Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Sir

Surré heescht op lëtzebuergesch Sir an op däitsch ‘Syr’. Et läit no un der belscher Grenz,déi sech de Kréngele vun der Surbich upasst. D’Duerf hat an der Mëtt vum 19. Jorhonnert mat 530 Awunner seng héchsten Zuel an haut sinn ëm 180 Leit do doheem; (1848 war et ëmmerhinn mat 496 Awunner méi ‚grouss‘ wéi Baschelt.) De Sirer Emigratiounsfuerscher René Daubenfeld huet aus senger Géigend 1.000 Auswanderer tëscht 1843 an 1920 ermëttelt, wat deels d’Differenz bei der Awunnerzuel erkläert. A selbstverständlech dekoréiert e mächtegen Dräimaster vun der Red Star Line Antwerpen-Amerika per Reklamm-Plakat säi Büro!

Di al momentan eidel Lanners Mille vu Sir an der Bësch-Gemeng Bauschelt ass Monument classé säit 2007 - a nieft hir och d’Kierch Saint Lambert. An dëser hir polychroméiert a räichskulptéiert Altär vu 1822 lounen en Ëmwee. Hei war 1843 ee ganz onopfällege Grenziwwergang op Tintange (ee vun 80) déi an Lëtzebuerg eran an eraus geféiert hunn! Nom Schëld am Bësch ass d’Belsch a gläich hannendrun een anere Stroossebelag.

Déi 1843 opgeriichte Grenzmarken (vun de Nummeren 177 bis 182) existéiere net méi all. Spazéiergänger haten esou e Symbol vun Trennung, dee mat der Nummer 180, am Gestrëpp erëm-entdeckt... An d’Nr 182 gouf am Mee 2010 um Flouer ‘Am Saak’ tësche Sir an Tintange nei ageweit. Se steet do mat hirer Nopesch um westlechste Punkt vum Land. De 400 kg schwéieren an 2,60 M héige Koloss aus Goss louch laang ënner enger Moosdecken an ass haut Symbol vu Verbonnenheet. Als Zeeche fir Laangliewegkeet huet seng Spëtz d‘Form vum Dännendäppchen, der sougenannter ‘pomme de pin‘. Säin aachteckege Fouss steet 60 cm am Buedem. Wéi si intresséieren och di al heemlech Schmugglerrouten d‘Geschichtsfrënn, dës Weeër sollen zoukënfteg Wanderpiëd ginn.

Al Dokumenter si Mosaiksteng an de Familljen- an Duerf- Geschichten. Bei enger Hochzäit zu Sir, 1812, krut d’Braut Catherine Thilmany 4 Ochsen, eng Kou, zwee Schwäin, ee Won, e Plou a 6 Läindicher als Dott. D’Plaz hei ass vun der Landwiertschaft geprägt: 1899 waren esou enorm vill Grompere gewuess, dass d’Kelleren ze kleng waren. (De Goethe hätt dee Moment wahrscheinlech seng Preferenze proposéiert, z.B. ‘Morgens rund, mittags gestampft, Abends in Scheiben, dabei solls bleiben...‘) - Mä zréck an d‘Aktualitéit: d’Adress vun der Spelzgenossenschaft Naturpark Uewersauer ass an der rue Saint Roch op Nr. 14. Eng technesch Premiere war Enn Januar 2009 zu Sir d’Installatioun vum landeswäit éischten Drénkwaasser-Behälter aus Edelstol! Fir di zwee nei jee 7 Meter héich a 7,5 Tonne schwéier Behälter, mat 4,6 Meter Duerchmiesser (fir jee 100 Kubikmeter Waasser) iwwer d’schmuel, kurveräich Rue du Genêt op hir Plaz ze brénge war en Challenge! Ëm d’Containeren ass en Schéier ähnlecht Holzgebai virgesin, dat se sech gutt an d‘Landschaft erafügt. Den ale Bedongsbehälter vu 1958 huet just 50 Kubikmeter gefaasst a war einfach ze kleng. De Buergermeeschter hat zou der innovativer Idee gemengt..."‘Et muss een offe fir Neies sinn; a wann een an Inox-Fässer Wäin a Béier lagert, wisou dann net och Drénkwaasser“… en Thema fir op der No-Kiermes z‘analyséieren a weiderzespannen!

P.S. Wëllem den 2. war bei enger Visite vum ‘Éislek‘ der Chronik no begeeschtert vum Effet vum Gënz virun déifgrénge Bëscher... Vläicht hat hien hei en Arrêté iwwerduecht, an vläicht fanne mir hei d‘Explikatioun fir d‘giel-gréng gesträifte Bändche vum Enn Dezember 1841 instituéierten ’Ordre de la Couronne de Chêne’! Médaillen verdinge sech och d’Pompjeeën. Si bestinn hei zënter 1908.