Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Birelergronn

De Birelergronn läit an engem schmuelen Dall tëscht Sandweiler an dem Findel, um Wee tëscht Mënsbech a Sandweiler. D'jonk Birelerbaach, en Zoufloss vun der Sir, leeft duerch dee Grond, an deem bis an d'Joer 1957 d'Schlass Saint-Hubert stoung. D’aalt Haffgutt mat dem eenzegaartegen Dauwentuerm gouf 2001 klasséiert. - ‘t entsprange wichteg Quellen a sengem Naturschutzgebitt, dat sech iwwer d’Nopesch-Gemengen ausbreet. Der Stad Lëtzebuerg hirt Drenkwaasser staamt an der moyenne zu 60% aus eegene Sourcen – a vun deenen entsprangen iwwer 11% am Birelergronn. (Dem Engelmann säin Diktionnär ernimmt deem Grond den Haff an d’Bireler Barrjär als Haisergruppen. Ganz detailléiert war d’Vollekszielung vun 1848: Si huet de Birelergronn registréiert mat 24, ‘Birel la barrière’ mat 10 a Birel mat 11 Awunner (souvill wéi deemols den Cents oder de Mettendall.) Mä dat sinn, a Wierder vum Jouseph II. ausgedréckt, ‘tempi passati’.

No der Introduktioun e Bléck an d’Joer 1176. Dëse verréit d’Schenkung vu Gidder aus deem emol ‘Burel’ genannte Birelergronn. Se goung vum Henri IV. vun Namur a Lëtzebuerg un d’Prämonstratenser Klouschter bei Verdun zur ‘Erbauung einer Niederlassung und zur Wiedergutmachung seiner Fehler.’) (LA VOIX, 2007, M.Vanacker) 1188 hat de Poopst Alexander III. dësen Don bestätegt. 1378 sollt d’Abtei Aalmënster den ‘birlergrund’ vun de Patren vu Verdun ofkaafen. (Lascombes) - Tselwecht Joer huet de Gozelon de Lossignon aus der Remerscher Géigend do d’Haus mam Colombier baue gelooss, dat de spéidere ‘Birelerhof’ gouf. - Den Abt Bertels hat am 16. jh d’Cense ‘Burler Hof’ ouni gréisser Dépendence gezeechent. An hire Weiere goufe bis zur franséischer Revolutioun Fësch geziicht an um Haff d’versprache ‘produits du terroir’ gesammelt fir d’Al- an d’Neimënster Abtei. 1757 gouf den Akt fir en neie Sandweiler Kierchebau um Birelerhaff signéiert. D’Ferrariskaart veréiwegt d’quadratesch Cense de Birel mam Dauwentuerm an der Mëtt, verschidde Weieren, e puer kleng rout Diech an de ‘Gehauen Busch’. D’Hansen Kaart weist 1907 d’Ferme an d’Barrière de Birel an nobäi eng Scierie. 1907 krut den Nicolas-Aldéric Schmitz, agronome à Birelerhof-lez-Sandweiler, d’lëtzebuergesch Nationalitéit. Hien an seng zwee Bridder haten den Haff am Joer 1900 kaaft. Wéi 1946 de Flughafen um Findel fäerdeg war gouf an den Dauwen eng Gefor gesinn an se hunn hire mëttelalterlechen Tuerm no iwwer engem halwe Joerdausend misse verloossen. 2009 koum d’barock Haffanlag a Staatsbesëtz. Hir renovéiert Kapell mam polychroméierten Altor stäipt sech un e Wénkel vun der héijer Ëmfassungsmauer.

D’herrschaftlecht Saint-Hubert Schlass mat de véiereckege Säitentierm entstoung ëm 1907 am Birelergronn net wäit vun der Seeërei. Säin Erbauer August de Saint Hubert (*1843 +1908) huet an der Stater Schiggerisgaass (der rue du Nord) eng Schiggerisfabréck bedriwwen. (Deemols war Ersatzkaffi oder Muckefuck, d. h. ‘Mocca faux’ en vogue.) (Säit de fréien 1890ger hat dëse Monni vun der Aline de Saint-Hubert um fréiere Ruedungsgebitt vum ‘Birelergrond’ e ronn 100 Muerge grousse Wëldpark. Ënner sengen Damhirsche war ee mat schwarzem an ee mat wäissem Fell! Dem Här de St Hubert seng Witfra hat spéider d’Schiggrisfabrick mat ronn 15 Männer, 12 Fraen a 5 Päerd weidergeféiert. Eng al Postkaart weist den idyllesche ‘Wunnsetz’ mat Baach, Kand an der Wiss an holze Bréck mat Ieselsreck. (Fr. Mersch.) Duerch seng Lag an engem Säitendall zwësche Findel a ‘Birelergronn’ gouf d’Schlass 1957 Affer vum Flughafen senger Extensioun. D'nogeleeënt Haus vun de Kniechte stoung bis 1995. Haut erënnert nach just e Weier am Bësch un de Schlassdomaine. - D’’Barrière de Birel um Wee Bréissel-Tréier ernimmt d’Online Encyclopédie 1838 am Rapport mam ‘Péage des routes’. Birel-Barrière housch och d’lescht Statioun vum Neiduerfer Tram, deen zenter 1923 ënnerwee war. Säin Dall a Riichtung Tréierer Strooss sollt Passanten duerch seng Schéinheet frappéieren! Zeidongen annonçéieren 1925 um Uert genannt Birel-Barrière d’Stee vum Herr Léon Schmit senger Villa. Hien hat als Héngerziichter e grousse Beréng mat Zier-, Geméis- an Uebstgäerd a mat Dependencen. 1928 gouf do d’Landhaus vum Här Bodson ernimmt mat Gefliggelzuucht vun ë.a. Riese-Peking-Innten an Toulouser Gänsen.

De ‘moulin du Birelergrund’ hat kuerz Zäit zum Kanton Hesper gezielt a koum 1802 an de Kanton Lëtzebuerg. Ëm d’Joer 1880 hat d’Koppel Hentzen-Ruppert d’Millen um Wee vum spéidere Schlass kaaft. Se gouf geschwënn "Hentzenmille" genannt an eng Weil als Schräinerei exploitéiert. 1907 koum s’a Besëtz vun der Hollerecher Gemeng, déi e ‘besoin urgent d'eau de sources’ hat! D’Mille gouf 1970 ofgerappt. De bekannte "Millewee" vu Schrasseg via Schëtterhaard, ë.a. Fiichtgebitt Neimillen an Dall vun der Birelerbaach beschreiwe 6 Tafele mat Landschaftsgeschicht a last but not least iwwer de Birelergronn. E Google-Site ‘Mémoires en transitions’ bréngt en héichintressanten Abléck op eng Plaz, déi deels just nach an Dokumenter existéiert - oder an eenzele Familljennimm: Birel houschen an den 1880ger 16 Leit an 1984 dann 22. De Memorial war 1914 Zeie vu fréieren Aktivitéiten: e weist hinn op d’ ‘société locale agricole de Birelbarrière’ (commune de Sandweiler) – eng Association syndicale mat Nimm vun Administrateuren an Associéën. - Ee Joerhonnert duerno ass engem Geschichtsfrënd no «alles ewäch» - mä Uertskënneger kennen d’lokal landschaftlech Reizer an verdreemte Piëd. De Birelerhaff gëtt an Zukunft e Sëtz vun der Douane an hirer Honndsstaffel. Säin Numm geet net ënner, Fëscher ginn duer an e Weier fëschen an d’Nopeschdierfer erënnere sech un seng Vergaangenheet. Flouernimm behalen hir Wichtegkeet. D’oppe Kapell zielt zur Por Sandweiler an ass mam Haff bekanntlech Staatsbesëtz.

P.S De markante Bireler Dauwentuerm koum ewell 2006 op en Timber. Distanzen zu dëser intressanter Plaz sinn: Lëtzebuerg 6 - Didddeleng 18 – Esch/Uelzecht 22 – Dikrech 28 an Esch/Sauer 38 km. D’Accident vun engem russeschen Avion no beim Birelerhaff war 1982 en donkle Moment. Muunch hei net Erfaasstes an ganz Impressionanntes vu Birel krut een 2015 am ‘Centre Culturel de Rencontre’ vun der Abtei Neimënster ze gesinn. Eng Ausstellung hat do am Kader vum ‘Mois Européen de la Photographie’ remarkablen Häff aus eiser Geschicht an hire Leit eng ‘matérialité durable’ ginn. (Recherche an Archiven Marguy Conzémius.) Se huet d‘ ‘histoires extraordinaires’ esou preservéiert (a kann nogekuckt ginn um ewell ernimmte Site www.memoiresentransitions.lu.) Zum 1999 deklaréierten Naturschutzgebitt «Birelergronn» weist e 7 km laange Quellerondwee d’natierlech a kulturell Eegenschafte vum Dall an hält s’an enger Broschür fest.