Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Schengen

Schengen läit um Ufank vun der Wäistrooss... am Schied vum Markusbierg. Di éischt Bréck iwwer d’Musel entstoung hei 1908, virdrun, säit 1451, huet hei eng Fähr (...mat Seelzuch) d’Duerf mam däitsche 'Pierel' oder Perl verbonnen. D’Fähr huet Verfollegten Asylrecht ginn fir 6 Wochen an dräi Deeg. Schengen rout mat senge 565 Awunner zu Féiss vum nërdlechen Hank vum Stroumbierg, deen d‘Grenz mécht zu Loutrengen. Ale Schrëften no koumen aus deem senge Steebréch d’Steng fir de Bau vun der Porta Nigra vun Tréier.

Un der Musel gouf de 14. Juni 1985 den ‘Accord de Schengen’ ënnerschriwwen... a säithir huet Europa e ‘Fräie Persounen- a Güterverkéier! D’Duerf besteet säit der Bronze-Zäit, a säin éischte geschriwwenen Témoignage vun 877 nennt et ‚Sceidingas‘. Den Amalonges vu Schengen war 1214 en Hochzäits-Gaascht vun der Ermesinde an dem Waléran. Eng Waasserbuerg entstoung hei 1390. Den alen Tuerm war als Prisong geduet an huet d’Zäit iwwerdauert. D’Sonnenauerkräiz vu 1612 sollt e frieme Prisonnéier man. De Goethe hat sengerzäit Buerg, Tuerm.. a vläicht och d’Kierch (vu 1616) hei gesinn mat der Grafplack vum ‚Schengener Kindchen’, dat als Wéckelkand ewell schwätze konnt. D’Duerf huet bis 1795 iwweregens zur Por Pierel... gehéiert an vun do un zur Gemeng Riemëschen.

D’aktuellt Schlass koum 1812 als klassizisteschen Häresetz op d’Plaz vun der aler Buerg, gebaut mat den originale Steng op Initiative vum Jean-Nicolas Collart vun Dummeldeng, deen et vu senger Mamm (der Marie-Françoise de Donnéa, der Madame Charles Joseph Collart) geschenkt krut.. D’iwwer 30 Meter héich Atlas-Zeder war beim Besuch vum Victor Hugo, dee Beem veréiert huet, ganz jonk. Am September 1871 hat de berühmte Gaascht a sengem Carnet ‘Schoengen’ notéiert an den Tuerm aus der Mémoire zu Altwis gemoolt... D’Madame Collart krut d’ongerummte Bild - op dat dann diskret e supplementare Schied koum duerch e Kaffisfleck! 

1931 hunn d’Bridder Knauf hei am Stroumbierg no Gips gesicht an de Leit ouni Schaff eng Aarbecht ginn. (Hir Entreprise ass haut di Zweetgréisst vun der Welt.) Hir Grouwegäng goufen am Krich zur Stopp, wéi d’Leit 3 mol hu missen aus hieren Haiser flüchten. Gekricht gouf déisäit der Musel schonn 1939, wat Krichs-Tourismus ukuerbele sollt! Tselwecht Joer gouf d’Bréck zerstéiert an d’Elisabetherinne-Kongregatioun huet d’Schlass kaaft an e Retraiten- an Erhuelungshaus dran installéiert. Säi Beréng ass neierdengs verlount. D’ "Kochhaus", en anert Stéck Patrimoine vun 1779, versuergt a senge Maueren haut wichteg Europa-Dokumenter! - Di zweet Bréck steet hei säit 1959 an di relativ rezent drëtt zielt zur Saarautobunn. D’Commune de Schengen ass als ëmgedeefte Riemëscher e Synonym fir Zukunft. Am Hierscht 2010 hunn hir Awunner an déi vun de Gemenge Bërmereng a Wellesteen hir Fusioun décidéiert... a notze vun elo un mat hire néng Uertschaften d’Avantagë vun enger grousser Gemeng. D’Esplanade an de Schengener Musée illustréieren d’europäesch Integratioun. Net ze vergiessen, den Undriff fir d’Schengen-Charte koum vum Roger Weber a Constant Infalt. A punkto Wäiwiertschaft ware mir laang e ‘Nobody’ an d’Idee vum ‘Cru Schengen Prestige’ soll d’Renommee vun eise Spëtze-Wäiner steigeren! Gudde Wäi wisst hei an 446 Parzellen.

P.S. Schengen ass en fir Verkéier an Handel wichtege ‘Fleck’ am Häerz vun Europa... Säi "Pinot" appreciéieren net just di Eenheemesch - mä och Visiteuren aus der ganzer Welt. Ier et de Bekanntheetsgrad krut, deen et elo huet, gouf hei gemittlech am Oktober den ‘Hunn’ gefeiert; haut ass dann eppes méi lass an de Stroossen... De Schlassdomaine soignéiert ewell eng Zäitchen eng lëtzebuergesch Hotel-Chaîne a verwinnt Visiteure kulinaresch. A soss? Engem franséische Moler seng Häerzensquale goufen 'mol hei méi liicht z‘erdroen... erzielt de Joseph Groben... an di am Merian vum Juli 1964 fonnten Observatioun vum Nic Weber, dass „un der Musel d’Häerz vum Mënsch d’Landschaft mécht“ ass ëmmer nach eng touchant Liebeserklärung.