Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rouscht

D’Stroosseschëld ‘Um Rouscht’ oder Roost steet op der Ettelbrécker Streck, 22,2 km vun der Stad. De ‘Rouscht’ ass eng Haisergrupp mat 45 Awunner a 17 Ménagen an der Gemeng Biissen. “The Roost" bedeit am zoologesche Sënn "Schlofplaz"... Eng ‘roosting Colonie’ ass e Schwaarm ‘Zuch-Viggel’ op enger traditioneller Raschtplaz.. Vläicht war den ‘ Îlot du Rost’.. an der Al-Stad hannerum Palais a Richtung Logegaass... och emol e besonnesche Lieu d’Escale….. (1821 stoungen um Stader Rouscht am ganzen 12 Haiser).

D’Strooss Lëtzebuerg- Walfer Miersch- Ettelbréck- Housen entstoung tëscht 1718 a 1733. D’Vollekszielung indiquéiert 1852 bei Roost/Colmar-Berg 5 an Roost/Biissen 55 Awunner. (An 1891 waren där do 65 registréiert.) D’Kanner ginn op Bissen an d’Schoul, ‘t sinn hei 3 Bus-Arrêten, mindestens, an och di eenzeg Automobilrennstreck vum Land... De Rouscht läit um Bord vun der ewell ganz laang geplangter NORDSTAD! Dëse Begrëff hat den Adrien Ries geprägt... a wäitsiichteg de Plateau Roost als hir drëtt vu 4 Industriezone genannt. A senger Ried vum 2. Juni 1973 hat hien d’Nordstad interpretéiert als Raum vu 7 fusionéierte Gemengen: Bettenduerf, Déikrich, lerpeldeng, Ettelbreck, Schieren, da Kolmer-Bierg an och Biissen. Di lescht mécht net mat, mä huet ewell konkret Landesplanung ëmgesat: Plaze wou een Haus hipasst... an d'Industriezone goufen ageplangt; d'Bëscher di mussen intakt bleiwe stinn do fest, (gesetzlech virgeschriwwen gouf nohalteg Waldbewirtschaftung schonn 1840) dat heescht: net méi Holz ze fällen wéi es nowiisst! Ee Bam versuergt bekanntlech am Dag 10 bis 20 Mënsche mat Sauerstoff. 

Op hirem 14 Ha grousse Beréng huet d’Luxlait eng nei Produktiounsfläch vu 33.000 Quadratmeter, sou grouss wi de Märeler Betrib an der ‘Lait du Nord’ hiren zesummen! Mat an d’idyllesch gréng Landschaft koumen d’Stater ‘laang, héich a konesch Tanken’ fir d’„Cottage-Cheese-“ „Wäissen-“ a „Kachkéis“ -Fabrikatioun. D’modern Technologien a méi kuerz Produktiounsweeër spuere 25 Prozent Energie a bal 40 Prozent Drénkwaasser an. Di nei Molkerei „op dem Rouscht" leet Wäert op Betreiung vum Besucher an Informatioun iwwer di modern Mëllechveraarbechtung. - Dass viru 5000 Joer d‘Sumerer der Mëllech op d‘Spur koume bezeien Tountafelen, déi an der Stad Ur fonnt goufen. Deemools haten d‘Sumerer ewell Mëllechkéi a hu sech mat Mëllechveraarbechtung beschäftegt. Archäologen hunn an Israel d‘Reschter vu Beienhäiser aus dem 10. Joerh. viru Christus entdeckt; dëst bestätegt d‘iwwerliwwert Israel-Bild als Land, an dem „Mëllech an Hunnech fléissen"! Béid waren deemools ewell e Begrëff fir Räichtum a Wuel­stand! -

Nieft der Molkerei sinn hei um Rouscht eng Rei aner Firmen etabléiert... Tëscht ‚Biessen’ an ‚Hau Essingen’ verzeechent eng al Kaart d’Montagne Rost an de 'chemin de Liège’! An zimlech al dierft och de Sproch sinn: “Wien iwwer de Rouscht kënnt ouni Wand – duerch Miersch mat Verstand - an duerch Lëntgen ouni Spott, deen huet Gnod bei Gott! Mat Verstand ze fueren hëlleft de noen ’Centre de formation pour conducteurs’, en offréiert Stagen a siwe Sproochen an eng avantgardistesch Technologie fir d’eege Limitten, déi vun de Gefierer an déi vun der Physik kennen ze léieren. Hien zielt allerdéngs zu Kolmar-Bierg.

P.S.: Am Joer 1948 gouf et nach 180 lokal Molkereien zu Lëtzebuerg an 12 Joer duerno just nach 5 fir d’Mëllech vun eise Bauerebetriber ze verschaffen. De Mëllech Secteur huet sech 1978 mat der Fusioun vun den dräi leschte grousse Molkereigenossenschaften CELULA, LADUNO an LUXLAIT ënner dem Numm LUXLAIT zu enger eenzeger Associatioun zesummegeschloss. Zu där wäisser, dem Franz von Sales no „aus dem Herzen kommenden, liebedurchwärmten Nahrung“ schlussendlech nach eng chinesesch Wäisheet... „Gedold – mat der Zäit gëtt aus Gras Mëllech.“