Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Biergem

Zu Biergem gehéieren ënner aanrem e Centre culturel mat 140 Plazen, an enger a Bedong gegossener Fassade, déi en 100 jäeregen Nëssert ëmschléisst. Seng rue Basse, d'Grand-Rue an d‘Cité Räedelsbësch, de Steewee, Bréimentrausch, um Waisseraech hunn mam ganze Stroossennetz 2015 zesummen am Februar 1465 Leit gezielt. En urale Wee koum iwwer de Bann vun Éileng heihinn a schéingt mam ale Kiem identesch ze sinn, deen am mëttelalterleche Volleksmond och nach Wäistrooss housch (an Diddenuewen, Beetebuerg an de Messdall mat Arel verbanne sollt.) Rar Flouernimm wéi Wandmillefeld, Päerdskierfech an Fluessbüsch kéinnten dozou vläicht al Geschichten erzielen (...ë. a. och iwwer d'Duerfleit an hir 26 Stéit aus dem Joer 1807.) D’Duerf huet haut zwou Adresse fir Päerdsfrënn, de Centre équestre Lameschmillen mat Reitschoul, an 'les Écuries' mat iwwer 20 Indoor Boxen.

Den Uertsnumm ass no 1145 evoluéiert vu Bergerim iwwer Bergen uff der Mess op Bergeren (1539). Zanter dem 12. Jh. ass tëscht dësem leschten Uert un der Mess an Näerzeng d’Biergemer- oder Lameschmillen nogewisen. Am Mëttelalter hat d’Duerf mat hir, dem Mettendaller Schlass a Lännereien aus der Ëmgéigend der Famill de Mercy gehéiert. Genee gesot hat 1530 d'Johanna de Mercy dëst Waasserschlass baue gelooss (dat d'Rechter un der Lamesch- oder 'Lammeischer Muhlen' hat. (Ferraris-Kaart) Der Johanna hire Mann Alexander Waldecker von Kempt, (Areler Probst a partielle Besëtzer vun der Herrschaft Uespelt) hat d’Erlaabnes krut vum Keeser Karel V. (eisem deemooljen Herzog mat Devise "plus ultra") op aalt Gemaier en herrschaftleche Bau opzeriichten. D‘Herrschaft Mittenthal war zougehéireg zur Landmeierei Beetebuerg an hat ë. a. d'Grondgeriichtsbarkeet. En 1624 hei ernimmte Personnage war de Jean du Prel am Rapport mat "Lehen" vun ë. a. Obler, Biergem a Steebrecken. E Bléck op d’Millen um Zesummefloss vun Uelzecht a Mess weist wéineg opregendes. Mä ‘t existéiert en 1664 datéierte Steen aus dem ale Mëllerhaus. 1876 entstoung en neie Millebau an d’ 'tourelle' mat Initialen GW-1922-JS weist op Ëmbaute vum Wunnberäich hinn. D‘Zäit vergoung an d‘Zitat 'chaque fois qu'il y a du temps qui passe, il y a quelque chose qui s'efface' (Jules Romains) mécht d’Iwwerleedung zur Suite: De Millebetrib gouf definitiv 1970 agestallt. (Säi Beréng huet haut d’Roll als Centre équestre.) Zou an ëm Biergem huet d’Mess heefeg d’Wisen iwwerschwemmt. 1744 konnt beispillsweis de Schëfflenger Kaploun nëmmen den indirekte Wee heihinner huelen iwwer Steebrecken. Zënter Mäerz 1984 steet d'Lannenallee vum Wee bei d'Millen um Zousaz-Inventaire vun den Nationalmonumenter.

D’Duerf gehéiert zenter der franséischer Revolutioun zur Por Steebrécken; di zwou Uertschafte sollten zäitweileg als Porsëtz rivaliséieren. Aus där am 18. Jh. ernimmte Kecksvogtei koumen e puer Geeschtlecher. Ale Patrimoine gouf hei 1995-96 restauréiert, an d’Kapell mat hire Greef-Greisch Wierker ass elo ‘de Stuel vun der Uertschaft’. Um Haaptaltor vu 1730 stinn an enger Nisch St. Denis, an der Mëtt den Eloi, de populäre Patréiner. Den gerënnt a räich dekoréierten Tabernakel hate méiglecherweis Assistente vum Skulpteur no sengen Zeechnunge realiséiert. (Th. Walin.) D’Engelcherskäpp hunn typesch Krauselen an déck Baken. Schoul gehale gouf fréier hei am Wanter zweemol d'Woch am Paschtoueschhaus, well kee bessere Raum do war, an Unterricht sonndes während der Mass. 1803 sinn hei dräi 'wohlgezierte' Altär ernimmt, bequem Bänken mä armséileg Beichtstill an als Parwunnecht eng ‘Stréihütt’. De Wonsch vum Pfarrer Molitor war eng schwéier Klack an engem richtege Klackentuerm. D’Klacke stinn iwregens nieft der Kapell, an fir de ‘mur de soutènement’ vum Kierfech koum 1876 e Subsid vun 100 fr. Um iwwer 250 järegen agemauerte Steekräiz an der Schëfflenger Strooss encadréiren helleg Beschéf de Gekräizechten.

Biergem hat fréier dräi Deeg Kiermes; Dënschtes war Jugendmass an owes Bal, d’Jongen goungen d’Meedercher virdrun ofhuelen. D’Duerf huet entretemps zu enger ‘commune dortoir’ evoluéiert. D’Leit genéissen seng gënschteg geographesch Lag a Promenaden an d’Natur. Recherche vum Steebrécker Schoulmeeschter Jean Gillen no hunn am noe Mettendall e Waassergruef an eng Mauer d'Waldecker-Schlass an d'Dependencen ëmginn. 't hat nobäi e Fëschweier an en haut verschwonnend Weekräiz. Am 17. Jh. houschen d’Hären hei Guillaume-Emmerich an Adriane de Beurthé. Si an d'Famille Von Reck a Bosch (an aner spéider Besëtzer) hunn d’herrschaftlecht Gutt verpacht. 1787 waren d’Keefer d‘Rollengergrënnesch Gebridder Boch. 't sollten iergendeemol Schof do weiden bis dat Ganzt a Lousen versteet gouf. Säin Éilenger Besëtzer huet den Hauswope vum Erbauer behalen an d'Haus ofgerappt. An d'nieft der Poart plaçéiert Ritterstatu an d'eenzegt bekannte Schlass-Bild kruten e Schëfflenger Propriétär.

P.S. D’Biergemer kenne sech 'habitants sur la berge d'un cours d'eau' bezeechnen. Wäithi bekannt sinn hir Grottebauer; de Papp an duerno de Fils Wallenborn hunn där iwwer 50 an Eegeregie gebaut, ëmmer mat lokale Steng a mam Réck zur Reesäit. (Ee meeschterhaft Beispill steet zu Esch-Neiduerf.) D’Brochure "150 Joer Poarkiirch Steebrécken" presentéiert ënner anerem dës besonnesch Paysagisten-Aarbecht. Mam Duerfnumm verbonne gëtt och d’a.s.b.l. ‘Radio Classique Bergem’, d‘privat Radiostatioun mam non-stop Klassik-Programm. Hiert Ziel ass 'nicht das zu Ohr füllen sondern das Herz in Bewegung zu setzen.' (Carl Philip Emanuel Bach iwwer d‘Musek vu sengem Papp.)