiwe Waasser ënner der Bréck schwamme villerlee Fësch - do däerf mat Permis gefëscht ginn. Duerch e Bilan-Bléck trennt de Barrage d’südlech an nërdlech Séi-Dierfer an fërdert den Tourismus. Um Bommel gëtt et méi wéi eng Oasis ouni Industrie a Commerce ronderëm, Zweet-Residenzen, an Trafic a Poubelle koume bäi.

P.S. An der fréierer Léifreger Millen gouf net just gemuel, ëm 1920 hat do d‘Stroumproduktioun fir Ënsber, Bonnal, Lëlz a Léifreg ugefaangen (bis en Uschloss un CEGEDEL koum.) - Den Numm Bonnal dréit och e klenge franséischen Uert am Pays des 7 Rivières! Dëse läit am Arrondissement vu Besançon un engem natierleche Séi mat Zone de loisirs. (Dem Schweizer Pädagog Pestalozzi (+1827) säin utopesche Roman "Lienhard und Gertrud" huet do gehandelt.) (Den Toponyme Bonabal', d‘Variante vu Bonaval, kléngt bal wéi Bonnal a bedeit 'bonne vallée'. (J. Tosti) Ob de Leit vum Bommel dës Erklärung grad esou gefällt wéi d‘Zeil vum Bernard Simminger? Dëse gesouch am dramatesch geschlängelte Sauerdall en ‘Aufbäumen gegen den Eintritt in die Prosa des Flachlandes!