Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wuermeldeng

Fänke mer eis Stippvisite zu Wuermeldeng, op ‘Miseler’ Wormer, un mat der Analyse vum Wopen: En datéiert aus de 1980ger, weist a modernem Charakter gehalen Drauwen, Drauwelaaf an e Schlëssel fir d‘Zougehéiregkeet zur Juridictioun Gréiwemaacher. Seng éischt Bréck war aus Stol, hat 100.000 fr. kascht, 1890, a gouf 1944 zerstéiert. No 18 Joer koum di nei... an entretemps huet e Ferry 3 mol deeglech Passagéier iwwer an eriwwer gesat. Eis gréisst ‚surface viticole’ huet 8 excellent Wäilagen (z.B. Heiligenhaischen, Koeppchen, Pietert, Peteschwengert a Wousselt.) S’erstreckt sech iwwer 13 km an op hiren 360 Hektar wuessen ronn 270.000 eenzel Riefstäck, hier Zuel pro Hektar ass nämlech 7.500... Crémant gëtt hei zënter 1991 produzéiert - ‘t housch am Bilan 2011  jäerlech 1,5 Millioune Fläschen!

Zu Wormer oder Wormeljen, wéi se zu Éinen soen, wunnen 919 Leit. Et hat 1848 mat Wormerberreg 1360 Awunner, 134 méi ewéi haut... Momentan ass hiren Total 1226. De Mémorial ernimmt 1850 d’staatlech Dépensen, z.B. 903 Frang fir d‘Stützmauer tëscht Wormer an Ohn opzebauen an 3386 Fr. fir d‘Erhéijung vum Leinpad (oder ‘Treidelwee’) a Richtung Éinen. Vun deem Musel-Wee aus goufe Frachtschëffer géingt de Stroum gezunn, mol duerch Mënschen- mol duerch Päerdskraaft! Fir de Schoul-Bau gouf et 1852 da 500 fr. Subsid. Luef-lidder ënnersträichen de Reiz vun der Landschaft. Mä ‘ t ass gewosst, dass et an den 1840 ger hei Hongerjoere gouf, deels weinst Steierlaaschten, deels wéinst der Rhynchite-Plo. Dëse Riewestiecher-Käfer oder ‚Cigarier‘ huet Drauweblieder opgerullt, seng Eeer drageluet an enorme Schued gemat! 1904 koum en Arrêté am Mémorial mam Uerder dat Ongeziwwer auszerotten! De lokalen Titel ‚Héichbuerg vum Riesling‘ kéint mat der Abtei Prüm zesummenhänken, déi fréier hei vill Wéngerten hat - a mam däitsche Faibel fir dës Edelzort. Ee Wäistack kann iwwregens bis zu 60 Joer laang droen an kann pro Saison bis zu 50 Drauwen kréien...

D' Wuermer Kierch gehéiert zu der Pastoralregioun Osten an dem Dekanat Gréiwemaacher. Si huet eng schéin Entrée, en dekorativen Tuerm an e geraimregt Schëff. An hirem Chouer falen 2 Fënsteren op vum François Gillen vun ëm 1952, d’Verkündigung an Christi Geburt, an um Haaptaltor a Beichtstull eng Donatus-Statue. Patréiner ass hei Johannes den Deefer. Well d’Deeg op Gehaansdag méi kuerz ginn housch et hei ‘d’Sonn mécht dräi Säz, a wien fréi genug opsteet gesäit se danzen’! (Buch ‘Mosella sacra’.) ‘t heescht dem Paul Kieffer no di eeler Generatioun géif hei méi sangen wéi schwätzen... an “den eegentleche Süden vu Lëtzebuerg léich am Osten”, well ‘t do méi waarm an dréchen ass wéi anerwäerts!

Am Wäinduerf 'par excellence' (Vinsmoselle produzéiert jährlich 1,5 Millione Fläschen Crémant Poll Fabaire!) entstoung 1910 d’Essegfabrik vun der Famill Pundel, mä wéi et no 12 Joer hei ze enk gouf ass hire Fils Pierre an d’Stad gezunn. (Senges Esseg gouf laang am Grousse verkaaft a koum an de 1930ger a Glasfläschen op de Marché.) Vu Paräis heihi geplënnert ass kierzlech de Bildhauer Götz Arndt, deen d’Spréchwuert approuvéiert “Wou Wäin wiisst, sinn d’Mënsche sympathesch“! Jo a se hunn heefeg eng poetesch Oder; fir de Nikolaus Hein sollt d’Zäit hei verfléien ‘wie das leichte, seidige Gleiten weißer Frühlingswolken über das Tal.'

P.S. „Ënnerduppen“ bedeit hei klenglech ënnerdrécken, ‘entgrapen’ eenzel Drauwe vun enger ‚Grappe‘ huelen, Aenléck… Aelichel a ‚Kabesdag‘ housch Allerséilen zu Wuermer, well dann d‘Sauerkraut agemat gouf. Nach intressant: de Mémorial publizéiert 1857 bei der Profession ‘art de guérir’ hei d Ermächtegung vum Wuermer Landchirurg Dittlinger Mathias an der Hiewan Missenack Marie. Haut huet d’Uertschaft 2 Dokteren an eng Apdikt! ‘Riewentréinen‘ erkläeren d’Bridder Grimm als “Saaft, deen am Fréijoer aus beschniddene Riewen drëpst.” Ob d’Wënzer hei wéi um Haff Réimech fréier och soten ’d'Stäck tréinen‘ an an deem Fall eng kleng Fläsch un d’Riewe gebonnen hunn? Dee spezielle Saaft war dem Volleksmond no heelsam als Aae-Waasser.