Kierchtuerms­promenaden

En Tour duerch d 'Lëtzebuerger Land mam Tessy Glodt

Rombech-Maarteleng

D’Uewermaartelenger Lägrouwe waren a Betrib vu 1750 bis 1986. Héichbetrib war do an de fréien 1920ger. D’Awunner goufen do an zu Aasselbuer ‘Läekëpperte’ genannt. D’Anlag krut den Henry Ford Präis 1995/96 fir Natur- an Ëmweltschutz. Bis 1839 war Rombech mam haitege belsche Martelange eng Uertschaft. Mä dunn huet déi historesch drëtt Deelung vu Lëtzebuerg Maarteleng gespléckt; Post, Kierch a Kierfech leie säithier an der Belsch. 1842 koum dann eise klengen Deel Rombech mat Wolwen an d’Gemeng Pärel. 1843 gouf op Uerder vu ‘commissaires démarcateurs pour raisons de mesurage‘ en Deel vum Tuermdaach ofmontéiert. Wéi mir dann emol als Grand-Duché hollandais bezeechent goufe, soten Grenzbewunner vun der belscher Säit vun eiser ‘Doiwwer am Hollänneschen’. Mä mir haten zwou Grouwen an si nëmmen eng. Rombech-Maarteleng koum 1979 mat Pärel an enger Rei aanren Dierfer duerch Fusioun an d’Rammerecher Gemeng. D’Grenzmaarken hunn hei d’Nummer 166 an 167. D’Leit aus zwee lëtzebuergeschen Haiser tëscht de Maarken 164 an 167 kruten no der Deelung libre passage, an d‘Entrée a Sortie vu Läen war tëscht dem Grand-Duché an der belscher Province de Luxembourg zollfräi. (Buch ‘Grenzmaarken‘, J.Goergen)

D’nei Grenzligne duerch d’Maison rouge hat e wäisse Strech um Buedem vum Restaurant markéiert. (D‘Fermeture vu béiden Deeler war zu verschiddnen Zäiten a komplizéiert, an Drëppe ware just op lëtzebuerger Säit erlaabt...) Finalement housch et 1844 am Memorial «pour résoudre le problème la frontière a été déplacée»… d.h. op annerhallwe km gouf d'N4 d’Grenz! Ee schwaachen Trouscht... well si Terrain ‘uni depuis près d’un millénaire’ brutal getrennt huet. D’Suite: Holz krut 1843 eng Douane-brigade a Maarteleng-Rombech war tëscht 1890 an 1953 Terminus vum Jangeli. (D’Grenz gouf do dann där vum Volleksmond ëmgedeefte Schmuelspuerbunn hir Bréck.) De klengen Uertsdeel Uewermaarteleng läit op 400 m Héicht an huet 23 Awunner – an ‘op Roumicht‘ (wéi Rombech lokal heescht) mat sengen 221 Leit touchéiert d'Uewersauer. Dës huet hei 31 wallounesch km hanneru sech. An hirem Dall louch tëscht dem Grenzuert an Esch/Sauer ni eng Uertschaft - wat de Stausee vereinfacht hat. Mä Grumelange, Suré a Maartel haten ewell am 14. a 15. Jh eng “Walkmillen“. E flotte Plaidoyer fir d’Lä ‘(am Buch ‘Top Secret 2‘) nennt d‘bis 170 m déif Stollen mat permanent 7 Grad „atemberaubend“ an erzielt, dass de Mëttelalter Läendiech Palasten a Kathedrale virbehale sollt. Schiefer gouf zu Uewermaarteleng bis 1956, an zu Rombech bis 1986 ofgebaut. Haut schwieft en Hauch Melancholie iwwer der Industriebrooch, déi am Joer 2003 Staatsbesetz gouf. E mysteriéisen Draach existéiert do just a räiche Phantasien, rar Heespréngerzorten wéi d‘‘Blauflügelige Ödlandschrecke‘ an d’gefleckt ‘Keulenschrecke‘ fille sech Spezialisten no do wuel! - Den 49-Minutte-Film “Bloe Steen“ vum Tom Alesch dokumentéiert d'lëtzebuerger Schieferindustrie.

D’renovéiert Kierch Saint-Martin vum belsche Maartel entstoung 1899 no Pläng vum Areler Architekt Vande Wijngaert. Fir de Bau goufen 200 Meterkipp Steng vu Mäerzeg erbäi bruecht! (Dëser waren iwwer Baaschtnech eraus gefrot.) De Kierchechouer datéiert vun 1722. D‘Stroosseschëlt donieft ass zweesproocheg: rue de l’église - Um Fockeknapp. Ënner eelere Schrëfte verréit e Prozessakt 1671 vum Geriichtshaff vu Martlingen, dass seng ‘Inwohner‘ 1649 iwwerfall oder gefaange goufen. An dass kuerz virdrun de Marquis de Créqui zwee Deeg do residéiert hat a seng Arméi all Schof, Schwäin, Kéih, Kälwer a Päerd matgeholl hat (..an och souguer d’Hénger.) Näischt geholl, mä bruecht hat de Generol Patton op dem klore kale Chrëschtdag 1944, bei -6 Grad! Hie koum an aller Herrgottsfréi aus der Stad d’Frontdivisioune besichen, seng éischt Visite war zu Maarteleng, an ‘t gouf Christmas-Turkey-Sandwiche fir d’Frontzaldoten.

Un d‘Maartlenger Katastroph vum 21.8. 1967, Kiermesméindesmëttes, gëtt ëmmer nees grenziwwerschreident erënnert. An der Descente vu Baaschtnech haten d’Bremse vun engem franséische Camion voll Flësseggas versot. En ass an d’Bréck gerannt an explodéiert. (Den traurege Bilan: 22 Doudelueden, 23 Verletzter a 15 verbrannten Haiser.) - Eng extra Mass hat Enn Juni 2007 zu Wolwen den Uewermaarteler Open-Air-Theater ageleed. Am “Schieferpoopst” haten op historesche Kulisse vun de Grouwen an dem Fräiliichtmusée iwwer 100 Akteuren e groussen Optrëtt. Gelueft gouf dobäi de “Frënn vun der Lee“ hiren Asaz fir den 8 ha groussen eemolege Museumskomplex, deen d'Schieferindustrie sur place erëmspigelt. - Erwähnenswäertes nach: De jéngste ‘bourgmestre de Belgique’ Franz Clement (vu Maartel), krut 1998 fir seng Aktiounen ‘en faveur de la citoyenneté active de "Prix du Civisme" vu Bréissel. D’Buch ‘Au centre de l’Europe, liens et lieux’ iwwer d’Groussregioun reproduzéiert eng Vue au coin des trois frontières vun deem Engagéierte senger Fënster aus. D' vum Alain Poncelet gemoolte Bild weist en Hunn, en Hirsch an e Léif héich iwwerëm grénggetéinte Grenzuert. D’Voie de la Liberté, (d’Strooss tëscht der Normandie an dem Baaschtnecher ‘Mardasson’) encadréieren hei masseg Geschäfter. Eng Wuertanalyse vu «maarten» liwwert den Dicks ‘Deen net maart bezillt richteg’ (am Bezug op ‘handelen’) oder ‘t soll een net maarte wann een net kaafe wëllt.’ A ‘Sidd dir vu Maarteleng’ goufe fréier déi gefrot, déi ëmmer krempele wollten!

P.S.: D‘Route Arel-Baaschtnech léisst sech wäit zréckverfolgen. Déi al Handelsstrooss iwwer de Gotthardpass (an d’Däiwelsbréck iwwer d'Reuss) hat eng besser Nord-Süd Verbindung tëscht Italien, dem Brabant a Flanderen erméiglecht. Lëtzebuerg sollt dovu profitéieren a fir Fernhandel interessant ginn. D’Lampartesch Strooss, déi Foiren a Mäert virun 1300 usteiere sollt, ass wahrscheinlech identesch mat hir (.. a mat där ëm 1245 ernimmte vu Sierck via Lëtzebuerg op Maarteleng.) Hir Basis däerft e Réimerwee tëscht dem Elsass a Flanderen gewiescht sinn. Dass d’Häre Malget hei 1919 en zweeten Tumulus fonnt, a Leit 1842 Réimermënzen entdeckt hate, verwonnert keen. Ofschléissend versetzen dem Georges Hausemer seng Zeilen aus „Luxemburger Grenzgänge“ eis zréck an d’Aktualitéit. Se nennen dem ABC no typesches vu Roumicht… “Autos, Ampeln, Bremsen, Lärm, Lastwagen, Kreisel, (Schieferanlagen nach der nächsten Kurve), Schilderwald, Souvenirläden, Tankstellen und Zebrastreifen". Martelé bedeit am Musekerjargon: kuerz, ‘gehämmert’, energesch Spillart. An Måtlindje – sou heescht Maartel op wallounesch.