Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Toodler

D‘Dierfchen Toodler läit 4 km hanner Heischent am Hang vum Uewersauer Dall a fleegt den nohaltegen Naturtourismus. Der Sauer hire Wee verleeft hei 6 km hannerëm Stausee duerch ‘Falaises millénaires‘ a ganz jonk dogéingt, vun 1962, ass d’lokalt Campingfeld. Nobäi leeft d’Toodlerbaach duerch de schmuele „Pafendall“, an deem fréier d‘Toodler Millerad gedréit huet. De Numm Pfaffenthal-lès-Tadler staamt wahrscheinlech vun engem Klouschter, dat hei fréier an enger vun de schéinste Géigenden aus dem Land Besëtz hat (..méiglecherweis vun der Tréierer Abtei St. Maximin.)

Toodler hat 1981 just 86 Awunner, haut sinn ‘t der 109 a 34 Menagen. ‘t gëtt do ‘Ounesonndeg’ gesot fir Bounesonndeg. Eisen alen Diktionär iwwersetzt Tadler mat Todeler, seet awer als Attribut z.B. den Toodler Willibrordusbuer. An enger speziell dofir konzipéierter Holzscheier aus onbehandeltem Fichten- a Lärchenholz ass hei den “Hôtel du foin Toodlermillen”. Dëse bitt bis 40 Persoune Plaz, an engem Reportage vum ‘Saarlännesche Rundfunk no… „übernachten ganz Verwegene“ im Heu-Hotel! ‘t hate wahrscheinlech scho virun 1000 Joer Better mat Hee hei midd Mënsche gewiermt, mä waarmt Waasser duerch Solarkollektoren gouf et deemools nach keent!

Laanscht d’Duerf fléisst aus e puer Quellen d‘’Aalesch-‘ oder ‘Toodlerbaach’. Se huet op 2 km e Gefäll vun 211 Meter. De Kadaster ernimmt 1766 d’Duerf Thateler aus der "Herrschaft Esch auff der sauren" mam Mëller, der Millen an hirem Weier. Nach intressantes: aus senger Millen stamen d’Virfuere vun der bekannter Famill Loesch.. (nodeems 1809 d’Mëllesch-Duechter Catherine Schmit d’Madame Jean-Pierre Loesch gouf.) Si haten 8 Generatiounen do gelieft a geschafft, a wéi d’Millen an der Mëtt vu 19. Jh. net méi gemuel huet, ware si um dozougehéieregen Haff.

D‘Duerf-Kierch huet en Tuerm mat Suedeldaach, 8 Ronnboufënstre vun ëm 1950 mat geometreschen Ornamenter a Symboler (z.B. eng Koppel Dauwen um Pëtz). Hiren héijen Haaptaltor ass hell polychroméiert an hire Patréiner heescht Willibrord. Zwou remarquabel iwwer 18 Meter héich Lannen bewaachen d’Weekapell an der Haaptstrooss. - Vun hei aus dem Woltesch Haus koum de Jean Mersch, e Geeschtleche mat enger ongewéinlecher Biographie. E gouf 1805 bei Austerlitz verwonnt an hat 1812 bei Borodino 28.000 Matkämpfer aus der Grande Armée verluer. En huet dann als Curé Réimech a Waldbriedemes betreit.. d’franséisch Offer ‚aumonier militaire‘ ze ginn ofgeleent - mä d‘grouss Auszeechnunge fir ‚actes de courage‘ an spéider d’Médaille de Ste Helene‘ ugeholl.

Vum onermiddlechen Jacques Prott, engem fréieren Toodler Paschtouer senge ville Bäiträg zu enger Legende-Sammlung vun 1883 dréien der 3 ëm d’Uertschaft. Een weist op d’ 'Deiwelslay’ hinn tëschd Todeler a Géischdref... eng héich zackeg Fiels un der Sauer mat engem ugedeite Priedegtstull. An der Soo ëm den noen Hexestull sollten Hexe veruerteelt ginn, déi d’Regele net respektéiert haten! Zeenen dorëmmer beschreift de Nik. Gredt mat villen Detailer! An gespenstesch nennt en d’Plaz ëm d’ “verluere Kräizer bei Todeler“ bei déi Leit biede goungen am Fall wou krank Kanner „net liewen a net stierwe konnten..“ Reeell waren d’Poppe-Figuren Enn Mee beim Toodler Marionettefestival 2012, fir si goufe Scheiere, Gaassen an souguer d’kleng Kierch zu Theatersäll.

P.S. Säit der Gemenge-Fusioun vun Esch-Sauer, Heischent a Néngsen, Enn 2011, si fir Toodler nei Gemengepäpp zoustänneg. De Projet “Néngsen - pestizidfräi Pilotgemeng“ gëtt ausgedehnt; Pestiziden si säit 2010 do Tabu op ëffentleche Flächen, dem Kierfech an de Beräicher laanscht de Stausee. Fir z’évitéieren dass Kéih eng Hangquell zertrampelen kruten s‘eng Selbsttränk. D’Waasserleitung krut Toodler iwweregens 1895 mat 600 Fr. Subsid. - Duerch hir Topographie hat d’al Gemeng Heischent mat 50 km Feldweeër, 12,5 km Stroossennetz an hiren 11,7 ha Bësch een Héichtenduerf (Heischent selwer) an d‘Dalldierfer Réngel, Dierbech, den Heischtergronn an Toodler, déi e manner rauhe Klima wéi dat éischt genéissen. De Mountainbike- Parcours vu 39 km, deen hei passéiert, ass mat Héichtendifferenze vun iwwer 230 Meter idéal fir faszinéierend Plazen z’entdecken, gutt fir d‘Figur a Balsam fir d’Séil.