Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bilschdref

Bilschdref hat 1848 am ganzen 188 Awunner. Et huet evoluéiert, och wann haut e puer Leit manner do hiert Heem hunn.* Et läit säitlech vun enger vill befuerener Strooss, mä seng intern Weeër ginn net virun. Dat huet och säi Gutts well “Ëmweeër erweideren eis Geographiekenntnesser” mengt e japanescht Spréchwuert! D‘‘Bistrologie’ vum Guide Culturel 2004 hat do en incontournable ‘café rustique d’une authenticité rare’ uginn, deen nët méi besteet. (Seng Clientèle sollt emol aus sengem 2. Buschtaf, dem i, en e maachen (Mä ‘Bëlschdref’ konnt sech net duerchsetzen.) D‘Fläch vum Duerf, dat fréier zur Gemeng Ueschdref gehéiert hat, ass mat 353,1488 ha notéiert. An et ass wuel dat eenzegt Duerf am Land, an deem d‘Gebaier vun den zwou ale Molkereie bis haut erhale sinn. Ganz no un der N 27 fënnt een op 468m Héicht de Flouer Bill. En huet d‘Form vun enger grousser Hallefkugel a bal d‘Gréisst vum Duerfzentrum. (*haut 140 – 2001: 114)

E mëndlechen Témoignage weess vun fréiere Generatiounen, dass ënnerierdesch Gäng um Bilschdrefer Flouer waren an ee bis bei d’Sauer goe sollt! Ee Maarteler Dokter hat do 1908 eng Réimervilla fonnt. An de Musée krut ë.a. hirer Schiebelen. Bei engem Réimerwee a Richtung Riesenhaff louchen Zaldotegriewer. Di touristesch ‘äußerst attraktiv Géigend’ ass en Deel vum Naturschutzpark Uewer-Sauer. - Mëttelalterlech Dokumenter ëm Bilschdref si rar. ‘t ass wahrscheinlech eent vun de klengen Dierfer, dat “als Träger der Beharrung und der Stetigkeit“ eng gewësse kulturell Roll hat. (J. Hess) Säi Wäschbuer fléisst do op gutt 440m. Di 1570 ernimmte Virgängerin vun der aktueller Duerfkapell war laut Visitatiounsberiicht vun 1570 der Helleger Margaretha geweit. D’Kapell erschéngt 1628 erëm an enger Kierchevisitatioun vum Archidiakonat Longuyon. Un dës an un al Rechtsbräich erënnert de Professer Hess. Do krut deemols z.B. d’Braut, déi abestued gouf, feierlech de Kachläffel iwwerreecht, wann si d’Meeschterschaft krut. Virdrun hunn al Zeilen op den Hans von Bilsdorf opmierksam gemat am Rapport mat der Bungerefer Millen. Dësen hat am Joer 1608 beim Pfarrer vun Thiaumont Geld geléint, dat ‘zur Konstruktion von der Mühle in Bondorf verwandt wurde‘. D’Suite: mam Mariage vu senger Duechter Marie-Gertrude vu Bilsdorf goungen d’Mille-Recetten un d‘Famill de Monflin. (www.moulinbigonville.com/)

En anert Kapitel heescht Neimillen, eng fréier Uertschaft an 1747 ernimmte Millen (tëscht där Bungerefer an der Misärsbréck, ronn 1,2km nërdlech vu Bilschdref.) Dem kuerz drop an engem Kadasterakt genannten Neu moulin säi Waasserrad hat en Duerchmiesser vu 6,5 Meter, eng Breet vun 1,25 M an eng Leeschtung vun 20 PS. D‘Uewermaarteler Ardoisières Kuborn hat s‘ëm 1899 iwwerholl an an der Carrière dernieft Bloe Steen exploitéiert. Dëse gouf sur place an der Steeseeërei ë.a. zu Bléck fir Spullsteng a Schoultafele geschnidden. (Schluss vum Millebetrib war 1909 a vum Verschaffe vum Bloe Steen 1920, de Baurebetrib blouf nach.) Piechter op der Millen ware virum Zweete Weltkrich dem Fernand Wark seng Elteren an d’Koppel Thieltges-Nepper (déi am Krich do Lëtzebuerger Jongen verstoppt haten.Vun der Millen existéiert just nach de Kanal.) (Méi dozou op wiki/Neimille_bei_Bilschdref) - D‘aktuell Haupesch Kapell koum wahrscheinlech op där aler hir Plaz. Hire geräimege Bau haten d’Duerfleit 1701 am romanesche Stil ouni Tuerm an Eegeregie gebaut. Hire Beffroi entstoung dann ëm 1921. (D‘Klacke waren e Geschenk vum 1845 hei gebuerene Geeschtlechen Nicolas Neuens, Naturheeler a Grënner vum Institut Heliar an der Weilerbaach, deen als e bëssen eegesënneg, stolz a sensibel Perséinlechkeet bekannt war.) Hiren Intérieur beräicheren ë.a. e Fligel-Altor mat Renaissance-Ornamentik aus der Zäit ëm 1600 an uewendrop eng eeler Hubertus Statu.) Hir 7 net figurativ Fënstre si vun 1950. An hir ass d’Mass fir d‘Scoutekiermes, well d’LGS hei säit 1970 e ‘relais de l’amitié’ am Haus vum fréiere Café A Kleens hunn; seng Räim goufen 1994 frësch ageriicht. Zu Bilschdrëf war den Atelier vum Robert Klein, deen ë. a. d’Brücher Fresken an der Ueschdrëfer Kierch restauréiert hat.

An d‘Kulturjoer 1995 geet den Ufank vum noe Skulpturewee zréck. Seng kënschtleresch Leedung krut de Potier a Konscht-Professer Pit Nicolas, deen laang e selwergebaute Keramikuewen am Duerf hat. Di permanent Expo gouf spéider an den humanistesche Projet ‘Strooss vum Fridden’ intégréiert. Eent vun hire véier Wierker, dem Bertrand Ney säi Granitsteen (a. d. Fichtelgebirge) ass iwregens "Parallelitéit zum Kierchtuerm vu Boulaide" betitelt. 1996 gouf dee lokale Skulpturepark erweidert, ë.a.duerch "Klangsailen" aus Basalt an e Waassersteen (v. Eileen Mc Donagh), deen duerch säin Offloss eng iwwerraschend Vue weist op de Misärshaff. Engem Kommentär no hunn do ‘d‘Steng hiren Dialog mat dem besonneschen Entourage fonnt!‘ (Kéisecker Info n°7/03)103)

P.S. Am Dezember 1944 hate 46 amerikanesch Zaldoten e Refuge fonnt an der eideler Neimillen. Zwee Bilschdrefer, de Martin Scheeck an de Jacques Reichling hu se mat Proviant versuergt. Duerch d’Gefore vun der Ardennenoffensiv hunn di zwee Beschützer se dann iwwer Nieweweeër laanscht d’feindlech Truppen zréck bei d’amerikanesch Arméi gefouert. Di zwee Passeure konnten den 21.12., wéi de Generol Patton zu Arel war, do Informatiounen iwwer de Frontverlaf weiderginn; haut erënnert eng Duerfstrooss un si! No 1945 goufen d’Mille-Gebaier un d'Lëtzebuerger Jugendherberge verlount… An wat haut kaum nach bekannt ass: tëscht 1946 an ‘65 bestoung an der fréierer Gemeng Ueschdref e Musekveräin, d'Fanfare La Patrie Arsdorf-Bilsdorf, och ‘Déi Wëll‘ genannt.