Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Bieberech

Heescht et zu Bieberech “d'Wieder as schellemzeg” bedeit dat an der 2001 ëmgedeefter Gemeng Preizerdaul 'heimtückesch kal'. Dës war als Commune de Bettborn am Joer 1800 gegrënnt ginn an hiren éischte Maire gouf den Notär Tun Knaas. D’Identifizéirung mam Begrëff "Préizerdaul" verréit eppes vum ‘Stoulz vun de Préizerdauler Leit op hir gemeinsam Heemicht an op hir besonnesch lokal Moundart, wéi si am Wuert "Daul" aplaz Dall zum Osdrock kéint!’ An dës Sprooch muss der Anise Koltz no 'gehidd gi wéi d’Feier!' Den Norbert Thill verréit, dass am heimeschen Dialekt "Biebrich" d’Frankesilb "ich" matschwéngt. Un d’Zäite virdrun, un d’Kelten erënneren al Verbindungsweeër, Nimm vum ‘Baun’ vu Bieberech a Platen an en antikt Graf. D'Besiidlung vun de Koppen ëm de Préizerdaul beweist e Gëttersteen aus Zäite vum virchrëschtleche Matrounekult, dee spéider de Mariekult ersetze sollt. (Gelegentlech goufen da Gottesdéngschter op dem zum 'Eenäelter' erkläerte Steen gehalen an iergendemol koum en Daach driwwer.)

An der Feudalzäit ass en "Haff Proz" ernimmt, deem d'Vogteie rondrem ënnerstoungen, déi net zu Iewerleng, Nojem oder Ell gehéiert hunn. Déi vum Areler Probst ‘verwaulten’ Haiser aus dem Préizerdaul hate keng Fräiheeten. D’Vogteien, déi Besetz vun de lëtzebuerger Grofe waren, haten eng beschränkt Libertéit. Ass wéineg vun deemols bekannt, goung et verluer an den “allées de la mémoire.” (Raymond Jean) D‘Legend ëm den Numm Bettborn erzielt de Jean Engling. Wéi Kanner do bei enger Quell e Muttergottesbild fonnt hunn 'dat Wonner vollbrenge kéint', gouf eng Kapell op där Plaz envisagéiert. Mystériéiserweis louchen dunn iwwer Nuet Steng do vu Proz. Se goufe gläich zreckbruet - hu sech awer d‘nächst Nuet nees afonnt. D’Kapell ass gebaut an d’Plaz Betborn gedeeft ginn. 1450 ernimmt en Dokument de Préizerdaller hirt Recht op Gottesdengscht an eng "Lux-Rent" (d.h. op Lukas-Dag war Brout fir den Osper Geeschtlechen an Huewer fir säi Päerd z’iwwerginn!) E Visitatiounsberiicht beschreift 1570 d’al Kapell, hir 4 Altär an 3 Kielecher. No laange Kricher goufen d’Duerf-Ruinen nees opgebaut. D’Kapelleskizz vu 1680 vum Entrepreneur Schockweyler ass erhalen. Hiren Neibau sollt da vill Pilger unzéien (an d‘Wiert krute verbuede Branntewäin virun de Massen ze verkafen.) Den Tuerm koum no, säi Portal datéiert vun 1716. D‘Commande vu barocke Säitenaltär un de Michel Weiler vu Grousbus war 1760 fäerdeg an e passenden Héichaltor no 14 Joer. D’Mariebild ass no spueneschem Moud eng Attrappe, hanner de Kleeder ass keng vollstänneg Statu. (N. Thill) Um Liespult a stiliséierter Adler-Form, engem Evangeliste -Symbol, droen d’ausgebreete Flillecken d’liturgesch Bicher.

1802 entstoung hei e neit ‘Kaplounshos’ an Bieberech gouf 1806 offiziell eng Por. Si war zoustänneg fir Platen, Proz an och Rëmmerig. D‘Préizerdauler Porkierch gouf 1829 éischtmols vergréissert. Op di 1831 un Porhos ugebaute Schoul koum intressanterweis no zwee Joer en zweete 'Saul' fir d'Meedercher. Nach Informatives aus dem Duerfliewen: éischt Préizerdauler zéien 1839 an Amerika, d'Deelstéck Räichel-Groussbus vun der neier Laundstrooss Arel-Ettelbréck gëtt 1847 gebaut. Si huet de gaunzen Dall méi enk matenee verbonnen. Wéinst bëllegem Baulaund sinn d’"Lücken" tëscht den dräi Uertschafte verschwonnen an si hu no a no e 'Gaunzt' gebild. D'lokal Musekgesellschaft gëtt 1857 néng Joer no hirer Grënnung (an dem Adam Straus sengem Uergelbau) als 1. Veräin offiziell unerkaunt. D’sangesfreedeg "Pre’tzerdauler Plinnercher" gi reorganiséiert an 1867, am Joer wou d‘UGDA entstoung, kritt d’Préizerdauler Musek mat véierzéng aanre vum Prënz Hary an der Prinzessin Amalia am Walfer Schlass eng Auszeechnung. D’Suite ass en Opschwong, (z.B. ‘vom Pfarrer Weber gestiftete Uniformen’) an eng Dose Joer drop e Museksall. (Ch. Reiser)

Wéi d'Dauldierfer 1860 iwwer 1700 Séilen hate krut d’Kierch e Quierschëff. Zwou Chouerfënstren hunn nach e Medaillon-Fragment vun 1892. Ënner d’opschlossräich Daten aus dem 19. Jh. falen 1863 de Postkutschendingscht Ettelbréck-Arel duerch den Daul an 1871 e Postrelais am Hotel Rausch senger Annexe; d’communal Telefonscabine krut 1889 tselwecht Adress, (op där säit 1855 de Valentin Rausch en Ielewuerebuttek hat.) Virum 1. Weltkrich sinn elegant Postkutsche viru “Roosche Metty” sengem Restaurant bäigefuhr an duerno flott Autoen. Al Duerfhaiser waren Zeie vum Fortschrëtt (z.B. d‘Haus Pauly vun 1820, d’fréiert "Dëppegéissseschhaus" Peschon (duerno "A Fierwesch") an d‘Haus Hertges, de spéidere Restaurant Welter.) 1930 entstoung zu Bieberech beim Bierchen en Transformator, a Chrëschtdag war d'elektrescht Geliichts an allen Haiser. A sengen Ufäng ‘machten Banken, große Kaufhäuser und öffentliche Einrichtungen von dieser Art Beleuchtung Gebrauch. Bis in den 30er Jahren des 20. Jahrhundert galt sie als Luxus.’ (Andreas Fehrmann)

P.S. D’Thema Schoul ass onkomplett ouni d’Schoulschwesteren. Si koumen 1870 an d’Duerf an hir Traitementer an Nimm goufe kuerz drop publizéiert. Nieft dem Schoulmeeschter Michel Groff (dee 50 Kanner fir 675 fr d’Joer instruéiert huet) stinn d’Soeur Letsch Remy, an d’Soeur Hengesch Marguerite mat je 49 Kanner a jäerlech 500 Frang Gehalt. (www.legilux.public.lu Archiv 1876). Virwat steet e Rénert bei der Schoul? Bieberech figuréiert am Gedicht vum 'Fuuss am Frack' - do war eng vu senge literaresche Rencontre mam Bier... Philosophie a Literatur stodéiert hat ë. a. zu Prag den 1858 am Titgeshaus gebuerne Martin Schweisthal - ir e President vun der Bréisseler Société archéologique gouf (a spéider, tëscht 1912 an 1922, Bibliothekar vum Kinnek Albert vu Belgien.) (www.autorenlexikon.lu.) Hie sollt iwwregens a senger Zäit zu Nivelles en eemolege Souvenir aus der Heemecht kafen - eng Klack vu 1462. Eng lescht lokal Zeil zu ugebranntem Kascht 'd'Nudelen seind sou schwaarz/ 't frësst si keen Hond a keng Kaz' veréiwegt de René Engelmann.