Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Beidler

Beidler oder Beddler zielt (am Summer 2017) 251 Awunner - ronn duebel esouvill wéi 1980. Nodeems Gemengepappen d‘Adelsherrschaften ofgeléist hate koum et 1789 mat Gonnereng an Eeschweller an d‘nei Gemeng Roudemer. Et war 1848 hiren zweetgréissten Uert. No 190 Joer sollt d‘kleng Gemeng da mat där Jonglënster fusionéieren. Ee Kinnecklech-Groußherzogleche Beschloß vum 20. August 1849 hat do dann ëm e klenge gemeinsame Stroossendeel vun der Streck Gréivemaacher–Dikrech, där haiteger N14 an der N11 gedréit. (D‘32 km laang Véierkantonsstrooss féiert wierklech vum Weckergronn, duerch Biwer a Beidler via Grolënster, de Blummendall, d’Fiels a Steeën bis un d‘Sauer. D‘räichhaltegt lokalgeschichtlecht Buch ‘Beidler fréier an haut (M. Herzog & E. Muller) [vun 2006] hat de lokale Kiercherot erausginn. De vollekstëmleche Sproch ‘sou ass ‘t an der Welt, een huet de Beidel an deen aneren d‘Geld staamt aus dem Engelmann sengem Diktionnär.

Et gouf ewell virun 930 eng Por Beidler, déi der Abtei Iechternach, (déi d'Paschtéier gestallt huet) bis zur Franséischer Revolutioun ënnerstoung. Hir Eegekierch ass 1148 dokumentéiert, (De Poopst Eugen III hat deemools ‘auf Bitten des Abtes Gottfried d‘Sauerabtei ënner säi Schutz gestallt an hire Besëtz mat beispillsweis de Bidwilre an Eschwilre Kirchen an Annexe bestätegt.) Hiren enke Lien blouf mat Iechternach bestoen, och wann iergendemol d‘Häre vu Meesebuerg een Deel vun de Beidler Rechter kruten. (Der Chronik no huet de Beidler Paschtouer ëm 1450 dem Schlass vu Meesebuerg all Joer ë. a. zwee Sieschter Wäin misse liwweren. Deemno wäre Riewen an den Häng op der Sonnesäit vum Duerf gewuess do wou nach eng Plaz "Um Waangert" heescht.) - ‘t gëtt do bei barocken Häff Scheiere mat stilvollen Entlüftungsöffnungen, an een exemplaresch am Maria-Theresien-Stil restauréiert Gutt an der rue d’Eschweiler. (Quintus, Krantz) Ënner der Keeserin koum 1770 d‘Erlaabnes Wisen a Felder anzepäerchen. D‘Ferrariskaart weist d‘Dierfche kuerz drop mat e puer gréissere Gebaier an d‘no him benannte Beydweillerbach.1841 war d‘Schreifweis an engem offiziellen Text Beydweiler. 1883 ernimmt eng belsch Lëscht vun ‘Demandes de la grande naturalisatioun de M. Gregorius Nicolas, directeur de verreries, né à Beidweiler, Grand-Duché de Luxembourg, domicilié à Gilly, (Hainaut).

D’Beidler Kierch datéiert vun 1753 a steet op Fondamenter vun hirer Virgängerin. Hir Säitenaltär sti virun dem mächtegen Triumphbou, de Rokoko Haaptaltor hannendrun. De barocke Priedegsstull vum Nicolas Jacques senger Wierkstad verschéineren ausdrocksstaark Relieffer. Och no hierer Vergréißerung vun 1897 representéiert s‘en imposant fir d’lëtzebuergescht Kierchewiesen typescht eelert Bauwierk mat Kräizverwëllef am Schëff, dem Quierschëff am Fong a Fialen um Tuerm. - D‘Buch ‘Bertels Abbas Delineavit(Spang) weist Bidwiler zweemol a fréirer Zäit: 1571 faarweg an no 1580 schwarzwäiss mat Detailler vu ländlecher Aarbecht an der aler Kierchesilhouette am Hannergrond. De Bau ass der Kathedra Petri geweit; ‘t gouf dofir fréier eng Péitrus-Feier mam Seene vum Som vu Fréijors-Geméis. Beim Trëppelen duerch d’Duerf falen Blécker op eng Häerz Jesu Statu als Erënnerung, dass d‘am Krich agezunne Jongen aus dem Duerf all nees heem koumen. (mëndlech Temoignagen.) - D‘Festpriedegt vum Beidler Här Kinn bei der Konsdrefer Uergelweih (am Dez. 1947) zum Thema Glawen a Wëssenschaft (‘der Elektrizitéitsfuerschung hir chrëschtlech Koryphäe wéi Faraday, Volta oder Ampère geséichen d‘elektronesch Uergel sécherlech mat Stolz an d‘Gotteshaiser anzéien) hat spéider e jonken Organist guttgeheesch. (Th. Origer) Bei d‘al rustikal Donatuskapell a Richtung ‘Eeschler goung bis 1971 d‘Bittpressessioun. Hire bronze Relief hat d‘Gemeng gestëft.

D‘markantest Evenement vu ville Lëtzebuerger war am leschte Joerhonnert d’Befreiung. Vum 16. Dezember 1944 bis de 5. Januar 1945 koumen deeglech 5 bis 10 Ambulanze mat deels Schwéierblesséierten an d‘amerikanescht Lazarett an der Beidler Schoul. Schlofplaze waren am Veräinssall a privat. Neijohrsdag hunn d‘Amerikanner de Leit hirer Päck offréiert als Merci fir de gudden Accueil (Arthur Sauber, RBS_LIVRE_LIBERATIOUN_WEB). D‘no säit 1932 bestoend Jonglënster Senderanlagen hu vun Abrëll bis November 1945 der "American Voice" gedéngt. De Laangwellesender vu Beidler läit laanscht d'Beidlerbaach um Flouer genannt Lee an ‘am Bruch op 265m Héicht an ass a Fonktioun säit dem 12. Oktober 1972. Seng ofgespaante stole Gittermaste strecke sech 290m héich an d‘Luucht. (Aplaz d‘Radio-Leeschtung vum manner héije Jonglënster Sender mam franséische Programm ze renforçéiere gouf 1970 eng nei Statioun mat modernster Technik geplangt. Ee méiglechst flaachen 1200 mol 600 Meter laangen Terrain (ouni Héichspannungsleitung a mat optimaler Héichfrequenzleitfäegkeet) mat suppegem Buedem louch tëscht Brouch a Beidler. - D‘Fiichtzon ëm d‘Beidlerbaach (mat Gewässerkennzuel 488) gëllt als corridor écologique. Se gëtt vu raren Espèce bewunnt a leeft duerch 3 Gemenge mat ë. a. der Biwerbaach an d‘Sir.

P.S. Am Kapitel Iesswuerefabriken hat tëscht 1950 an 1975 zu Beidler d’modern Gebeessfabrik Erpelding figuréiert. ‘t gouf do Gebeess gekacht a ‘profesionnelle’ mat Koks gehetzten Dampkessele mat duebele Wänn. War am klenge Kessel gewäschend Uebst viirgekacht, huet d’Passéiermaschinn d’Kären erausgesift, an duerno konnt et am Grousse mam Zocker verkachen an a Glieser agefëllt ginn. Iwwer méi rezentes Onierdesches beriicht eng Zeitungsnotiz… D'Amateurastronome vu Lëtzebuerg an d‘Frënn vum Naturmusée invitéieren all Joer ëm d‘Mëtt August den Nuetshimmel z‘observéieren; bei der Beidler Donatuskapell op 318m Héicht sinn dann fir Sekonnebrochdeeler Stäreschnäizen däitlech visibel... Do stéiere keng kënschtlech Liichtquellen d‘Frënn vun där Wëssenschaft, déi ‘d‘corps célestes de l'Univers traitéiert. Moderne Fräizäitsport offréiert d‘Velospist ‘Charly’s Bunn’ tëscht Bech a Beidler an driwwer eraus. Vergläiche mer bei dem Sujet ofschléissend d’Begrëffer Vélo a Byciclette. Deen éischte flitzt mat flotter Vitesse laanscht, deen zweete rullt gemittlech a kuckt sech iwwerdeems d’Landschaft un!