Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Wal

Wal läit an enger douce gewellter Landschaft, déi keng Monotonie opkomme léisst. Knapps 40 km vun der Stad fängt do mat der Lä d’Éislek un. Seng Grenzlinn léisst sech speziell um Enn vum Wanter observéiren, no enger Schnéiperiod. De wäisse Schnéiteppech bleift nämlech am längsten op fest gefruerenem Schiferbuedem leien, a südlech vu Veianen, Bettel, Fuhren, Ettelbreck, Feelen, Grousbus, Wal, Foulscht an Hueschtert ginn d’Wisen éischter greng. Wal gouf alt emol gesot fir Bësch, beispillsweis och ‘hannerëm Wal‘ als Flouernumm, oder beispillsweis den Habicher Wal.- 1787 hat d’Uertschaft 165 Awunner, 1802 dann 251 an hautdesdaags ëm 220. Deen alen typesch lokalen Ausdrock ‘no dénger Guedéng oder Giedéng’ wëllt soen „wéi’s du et fir gutt häls, no dengem ‘Gutdünken‘! (Engelmann) An “guerden“ heescht allgemeng de Rimm fest zouzéien!

De Wope vu Wahl resuméiert wichteg Momenter aus senger Geschicht: D'Felder 1 a 4 mam lëtzebuerger Léif ouni Kroun, deen ‘mol no bausse ‘mol no banne kuckt, erënnert un d'Vogtei vun Arel; d'Felder 2 an 3 un d‘Famill Esch-Useldeng. D‘schwaarzt Kräiz weist op den Däitsch-Uerden an op Randschelt hinn, dat klengt gëllend mat Kléiblatspëtzen op den hl. Willibrord. Déi eelst Akten ëm Wal sinn an de Kricher verschwonnen. An engem Text vu 1518 geet riets „von einem Missel wegen einem Praumenbaum“. Doriwwer goufe Säite voll geschriwwen, déi haut schwéier z’entziffere sinn; d‘Notairesschreiwer haten nämlech eng eege Grammatik! D’Buch ‘Geschichte des Luxemburger Waldes‘ (J. Helbach) bréngt 25 Säiten iwwer d’Bëscher ëm Wal mam Titel „der Wenigerwahlbüsch“. Kleinwahl oder Wenigwahl housch virun 200 Joer den Uertsdeel zur Bëschrueder Säit, wou e „Pfarrbüsch“ allen Awunner aus deenen zwee Dierfer an hirem Geeschtlechen zur Verfügung stoung. (D’Leit vu Wenigwahl ware groussendeels „Schafftleute“ vun der Iewerlenger Herrschaft an di aner ënnerstoungen der Probstei Arel.) - Joerhonnertelaang ass wéineg heirëmmer passéiert. D’Duerf krut dann ëm 1900 eng Molkerei an 1910 eng Musek, (déi haut zesumme mat där Groussbusser musizéiert.) ’t entstounge Lokalveräiner an e Veräinshaus. Et krut ënner aanrem am November 1936 och eng Zuuchtgenossenschaft. Vun 53 Familje waren der 35 Member. Regësteren no bestoungen am Joer 1947 nach 22 Betriber. D’Zäit huet evoluéiert; neierdengs ginn hei ‘nach an zwee Ställ Kéi gestrach an an engem Schwäi gemäscht‘ erzielt e Geschichtsfrënd an der ‘Wahler Uucht‘.

D‘al Thillenvogtei (an Akten vun 1668 als ‘Thielen Vogtei zu Wahll’ dokumentéiert) hat den Numm vum lokale Landmusée inspiréiert, deen do tëscht 1991 an 2014 vill Leit ugezunn huet. En entstoung op Privatinitiativ an huet kuckeswäertes am Originalzoustand gewisen. Schoulkanner konnten do schmaachen, richen, baaken, gesinn wou d’Miel hierkënnt a wéi virun 100 Joer gewäsch gouf. Schoulbänken mat Pulter aus der gudder aler Zäit goufen do ausgestallt a Kleedung, wéi d’Moud se fréier diktéiert huet. Dee léierräiche Musée gouf an ‘Nos cahiers’ 2011 (3/4) beschriwwen. E koum allerdéngs no ronn 24 Joer op Ranschelt. - Vun der barocker Maximäin-Kierch vu Wal féiert eng Wanderung vun 9,5 km mat 135m Héichtendifferenz iwwer „einsame Wald- und Feldwege nach Buschrodt und zurück“. Dem Kierchtuerm säi Schiet huet sech am Laf vun der Zäit op Baueregäerd geluet an op Duerfstroossen, Beem a Wisen. D’Zuel 1758 iwwer hirem Portal gëllt net als Erbauungsjoer mä als dat vun hirer Vergréisserung. Si huet en interessanten Altor an hir reng Fer-forgé’s Kommiounsbänk sollt vum Modell hir dem Votivaltor an der Kathedral gläichen. D‘Säitendeeler sinn nach do, de Mëtteldeel ass d’Basis vum Volleksaltor. 1890 gouf ‘t ee Subsid vun 100 fr. fir ‘Réparations à l'église et au presbytère de Wahl - an 200 Fr. fir Aarbechten un de ‘bâtiments communaux‘.

Op der Kiercheplaz erënnert e Gedenksteen un den Abbé Theophile Becker, deen am KZ Dachau ëmkoum - an un de Jean Wagner, fir deen als Zwangsrekrutéierten 1944 d’Ukrainesch Front déidlech war. An der Kierfechskapell iwwerbléckt e rout Glaskräiz d’lokal Trauerzeremonien. Gebuer war hei den Doumpfarrer Guillaume Pletschette (1868-1922), dee seng Dokteraarbecht an ‘philosophie et lettres‘ de 5. Okt. 1899 ofgeschloss hat. (Op seng Publikatioun ‘Der alte Gottesbeweis und das moderne Denken’ (v. 1907) weist d’Nationalbibliothek hinn.) Anere Sujet: Divers Quellen, beispillsweis d‘ ‘Kulturgeschichte der Kartoffel’ nennen als avantagéis Regioune vun eisem Iessgromperen-Ubau Steesel, Hënsdref, Bilschdref a Wal. (1707 sollten zu Esch/ Sauer där Knollen „aus fernen Landen“ éischtmools heirëmmer opdauchen.) Aus dem Michel Pauly senger „Geschichte Luxemburgs“ staamt d’Info, dass an de 1750ger d’Gromperen net dem „Zehnten“ ënnerworf goufen – ‘da diese neue Pflanze die Not des gemeinen Volks sehr lindere!’ D’Éislek läit iwwregens genee an der ‘Stoßrichtung der von Osten her aus dem Rheinland vorrückenden Kartoffel’.

P.S. An der éischter Halschend vum 20. Jh. koume just zwee nei Haiser op Wal. Well munch Familjen hiert Gléck am Minett versicht hunn goufen eenzel Dierfer méi eidel. Mä ëm 1930 koume vill Changementer: E Krunn an d‘Kichen, elektresch Luuchten an d’Haiser an een e bësse primitiven Telefon. D’Leit hate nach Zäit fir eng Kosettchen. (J. Ney, Online brochure: www.wahl.lu/wahler-uucht/ausgab2013-2.pdf.) Mä an den 1970ger an ‘80ger huet dëst geännert. Leit aus der Stad a soss hu sech d‘Géigend ugekuckt mat der Fro no bezuelbarem Bauterrain. Haut stinn an der Gemeng Wal bal méi nei Haiser wéi aler. Am Telefonsbuch steet Wahlhausen als Wuelessen hanner Wal. Ob do och d‘Säz gebraucht goufen... ‘d'Kand ass wéi eng Ierbes an der Wal’- (d.h. eng Wibbel) oder ‘d'Zopp waalt am Dëppen’ - wat ‘wallend kochen’ bedeit an zu Gréiwemaacher ‘waalsen’ heescht a ‘bouillonner’ bei de Fransousen? ‘Goung engem eng gliddeg Wal iwwer d'Häerz’... war dat d’Ëmschreiwung fir waarm Gefiller. Esou Ausdréck zielen zu de ‘mots avec visage’, déi d’Vesna Andonovic emol mat geformtem Deeg verglach hat – an déi just e ‘boulanger du langage’ fäerdeg brengt.