Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Ueschdref

D'Fusioun vun de fréiere Gemengen Ueschdref, Bungeref, Foulscht a Pärel zur Gemeng Rammerech gouf am Juli 1978 gesetzlech verankert. D‘Ueschdrefer hat virdrun als eegestänneg Gemeng eng Fläch vun 1.881,6316 ha an als zweet Kadastersektioun Bilschdref. (Et war laang bekannt fir seng Lou-Productioun an d’Riedensaart ' 't mengt een, du géngs an d'Tratt’ (d.h. an eng Louheckeparzell Ruedungsaarbecht man) gouf gesot, wann een sech eng déck Schmier geschnidden huet! D’Duerf am Dall vun der Burbich läit hanner Kietscht an Directioun Wolz an do gëtt et lokal “Oaschtref” genannt. Am Laf vun der Geschicht haten d’Leit heirëmmer kaum Schlagzeile verursaacht a meeschtens en zimlech onopfällegt Liewen. Se hunn hir Flichten erfëllt an niewebäi flott lokal Ausdréck gebraucht. Si beispillsweis Blieder duerch d’Luucht gewirbelt war dat eng Hex - "en as op der Renn" housch 'en ass ënnerwee' an 'et geet guer nët vum Wach' (war ‘net vum Fleck‘.) D’Localitéit hat 1848 genee 595 Awunner, goung dann erof a läit Enn Juli 2015 bei 353.

D‘Ueschtrëfer Bannmillen hat der Chronik no ëm 1414 den Hären 'zu Cronenberg' gehéiert. Nieft eenzelen Härenhäiser, (z.B. engem vu 1701) louchen Doléinerhäff. Notize vun 1709 veréiwegen en Nicolas Thomas vun Aresdorff, dee senger Wierker zu Köln publizéiert hat. ‘Moulin d’Aresdorff‘ nennt d’Kaart vun dem zu Lunéville gebuerene Grof de Ferraris d’lokal Millen ëm 1770. Geschwënn duerno gouf d’Uertschaft Deel vum ‘canton de Rancbruch’ an der 98. franséischer territorialer Eenheet, dem Département 'des Forêts'. Net ze vergiessen: Ueschdref war ‘jadis siège d’une maison seigneuriale, d’une étude de notaire, ainsi que d’une station de gendarmerie et de douane.’ 1798 koumen opregend Zeilen aus dem Klëppelkrich; dem Agent Seiquier seng Remarque vum 30. Brumaire vum Joer 7 verréit den Duerfleit hir Solidaritéit mat der Révolte des paysans ‘Si les gendarmes viennent dans cette commune pour chercher les prêtres ou conscrits, aussitôt sont ils aperçus sur les hauteurs que les coups de sifflet et d’autres signes sont donnés, et les conscrits et prêtres sont cachés’. (Pr. Hess) - Wéi munnch anerer haten d‘Ueschdrefer an der franséischer Revolutioun hir Klacke am noe Wisegrond, a Rimmel, vergruewen. (Do stoung fréier d‘duerch d‘Pescht verschwonnend Dierfche Rimmelscheid.) Mä duerno wollt eng vun de Klacken sech aus onbegräifleche Grënn net méi ausgruewe loossen! Mol housch et, si géif zur Séilerou vun hei begruewene Rimmelscheider lauden, mol déif an der Äerd nom Kierchtuerm an hiren dräi ausgegruewene Schwestere verlaangeren.

‘Arsdorf’ gouf duerch Veruerdnung vum 30.8.1823 ënner der kinnecklechgroußherzoglecher Administratioun mat senge Sektioune ‘Bilsdorf, Neumühle, Misère et Moulin d’Arsdorf’ fir ronn 15 Joer agegliddert an d’Gemeng Bigonville, an duerno nees selbstänneg. Wéi d’Buch ‘Sagenumrankte Heimatburgen‘ vum Jean Haan erënnert säit 1967 och d‘Buerfielskräiz zwëschen Ueschdref an Ënsber un eng noo längst vergiesse Buerg an hir Baronin Anna vu Friedbuerg, (dem heitege 'Buergfried’) un d‘Schlass vu Bungref an eng tragesch Éisleker Rittersoo. Si ginn am Zesummenhang mam Wolfram sengem Bruddermuerd um Enn v. 13 od. Ufang v. 14 Jh ernimmt… Méi e friddleche Sujet war d’ewell erwähnten 1940 nei ageriichten Ueschtrëfer Bannmillen, déi als Cleintsmille bis 1945 funktionéiere sollt. Si läit ronn 1 km vum Duerf op 395 Meter am Dall vun der Ueschtrëferbaach, déi 100 Meter virum Bau nom Zesummelaf vun der Burbich an der Lameschbaach esou genannt gëtt. Nieft hir gouf et hei och d’Lou-, d’Lures an d’Luxmillen. D‘Misärsbréck verbënnt Bauschelt an Ueschdref an de Misärshaff ass e fréiert Bauerewiesen, dat de lëtzebuerger Staat 1992 kaaft an der FNEL zur Verfügung gestallt huet.

D'Kierch huet als Patréiner den hl. Maximäin an d'hl. Barbara a gehéiert zum Dekanat Osper. Se steet op der Kräizung vun der rue du Lac an der Kierfechstrooss. Hir Virgängerin, déi op der Plaz vum heitege Paschtoueschhaus stoung, gouf 1906 enner dem Här François de Waha ofgerappt. Déi nei entstoung no Pläng vum Architekt Jean-Pierre Koenig a wahrscheinlech deels mat Steng vum ale Bau.) D'al Sakramentsnisch (mat der Joreszuel 1501) gouf als Ornament an hire Chouer agebaut. De Bëschof Koppes hat s’am Oktober 1907 geweit. D‘Bannewänn hat de Nicolas Brücher 1942 dekoréiert. Mä seng Aarbecht ass schonn 1973 als ‘net méi zäitgeméiss‘ groussendeels mat dräi Faarfschichten iwwerstrach ginn. Fir den honnertste Kierchen-Anniversaire sollt de Bilschdrefer Robert Klein d‘Freskemolerei nees fräileeën an eng nei Beliichtung valoriséiert se. Bei der Schubertiade-Soirée vum Ensemble Estro Armonico kruten d‘Melomanen 2007 nieft där akustescher Renconter mat berühmte Kläng klassesch Brücher Biller gebueden a modern Glaskonscht vum Bernard Bauer, déi e Chagall Saz ënnerschreiwe kann: "Für mich stellt ein Kirchenfenster die durchsichtige Trennwand zwischen meinem Herzen und dem Herz der Welt dar."

P.S. Ueschdref hat fréier e Schneider, deen och Koschter a Virsänger war a bei Hochzäiten altemol Liddtexter verännert huet, z.B. 'Veni Theodor spiritus'. (P. Tousch) Aner lokal Detailler: De 25 Dez. 1944 gouf d’Duerf vun der 328 Rgt/26 US Inf. Divisioun besat. An no den dramateschen Deeg vun der Ardenneroffensiv louch do en Autowrack, e 'Käfer', deen de Piechter vun der Millen ouni Motor(!) gesteet hat fir 40 Frang. En ass jorelaang dermat ouni Fënschtren an ouni Luuchten iwwer kleng Weeër gefuer. (J.-P. Hoffmann) De Felicitas Hoppe Roman 'Vu Wëlwerwolz op Kalkutta' (Traduktioun Georges Hausemer) ernimmt d’Neijoersklacke vun Ueschref an eng Mamm, déi d’Kanner op den traditionelle Maufel fir Hallefnuecht erbäirifft. Dës typesch Stäerkung war "Eeërtriwwel op Éisleker Ham." D’éischt Silb vum Uertsnumm Ars weist op Talent a 'savoir-faire' hinn, mä kéinnt sech och op Männernimm wéi Artius oder Arsius bezéien. Mä egal wien fréier hei an deem 'pays montueux, froid et peu fertile' Weeër ugeluet huet, se sinn den Héichtestufen ugepasst.