Bierg
D'Schlass vu Bierg déngt zenter dem Summer 2000 als Betzder Gemengenhaus. Et huet eng laang Geschicht a gouf 2003 als Nationalmonument klasséiert. ‘t gëtt am Volleksmond Schlass genannt - ass awer éischter e groussen herrschaftleche Guttshaff an U-Form an der rue du Château. An säi Westfligel vu 1606 koumen no der Restauréirung Büroë vun de Fieschteren a vum Service technique. Seng gutt 400 järeg Mauere goufen am Joer 1723 deels verännert, vun deemols sinn den Trapentuerm an de Broutuewen. - Bierg ass net wierklech biergeg; et läit tëscht Banzelt a Potaschbierg deels laanscht d‘N1, ee km méi wäit vun der Stad ewéi Péiteng, mä an entgéigegesater Riichtung. ‘t haten 1821 do 89 an ufangs den 1850ger 102 Leit gewunnt - a seng 105 Awunner vun 1986 hu sech an genee drësseg Joer op 210 verduebelt!
Al Texter erwähnen d’Dierfchen als ‘Berigh’ oder ‘Berreg‘, d’muselfränkesch Versioun fir Bierg. No 1307 houschen d‘Grondbesëtzer vum uewen ernimmte befestegte Bauerenhaff a vu Betzder Hennekin vu Bourscheid a Gervasius, (e Ritter von Osper) an Aegidius vu Berbuerg. Landbesëtz mat Häff ëm d’Sir waren de Berbuerger Hären a spéider dem Junker Johann von Lellich (Lellig) ganz wichteg. Dee leschte war ‘Eigner größerer Pfarrliegenschaften in Betzdorf-Berg’. Am 16. Jh. koum d‘Gutt vu Bierg un de Johann von der Eltz. Der Gemeng hir Websäit ass eng ‘fontaine du savoir’; hirer Geschichtssäite verroden, dass d‘von der Eltz-Propriétéit 1602 ‘für 14.000 luxemburgische Taler an Johann Matthias von Berg’ goung. Un d’uschléissend gréisser stilvoll Ëmbauten erënnert de Schlusssteen mat Datum am Gank vum Westfliggel. 1707 goung d‘Herrschaft Betzder mam Uert Berg fir 7.500 Taler vum aflossreiche Bernhard von Berg un de kuerz drop geadelten "Lothaire-Frederic" Mohr de Waldt a seng Gemahlin Marie-Louise von Warsberg. Am Laf vun der Zäit koume weider Ubauten - hir U-Form sollt de Kataster 1824 graphesch festhalen. (Eenzel nobel Grafsteng stinn an der barocker Betzder Kierch als stomm Zeien vun der Geschicht.) Esou een ass och deen ënner de Mauere vum Südfliggel entdeckten ale schätzungsweis 100m déiwe Pëtz, deen d’Awunner laang Zäit mat Waasser versuergt hat.
Wéi d’Réimer ufoungen eis Géigend urbar ze man hate se d‘Begrëffer AGRI-CULTURA fir Pfleg vun de Felder an ANIMI-CULTURA fir d‘Pfleg vum Geescht. (Georges Calteux) Bierg war zu spéitréimescher Zäit wahrscheinlech ewell missionéiert. (1852 beim Bau vun der Betzder Porkierch fonnte réimesch Bildsteng weisen drop hinn.) Betzder a Bierg waren ëmmer eng Por an de Siège vun enger ‘seigneurie féodale’. Am Archiv vun der Tréierer Abtei Sankt-Maximin erwähnen Zeile vum Poopst Innozenz II. (+1143) “Betzdorf und die eingepfarrten Berg, Olingen und Hagelsdorf’. (Notizen no war fir d‘kierchejuristesch Rechtsspriechung den Tréierer Erzbeschof zoustänneg.) An eng Retrospektive weist dës véier emol zesummen als Urpor vum Landkapitel Miersch an der sougenannten "Syr-Definitioun", déi zum Erzbistum Longuyon gehéiert hat. - En Zäitspronk bréngt eis bei d‘fréier Duerf-Schoul un där eng Klack hänkt vun enger fréierer Kierchekapell. .Zwou besonnesch Haus-Fassaden zéien Blecker un an der rue du Château (eng dovun huet en aalt Weekräiz agemauert.) A vun där anerer op der Haaptstrooss ass gewosst, dass hiert grousst Baueregutt am Joer 1870 entstoung. (Krantz-Quintus)
Ufangs vum 19. Jh. goung d’rustikalt Schlass vu ‘Berreg’ un de J. B. Weydert vu Ruedt/Sir - deen 1807 vum Napoleon ernannte Friedensrichter vum Kanton Betzder! D‘an "Urzeiten" bescheide Siedlung aus engem gréißeren Haff (op deem e Groußgrondbesëtzer mat Kniet a Med riiseg Lännereien exploitéiere sollt) war am 19. Jh. en Duerf gi mat ëm 100 Awunner. Der George Sand hir Zeile kann ee sech do gutt virstellen «le vieux laboureur travaillait lentement, en silence, sans efforts inutiles …et deux boeufs tranquiles, qu’une longue habitude a rendu frères, trainaient la charrue». (Schoulbuch: Merveilles de France, 1939) - Duerch e Mariage koum de Site vum Schlass un de René Müller, an 1912 duerch Schenkung u säi Brudder. (Den éischte wollt eng elegant nei Residenz zu Betzder hunn.) Lëtzebuergesch Bicher hunn als Auteur den Jean-Pierre Erpelding, deen seng Kandheet hei um elterleche Bauerenhaff verbruet hat. (D‘Haff-Päerd sollt en 1921 am Süden vermëssen an do festgebonne Gondelen vergläiche mat engem Rudel Honn.) Hie war e Klassekomerod vum Robert Schuman am Stater Kolléisch an spéider do Däitschprofesser.
P.S. Am Joer 1940, wéi zu Bierg 18 Haiser stoungen, hat den 10. Mee en Däitschen do Päerd gedränkt a gemengt ‘in weniger als zwei Monaten werden wir in Paris sein’! D’traureg Suite dovun ass bekannt. Haut stellt d’rapid Wuesse vun der Gemeng d’Responsabel virun den Défi hiren ‘tissu économique’ z‘entwéckelen an hir Liewensqualitéit an den typesch lokale Charm z’erhalen. - Der Fondatioun vum Roude Kräiz hiert fréiert Vakanzhaus ass am Ëmbau. Et gouf ewell fir handicapéiert Kanner ageriicht a bidd therapeutescht Reiden un am ‘Kannerhaus Jean’. - Bierg ass den eenzegen Uert vun der Gemeng deen net un der Sir läit, et kuckt op si erof an ass fir si eng gréng Héicht, déi (fräi iwwersat vum Jean-Paul) aus grousser Distanz ‘blo getéint ass wéi den Himmel an wéi d’Hoffnung’.