Boufer
Enger aler Kaart no louch Boufer fréier groussendeels zur Mëllerefer Säit hinn, zum Grengewald zou stounge just e puer Haiser. (1848 hat et 163 Leit an den 8.9.2015 dann 1033. (Säi Wuesstem klëmmt an der Moyenne wéi dee Luerentzweiler a fennëf Joer ëm 10 %.) Senger dichtbewunnter Cité Schmitz hir 300m2 grouss Mauer hat och um 6te Graffiti-Jam Succès, 10 Artiste vu Lissabon a Lëtzebuerg ware kierzlech bei där ufangs 'absurder Iddi' aktiv. Fréier war hei Kreativitéit gefrot bei engem typesch lokale Broutverdéngscht, der Flechtkonscht! D’'Qual der Wahl' vun Iddië war grouss, enger Wort Annonce vum Hierscht 1892 no goufen do nieft Kierf och Kannerfautellen, Blummestänner, moudesch Poppewéien a Fläschekierf gemat. Dës Aktivitéit sollt extra gescheckt Hänn erfuerderen, war dacks eng Wanteraarbecht an huet selten eng Wierkstad gebraucht. Den heefege Familjenumm Bintner weist op si hinn.
Am 7. Joerhonnert war d’Por Steesel eng vu véier Urporen ëm Lëtzebuerg, zu där ënner aanren och Mëlleref, Boufer, Bäreldeng a Walfer gehéiert hunn. (J. Koltz) Lokalgeschichtleches ass kaum dokumentéiert; d’Erënnerunge schlummeren an de ‘coins secrets des mémoires’. Mä Flouernimm ginn Hiweiser. ‘Op der Schanz’ bei Bofferdingen louch dem Uschäin no (laut J. Hahn) eng vergiesse Fluchtbuerg. 1267 mentionnéiert eng Notiz vum Abt vu St. Maximäin Buferdingin oder Buerfferdingen am Rapport mam 'Zehnten'. E Forst-Uerder gouf 1497 de Leit rondrëm de Grengewald d’Recht "Totholz zu entnehmen". Nieft dem legendäre Schappmännchen sollten enger Soo no himmlesch Musek a Reidergeräisch am Bësch bei Boufer d‘Leit erschrecken! D‘Realitéit, dann: No allerlee Verschibunge koumen 1803 dëst an Hielem zur Gemeng Luerentzweiler an 1823 ass déi mat der mairie de Hunsdorf fusionéiert. - Déi zwee seigneurial Haiser vu Boufer stamen aus zwou Branche vun der Pescatore Famill. Den do am Joer 1800 (am Herrschaftshaus nieft dem haitege Cipa) gebuernen Edouard d’Huart gouf 1830 Gréivemaacher Distriktskommissär, dann ‘député vum Arrondissement Virton’, mouch Oppositioun zur Deelung vu Lëtzebuerg beim Londoner Vertrag a war duerno Gouverneur vun der Province de Namur. (Beim drëtte 'Partage' vum Land krute mir eng ‘Independance d’étiquette et autonomie d’apparence’ schreift de M. Noppeney.) (Den 1816 geadelte Papp Henri d’Huart 'se dit rentier à Bofferdange en 1811' viru senger Nennung an de Conseil géneral vum Wälderdepartement.)
Där anerer Pescatore-Ligne hir nobel Proprietéit zur Säit vum Weier hunn d’Duerfleit d’Schlass genannt. Dësem säin Architekt war de selwechten, deen 1838 d’Stadhaus um Knuedler gebaut hat. Wéi der Gemeng hir véier Schoulen 1850 ze kleng ware gouf en Neibau zu Boufer envisagéiert a wéins knappe Finanze op e Subsid gehofft. 1861 krut dann de Staatsarchitekt Charles Arendt op Initiative vum Théodore Pescatore den Opdrag fir Baupläng. D’Suite: d’Schlassfamill huet e considerablen Deel vun de Baukäschte gespend a kuerz drop sinn d’Maueren aus dem Buedem gewuess. 1863 goufen do 62 Schüler ageschoult. (Haut déngen d’Klassesäll als Musekschoul a Veräinssall.) - Nom 1. Weltkrich gouf den Neveu vum generéisen Industriellen, de jonken Théodore Pescatore Buergermeeschter vu Luerentzweiler; säin Atelier un der Boufer Baach sollt als éischt d’Schlass mat Electricitéit versuergen! - D’Zuchstreck Lëtzebuerg-Ettelbréck war säit Summer 1862 a Betrib, Boufer blouf allerdéngs ouni Arrêt. D’zweet Hallschent vum 19. Jh. gesouch dann och de Schlasspark vu Boufer entstoen. Seng ëm 140 jäereg Beem, ë. a. eng extra Eech an eng iwwer 25m héich wuelproportionnéiert purpur Bich, engem Repertoire no déi schéinst vum Land, sinn erhalen (...d’Zwillings-Bich allerdéngs net.) Si valoriséieren den Domaine (vum haitegen Cipa, d’Nr. 154 vun der lëtzebuerger Strooss) - deen de Staat 1964 kaaft hat.
D’Schlass an der rue Pescatore krut 1935 mam Marcel Nopeney en neie Proprietair, deen do eng ‘vie studieuse’ féiere konnt. Traureg Krichskapitelen dréien ëm seng KZ-Joren an ë.a. de Projekt ‘Lebensborn Moselland’, geduet fir polnesch Kanner ‘einzedeutschen’. Bilan no der Liberatioun ware verwüste Raim an d‘verbrannte landeswäit gréisst Privatbibliothéik. De Poet a Linguist krut grouss Auszeechnunge fir seng patriotesch Haltung a kulturell Mériten, en huet 1947 d’Pescatore-Duechter bestued an gelieft bis 1966. D’Réalisatioun vun engem 'Centre culturel français' war emol säin Dram. - D‘elegant Boufer Kapell offréiert regelméisseg kulturell Concert’en. Op hirem Parvis erënnert eng Plaque un de beléiften Abbé Jos Keup, e Résistenzler a Poet, dee mat dem 'Père' Jean Bernard an M. Noppeney zu Dachau war. Aneres nach: D‘bescheiden Boufer Klacke goufe virun 1850 aus graffem Material gegoss, wahrscheinlech aus Kanounen. Zimmlech nei ass den Ambo; no der Liturgiereform ware Priedegtstill 'out' an Liespulter d''Dëscher vum Wuert.'
P.S. Haut verliewen hei ronn 120 Pensionnairen aus dem 3. a 4. Alter e friddleche Liewensowend 'en toute quiétude' - begleed vun der Skulptur "Famille" (v. Michel Schiltz.) Si wunnen am iwwer 4ha grousse Park an zwee verschidd'ne Cipa-Gebäier, am dräistäckege mat Säitefliggelen säit Hierscht 1970 an am reamenagéierten Herrschaftshaus sengen aacht confortablen Appartementer. (Dat lescht haten 1903 Schwesteren an 1920 d'Assurance contre la Vieillesse et l'Invalidité kaaft mam But et als Foyer fir 'retraités invalides' anzeriichten.) Eenzeler vun den aktuelle Pensionnären däerfte sech nach un den hei gebuerne wäitsiichtege Politiker a laangjärege Chamberpresident Émile Reuter erënneren. (1874-1973) D’fréier Arsenalstrooss gouf no him ëmbenannt. - D’Sauvegarde vum Schlassdomaine an der rue Pescatore läit haut a Privathänn. Glécklecherweis sollte béid Schlässer hire klassesche Charme net verléieren a leiden net ënner dem Duerchgangsverkéier.