Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Alschënt

Zu Alschënt genéisse 65 Leit aus 23 Ménagen d’Vue op den Dall vun der Klierf an op d’Schibbreg! D‘klengt Duerf huet ë.a. 3 Baueren an e Ponyhaff - 1848 hat et 116 Leit. Den Ardennen hir ‘grün bewaldete Hügelketten mögen Wanderer wie auch Radler’... an Paddler an der Héichsaison. (Merian 2007) Op Alschend, beim Engelmann mat d hannen, féiert vu Kautebaach d’kurveräich Alscherstrooss vun 271m erop op 380 a weider bei d’Donatus Monument op iwwer 460m! Op esou Plaze fällt d’Sich no Inspiratioune liicht am Buch "Mit der Natur reden". Dëst hëlleft sech op eng ‘intern Bezéiung zwësche Mënsch an Ëmwelt anzeloossen’ an en ‘Androck ze kréien iwwer d’Wäisheit vun der Natur.’ (Michael Roads) De fréiere Gemengenhaaptuert ‘Alscheid’ gouf de 17.4.1914 gesetzlech op Kautebaach transferéiert (well do d‘Eisebunn Leit unzéie sollt?) Mä spéider, 2006, koum duerch dëser hir Fusioun mat der Gemeng Wëlwerwolz ënnerëm Numm Kiischpelt eng weider Evolutioun.

Bei Alschënt gouf e galloréimescht Graf fonnt aus dem 1. Jh.. (Méiglecherweis schlummeren aner mëttelalterlech Vestigen am Ëmfeld an rar al Zäitdokumenter sinn net gräifbar.) D‘Duerfliewe war geprägt vun Brauchtem, Relioun, dem Rhythmus vu Feldaarbechten a vum Handwierk. Landleit ënnerstounge Grondhären. (1743 ass e Graf von Hunolstein, Herr von Alscheid ernimmt an der Erzdiözes Tréier - d.h. einfach Uertsnimm sinn heefeg.) D‘Ferraris Kaart portraitéiert eist ‘Alscheidt’ mat ville Bongerten ëm längelzech oder L-förmege Baute mat Dependencen an eng Fuurt vis-à-vis vum Moulin du Schuttburg. - Am Numm-Verzeechness vun 159 Lëtzebuergesche Milizleit (am Rapport mat ‘effets militaires ou du boni de la masse d'habillement’) fällt 1845 e Streweler Jean d‘Alscheid op.) 1867 louchen dann theoretesch d‘Schinnen vun der Nordstreck de Leit vun Alschënt zu Féiss. ‘t gouf tëscht Kautebaach a Wëlwerwolz op 5,26km 5 Tunnellen. Landschaftlech zielt d‘Streck mat de schmuel-déiwen Däller an dem geschlängelte Floss, hiren Tunnellen a Brécken zu de reizvollsten europäesche Mëttelgebiergsbunnen. D‘Schoulkanner hu sécherlech d‘Statiounen auswenneg kannt. Wéi 1887 bei de Primärschoulen d‘ ‘ressorts d'inspection scolaire’ en Thema ware krut Alscheid de 5. vu 6 Arrondissementer (d.h. mat ë. a. Asselbur, Boulaide, Clierf, Esch-Sauer, Harel, Housen a Wolz, wat iwwregens d‘Friddengeriicht hat.)

De Kamäin nieft dem Alschter Kierchtiermchen huet wahrscheinlech da gedämpt wann Schmuebelenäschter ënner dem Daach verlooss waren. D‘Buch „Kautenbach, Merkholtz, Alscheid, Kohnerhof und Schüttburg auf ihrem schicksalhaften Weg durch die Jahrhunderte“ (v. Nicolas Bosseler) erzielt Lokal-Geschichtleches bis 1978. D‘Alschter St. Servatius Kierch war Filial vun der Por Mäerkels a virdru vun där Pënsch‘er. Se krut 1853 e Subsid vun 62,5 fr. als ‘église non dotée’. Den Interieur huet Ronnbou-Fenstre mat Symboler vun 1950, eng Täfelung hannerëm Haaptaltor, ee Säitenaltor lénks a riets eng Statu. Seng breed Mëttelreih Bänke wierkt optesch ganz aluedend. De Brauch ‘Kanner, di u Fréisem, Fräsem d,h, «Milchschorf» leiden, dréit ee bei d‘Fréisemsbild an d‘Kapell vun Alschend an affert esouvill Koar wéi d‘Kannerhäifche faaßt’... verréit den Engelmann. Beim aussiichtsräiche Wee op der Héicht steet bal 200m iwwerëm Dall zënter 1934 d‘Donatus-Denkmal. ‘t entstoung 1934 nom Entworf vum Joseph Sünnen mat Mosaikbiller vum Richard Gassen a soll géingt Wiedere schützen. (Evy Friedrich) (Där rezenter Konventioun no iwwerhëllt de Kierchefabriken hire Fonds de gestion d‘Kierche vun Alschënt, Äischer, Lellgen a Pënsch. Déi aner Kiischpelter Gotteshaiser bleiwe Gemengepatrimoine. (Zesummen ziele se zur Por Wooltz Saints-Pierre-et-Paul.)

Am Reckbléck gesäit een, dass der Gemeng Alschënt nei Feldweeër wichteg waren, e Projet a Statute koumen 1893 op de Programm... a spéider dann e Stroosse-Revers aus Pavée. De Kautebaacher Verschéinerungsveräin hat fir de 15. August 1913 eng Biergwanderung organiséiert vun do iwwer Alschënt, Lellgen, Siwwenaler op Munzen a Clierf. Naturfrënn a Städter (‘müde des ewigen Tramgeklingels, der Schaufenster und Plakatensäulen’) sollte sech uschléissen, op ronn 20 Kilometer Suerge vergiessen, Fräiheet an Ardennerloft bewonneren. (Tageblatt 9.8.1913) - Tragesch Trouvaille vum Krich erënneren un 15 vu 15 beschiedegt Aalschter Haiser. (13 bis 50%) D‘Duerf hat manner Schued wéi anerer an den 18. Dezember 1944 kee Widderstand, ‘t ware beim Passage vum Okkupant keng Amerikaner do. Mä den 22. Januar 1945 - een Dag virun der Befreiung - krut d‘Kapell e Volltreffer an d‘iewescht Duerf d‘Granaten-Aschléi. (Aneren Detail, niewebäi... zu Wolz hat e polneschen zwangsrekrutéierten Zaldot Angscht agestane fir Nuets e Veterinär vun Alscheid erbäizehuele bei verwonnte Päerd. Senger Kollegen hate gehofft ‘die Amerikaner kämen und nähmen uns gefangen!’) (A. Paquet) Am noen Dall ware massiv Zerstéirungen u Gleiser, Brécken, Gebaier an Telegrapheleitungen. Ee reduzéierte Betrib gouf Enn Mäerz 1945 eegleiseg méiglech. (Wéi d‘CFL 1946 gegrënnt war huet den Erëmopbau bis 1952 gedauert.)

P.S. D‘Gemeng zielt ewell eng Weil zu de Besëtzer vun zwee Konschtwierker vum Mathis Wildanger, dee bis 2003 zu Alschënt gelieft hat. Hir Motiver sinn eng Kautebaacher Vue an den Tuerm vum ehemolege Schlass vu Wëlwerwolz. Erausgepicktes aus dem Kiischpelter Buet 2015 beliicht lokal Begebenheeten. D‘Hellëfsdéngschter an d‘Federatioun vun de Pompierscorps‘en aus dem Norden hate 2015 d‘Propose “E Rauchmelder fir all neigebuerend Kand!’’ Fir ‘Iessen op Rieder’ gouf tselwecht Joer d‘Taxe vun 11 op 12€ pro Menu gehuewen. An als wichteg nei Konstruktioune waren eng Kläranlag geplangt zu Alschënt an en Drenkwaasserréservoir fir d‘Héichtenduerf, Kautebaach a Mäerkels. (Dez. 2016.) - Beim Alschter ‘Hämmelsmarsch’ spillt Mëtt Mee d‘Fanfare Kiischpelt traditionnell d‘Melodie, déi ewell vu der Kathedral hirem ale Klackespill ze héiere war a spéider vum Mechel Lentz a Wierder gekleed gouf.