Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Stadtbriedemes

Zu Stadbriedemes ass di lescht Kiermes am Joer, Mëtt Dezember. Et passéieren dann do keng speziell Saachen, Schéissbude kommen net méi sou wéifréier heihin… An Kiermesbude siche sech méi attraktiv Plazen aus fir hir Wuer unzebidden. Mä ‘t gëtt gutt hei opgedëscht, an dat net nëmmen op extra Deeg, gudde Wäi wiisst souwisou hei. A wou deen hierkoum, hat de Batty Weber verroden... Wéi de legendäre Noe aus der Arche koum, sollt hie Gott ëm den éischte Wäistack bieden, an am Laf vun de Joerdausende koumen och Wéngerten op eis Musel!

Stadbriedemes gouf ënner deem Numm 1455 ernimmt an zielt haut ëm 810 Awunner. Ee Groussdeel vum Duerfliewen bestëmmen hei ëmmer nach d’Riewen. Wahrscheinlech staamt den Uertsnumm vun de Kelten. Bre-de-nes bedeit Spezialiste no nämlech „über dem Wasser erhöhter Boden“ a Bredimus ‘am Gestade’ heescht um Floss Ufer. D’ Vergaangenheet vum Duerf a sengem Schlass sinn enk verbonnen. Zu senge fréiere Besëtzer zielen d’Abteie vun Tréier a Prüm (792), d’Häre vu Buurschent a Wolz (1294-1478) an ënner aneren den Huissier Stoultgen, deen et nei opbaue gelooss hat: ‘t war vun 1724 bis 1957 net changéiert (a krut dunn en zweete Stack an de neie Niewenfligel.) D’Abtei Prüm hat hires zréckkaafte Besëtz vum Prümer- oder «Primmerbiereg» un d’Awunner verdeelt à Konditioun Riewen do unzeplanzen an hir eng Rent ze ginn. - Den Dicks krut d’Schlass vu senger Tatta Françoise de la Fontaine. Hie koum kuerz no senger Hochzäit 1858 mat senger jonker Fra dra wunnen. Eise ‘Mondaartdichter’ huet dann 23 Joer dra gelieft a gouf souguer hei Buergermeeschter. Hie sollt d ‘Eegenaart vum Vollek erfuerschen an dank senger schrëftstelleresche Qualitéiten zu Pabeier bréngen. D’Schlass hat nom Dicks verschidde Besëtzer a gehéiert zënter 1971 der Vinsmoselle. Et déngt hir als Verwaltungssëtz an huet e Restaurant an der Tourelle. Seng Maueren an d’Wäschbuere rondrëm kéinte vill erzielen; nieft dem Wäsche blouf hei d‘Klaatschen net aus! De Bueren hiert gutt Waasser hat trotz Waasserleitung no 1905 nach munchen Duuscht geläscht.

De Batty Weber (*1860) war hei doheem. Goung hien op sonnegen Deeg spadséieren, hunn d’Kanner sech ‘zoufälleg’ rondrëm Epicerie opgehalen an kruten all kéiers e Frang fir Naschlereien! ‘t gëtt vu Stadbriedemes nach z’erzielen, dass et z.B. de Spottnumm ‘Briedemes ‘er Iedelleit’ gouf, dass Wippmännchen hei ‘Panewippchen’ bedeit an dass de veréierten hei 1570 ernimmten hl. Valentin net méi Haapt-, mä Niewepatréiner ass. Nach Interessantes: d’Kellereigenossenschaft Stadbriedemes war den 2. Oktober 1927, als 2. un eiser Musel vu 16 Wënzer gegrënnt ginn. An Enn September 1956 war hei dat éischt grousst Wäifescht. Och d’170 m laang an 12 m breet Schléiss musse mer ernimmen - an eng wichteg Découverte: 1960 goufen hei bei Terrassementsaarbechten, wéi de Floss op der Längt vu 400 M méi breet gemat gouf, keltesch Brécken-Tracen entdeckt. D’Réimer haten ëm 56 no Chr. hei eng ëm 6 M breet Bréck gebaut mat mindestens 5 Pilieren. U si erënnert e Monument nieft der Schléiss an domat och un d’Réimerstroossen tëscht Metz an Tréier, där nach vill erhale sinn. Zum Brauch vum Hämmelsmarsch bléif nach ze soen: dësen zeechent sech um Stadbriedemeser ‘Gestade’ aus duerch seng Opféierung duerch 2 Veräiner, nämlech d’Musek an de Gesank! 

P.S. 1769 hat de Generalpercepteur vum Duché, de Baron Johann Franz von Marschall, d’Schlass Stadbriedemes gesteet. Bei him doheem hate 1792 am August 10 Deeg laang de Vicomte de Chateaubriand an d’Bridder vum Louis XVI op der Duerchrees gewunnt, d’Comtes de Provence an d’Artois (..d’spéider Kinneken Louis XVIII a Charles X).  Zeng Joer duerno, 1802, goung d‘Propriétéit un d’Famille de la Fontaine. - Stadbriedemes ass geprägt duerch d‘Schlass, d’Schléiss, d’Genossenschaftskellerei an d‘Eyschen-Denkmal. E leschten Datum nach: de 29.Abrëll 1978 hunn d’"Domaines de Vinsmoselle“ hiren imposante Verwaltungssëtz feierlech ageweit.