Baastenduerf
No der Fusioun vun de Gemenge Furen a Baastenduerf entstoung 2006 d’nei Gemeng Tandel. Hiren Territoir huet knapps 4200 ha a vun hiren Awunner ware Mëtt Juli 2015 genee 28,43 % zu Baastenduerf doheem. Si appreciéieren d’klengt Duerf mam ‘noyau ancien qui recèle de très jolies maisons et fermes typiques’. Am neie ministerielle Faarf-Ästhetikschutz ass Tandel Virreider… a Baastenduerf wäerd sech grad esou un d’Ästhetikveruerdnungen a kommunal Faarfmustere vum September 2015 halen. D‘regional Identitéit vun den Uertschaften soll jo net zerstéiert ginn… Dës intresséiert ë.a. och d’Spazéiergänger vum Itinéraire culturel Luxembourg et Grande-Région, déi ënnerwee sinn um Circuit 2A Feulen–Niedersgegen, (www.ssmn.public.lu (an op d’Fro zum Uertsnumm Baast- oder Baaschtenduerf kréie si d’Äentwert 'Mir hunn eng Preferenz fir dat éischt.') D’landeswäit remarkabel haut restauréiert Lann huet der Plaz nieft der Kierch den Numm ginn 'Bäi der Lann.' Duerch Baastenduerf leeft di 19 km laang Blees, an nieft der Bleesgaass fale flott Stroossenimm op wéi Mellerbaach, An der Bamschoul, Tommgruecht, Haerebiergstrooss an d'Cité 'Am Biedemchen'.
Fouillen no war d’Duerf ewell vun de Kelte bewunnt a säin Numm sollt am Joer 805 opdauchen. Offiziel bekannt ass dem Ritter Egid vu Baastenduerf säi Schenkungsakt vum 10. Jan. 1238 un de Mariendall… A well deen Edelmann keen eegene Siggel hat gouf d’Schrëftsteck duerch en Abt an de Stad-Riichter besiggelt! (Zum 1235 gegrënnte Mariendall liwwert den Här Lascombes den Detail, dass heefeg reliéise Sënn plus gönnerhafte Stolz vu Neiräichen Spenden u Kléischter motivéiere sollten.) Baaschtenduerf hat fréier laang zur 'Vouerie franche' Dikrech gezielt a war säit 1828 eng onofhängeg Gemeng am Kanton Diekirch. (Dem Philippe Marie Guillaume van der Maelen säin 'dictionnaire geographique de la province de Luxembourg' mentionnéiert 1838 dem Duerf seng produits du terroir: froment, seigle, avoine, orge, sarrasin, pois, pommes de terre et entre autre 200 chevaux, 400 bêtes à cornes, 200 porcs et 100 veaux ainsi que 120 maisons, 1 église, 2 chapelles an 1 école.) 1848 hat et 474 Awunner, (Tandel 87 a Branebuerg 519) an am Joer 1900 da 4 Café’en, 1 Distillerie, (an d’néideg Schmëtten a Schräinereien.) Photozeilen zum lokalen Hotel Wampach dréien 1913 ëm säin transforméierten Daach a seng elegant Fassade. Nom 2. Weltkrich huet d’Gemeng e kaaft. Dra gewunnt hunn zäitweileg d’Schouljoffer a Gemenge-Fonctionnairen, an d‘Säll konnten d’Veräiner lounen. (Fr. Mersch) Haut déngt et als Gemeng.
Bei de Bauaarbechte vum neie Fussballfeld goufen hei 1991 Spure vun enger réimescher Kultplaz fonnt, déi bis 200 n. Chr. genotzt gouf. D‘Gallo-Réimer haten do e fréiere kelteschen Tempel iwwerholl; déi ewell 1960 hei ausgegruewe Mënze versuergt de Musée. E Visitatiounsberiicht vun 1570 ernimmt hei d’St. Gangolf-Kapell, op eng Virgängerin weist de Flouernumm ‘bei der aler Kierch’ hinn. D’Por entstoung 1836, hirt Gotteshaus vun 1855 stoung méi no bei der Strooss wéi dat aktuellt. (Eng Photo vum J.M. Bellwald weist d’am zweete Weltkrich zerstéiert Kierch mam rengen héijen Tuerm.) D’haiteg geräimeg Porkierch St. Gengoul vun 1948/49 huet mam assymetresche viischte Giewel eng ländlech mä relativ modern Allure. D’Installatioun vun de Kierchefënstren war 1950; si sinn vum François Gillen (vun deem de Joseph-Emile Muller sot ‘il sait que l’art vivant à l’heure actuelle ne peut être que moderne et trouve en lui assez de force créatrice pour ne pas avoir besoin d’imiter les créations des autres’.)
De Baastenduerfer Halt vun der 14,11 km laanger Schmuelspuerstreck Dikrech-Veianen (via Tandel, Furen a Bëttel) louch ronn 1 km vum Duerf. Den Zuch war vun 1889 bis 1948 zirkuléiert, de Wanter dräimol am Dag, de Summer véiermol. (M. Back) A war en ënnerwee bei d’Veianer Rouki-Pressessioun, koum en net ëmmer de Bierg op an ‘t hu misse Leit erausklammen. No der Moderniséirung vun 1936 koum en Autorail zum Asaz (mä an de Krichsjoere gouf d’Lokomotiv erëmgeholl, an ’t koumen Dikrecher hir hamsteren, mam Velo.) D’elektresch Automotrice Benzo hat de populären Numm Benny inspiréiert. Seng Streck gouf zum Veloswee. - Am Dezember 1944 war d’Gebitt riets vu Baastenduerf kuerz Zäit ‘No Man's Land’. (E.T. Melchers) Um Virowend vum 16. haten amerikanesch Infanterie-Kompanien d’Häng ëm den Tandelbaach– a Bleesdall besat, an d’Héichten tëscht hinnen an der paralleler Our-Grenz hate kuerz Rou virum Stuerm. - D’Fouss- a Radwanderungs-Notize vum Carlo Hemmer (vun 1974) si voller Bewonnerung fir d’Kiselmosaike vu Baastenduerf (ë.a. vun 1906). An se bedaueren, dass déi aus dësem Wenkel vum Land bis zur Ostgrenz typesch Konschtstécker aus wäissen a schwaarze Waacken um Verschwanne sinn.
P.S. D’Blees leeft vum lieu-dit 'Sauerwisen' bei Wuelessen-Deckt mat 25 Niewebaachen erof a bei Bleesbreck an d’Sauer. D‘Plakat vun 1866 ëm d’Vente vun der Bleesmillen präziséiert hir Lag um ‘sehr wasserreichen Bach’ an d’Gréisst vun hire Lännereien mat 25 ha an d’Wise mat 5. D’Millen hat fréier (heiandsdo ongläichméisseg staarke) Stroum fir d'Duerf produzéiert. Nom Krich blouf d'Millerad stomm; haut steet do eng Cité. D’Baastenduerfer Musik existéiert säit 1946 Dank dem Engagement vun e puer Männer, déi sech am KZ d’Versprieche goufen no hirer Befreiung eng Fanfare ze grënnden. Ufangs hate se geléinten Instrumenter, eegener sollt dann e Joer drop d’Recette vun engem memorable Wisefest finanzéieren. Eng héichintressant Videokassette hat fir hire 50. Anniversaire Lokalgeschichtleches dokumentéiert. - Wäit ewäch vum Duerf am Schied vum Härebierg, um Pazifik, fällt nieft dem Cape Arago Highway de ‘Bastendorff Beach County Park’ op. Prospekter no soll do am Oregon eng interessant Regioun sinn, an där Surfen e Bonus ass – an déi an Zäite vum ‘local gold rush’ an de spéiden 1800's hiren Numm krut.