Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wëlwerwolz

De Floss vun der Geschicht schingt méi lues um Land ze lafen an erlaabt do d'Iwwerliewe vu Gebräicher, déi anerwäerts agerascht sinn. Am Kiischpelt iwwerrascht d‘Fortdauer vun Traditioune kengesfalls… et kommen souguer neier bäi, beispillsweis en internationale Quiltfestival oder de klenge Pelerinage fir Mënsche mat Behënnerung bei d'Wëlwerwolzer Willibrordusquell... Et heescht „selon légende St. Willibrord a frappé cette fontaine..“ fir de Proprietär vun der Wiss ze berouegen, op där säi Päerd gegraast hat; (an ‘t housch säi Wierken hätt ‘Sanftmut geprägt.‘) Op generéis Besëtzer weise Schenkungsakte vun ëm 769 an 795 un d’Klouschter Iechternach hin. D'regional Bibliothek, d’ "Sproochenhaus" versuergt op Nr. 3 ‘An Aasselbaach’ dem Max Goergen seng privat Bichersammlung am Goergen-Haus. Et hat 2006 en 30 Säiten décken Internet-Repertoire vu "Maus Kätti" bis Harry Potter - ass awer momentan net öffentlech zougänglech.

Wëlwerwolz an Äischer si liicht op der Weltkaart ze fannen. No bei Äischer ass de Schnëttpunkt vum 6. Längegrad ëstlech vu Greenwich mam 50. Breedegrad nërdlech vum Äquator. Wëlwerwolz läit am Dall vun der Clierf an enger Mikroregioun am Häerz vum Éislek. Säin denkmalgeschützte Schlasstuerm ass Zeie vu senger glorräicher Vergaangenheet a Gréisst: En Tableau vum Sosthène Weis veréiwegt de’Château de Wilwerwiltz’ am Joer 1933. Vun der fréierer befestegter Haffanlag ass den Tuerm mat senger breed gespaanter Paart a Bouform erhalen. D'Steentafel vun 1586, ubruecht vun "Maria von der Heiden", huet 3 Wopen an eng Aschrëft op aaldäitsch: ‘zur Erinnerung un de "Paulus von Basen an Iohann vu Grumelscheidt, "beide wahnhafftig gewesen zu Wilwerwiltz …mein‘ Ehegemalen gewesen." – Den ewell ernimmte Wëlwertsbur ass e Pëtz um Flouer “a Wiss“ an där klenger 1935 vum Escher Architekt Scholl entworfener Kapell. De Wëlwert hat den Duerfnumm inspiréiert; säi Bur gëtt Päischtméindes geseent. D’Porarchiv vu Pënsch versuergt eng ëm 300järeg Segensformel vum „Willibrordwaasser“. D’Leit hunn därs fréier matgeholl, et soll nämlech géingt d’sougenannte Wëlwerts- oder „Wöllt Feier“ beschützen.

D'haiteg Kierch vu Wëlwerwolz steet nieft dem Emplacement vun der Wëlwerwolzer Herrschaft hirer aler Schlasskapell (a fréierer klenger Duerfkierch). Um Parking ass hire Grondrëss am Pavé visibel. De neie Kierchebau gouf ufanks de 1960ger no Pläng vun den Dikrecher Architekte Leon a Guillaume Gaul gebaut an Enn Juli 1963 konsekréiert. Duerch hiert sobert zeitgenössescht Konzept ënnerscheed si sech vun den aanre Kapellen aus dem Kiischpelt - an hëlleft wéi dës ‘spirituell Kéngen’ beim Wuessen z’ënnerstëtzen. Den Tuerm aus Ardenner Schiefer steet separat mat der Entrée als Lien. D'Raumbild ënner dem holze Plafong bestëmmen hell Still an abstrakt Fënsteren (groussendeels) vum Frantz Kinnen. Eng Säit huet e Liichtband mat Erdtéin, déi aner, d‘Südsäit, héich imaginatiounsräich Glaskonschtwierker mat freedege Faarfnuancen. Vum Skulpteur Leo Nosbusch sinn d'grousst Keramik-Kruzifix hanner dem niddregen Altor an de Willibrord-Relief un der Westfassade als Erzbeschof mam Kierchemodell vu Wëlwerwolz.

Säit 2006 lauden hei fënnef nei Klacken – déi zwou kleng mat den Daten 1769 an 1882 stamen aus der Virgängerin. Aus dëser kommen och d‘faarweg getéinte Säitenaltär. Deen een, de fréieren Haaptaltor a.d. 17. Jh., huet eng Willibrord-Statu (mat Mitra mä ouni Staf an zwee fréier beschriwwen Attributer) an eng Katharina am "langage artistique" vum Atelier Scholtus... Deen aneren, den haitege Consolatrix–Altor, hat 1745 de Lécker Beschof dem frommen Hiert an Eremit Wendelin geweit. Op der lénker Langhauswand stinn Barockstatue vun den ’Ewalden’ mat Märtyrer-Attributen. Dës zwee angelsächsesch Confratere vum Willibrord ginn hei als Niewepatréiner veréiert... a wéins hirer Hoerfaarf ‘de wäissen an de schwaarzen Ewald‘ genannt. – All dës Konschtwierker spigelen liturgesch Bräich an de Goût vu Joerhonnerten erëm. Der Kierch hir ‚nei‘ 2010 ageweite Stahlhut Uergel (vun 1914) koum iwwer Ëmweeër heihinn aus der fréierer Kapell vun den Dominkanerinnen vum Lampertsbierg. D‘denkmalgeschützt Instrument mat der romantescher Intonatioun schätze Kenner als kulturell Beräicherung fir d‘Kiischpelter Uergellandschaft.

P.S. D'Regioun ëm Wolz huet en dicht Netz vu Promenaden; Amateure vu Fossilie kënnen hei mat e bëssche Chance Kriibsdéiercher, Séililien oder Koralle fannen, déi Millioune Joeren am Schiiffer konservéiert sinn. Vum 1.1.2006 un ass Wëlwerwolz stolze Siège vun zwou fusionéierte Gemengen. Hir an d’Kautebacher Gemengepäpp schaffen elo als ‘Commune de Kiischpelt’ mat frëschem Äifer zesummen - si kennen doawwen jo all Kierchhinnchen, a jidder Steen a Schloff.. Zum internationale Quiltfestival bléif ze soen, dass et säit 2004 all zwee Joer organiséiert gëtt an 5 Dierfer beim Ausstelle vun Quilte matmaachen. D‘lokal Gare erlaabt national an international Verbindunge via Nordstreck (Lëtzebuerg-Léck) an hir Nieweligne Kautebaach-Wolz.. Mat den déiwen Däller, de Kéiere, Brécken an Tunnelle gehéiert d’Streck zu de reizvollste Bunnen an den Ardennen an a mëttelhéijen europäesche Biergregiounen. Geowëssenschaftlech gesinn erklärt d‘spezifesch Héichtendifferenz ‘vu Meter pro Quadratkilometer‘ d‘Reliefenergie wéi mir se hei fannen!